Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Anthony Fauci gouf net vum US-Militär verhaft

1271b332fd57722c11bcb0ef9dd3ccbb

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An de sozialen Netzwierker mécht eng Rumeur d’Ronn, dass den Anthony Fauci verhaft an zum Doud verurteelt gouf. Dës Rumeur léisst sech awer séier widderleeën.

“Spezialunitéite verhaften den Dr. Anthony Fauci” (“Special Forces Arrest Deep State Dr. Anthony Fauci”), heescht et am Titel vum Artikel, deen den 10. Abrëll 2022 op Real Raw News publizéiert gouf. Real Raw News ass e Site, deen dorop besteet, datt seng Artikelen “Humor, Parodie a Satire” enthalen. Allerdéngs ass de Label net op der Story-Säit ze fannen a fréier Stories, dës mat abezunn, hu User esou duerchernee gemaach, dass si se fir eescht geholl a gedeelt hunn.

RTL Screenshot of a Facebook post taken on April 21, 2022

Eng weider Story, déi den 20. Abrëll publizéiert gouf, behaapt: “Militär verurteelt de Fauci zum Doud duerch Erhänken!” (“Military Sentences Fauci to Hang!”)

Real Raw News huet schonn änlech Falschmeldungen, déi vun der AFP opgedeckt goufen, verbreet, dorënner d’Verhaftung vum fréieren New Yorker Gouverneur Andrew Cuomo a vum  fréiere Justizminister Bill Barr duerch d’US-Militär.

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie Ufank 2020 ass de Fauci, den Direkter vum National Institute of Allergy and Infectious Diseases (NIAID), d’Gesiicht vun der Reaktioun vun der US-Regierung op d’Gesondheetskris an ëmmer nees Zil vu Falschmeldungen, wéi och vu Menacen a Belästegungen.

E Spriecher vun der NIAID sot, d’Behaaptung, dass d’US-Militär de Fauci verhaft hätt, wär “eng Erfindung”.

An de Pentagon sot, d’Geschicht wär “komplett falsch. Eng total a komplett Erfindung a Mëssbrauch vum Wuert Noriichten.”

Souwuel Vertrieder vun der NIAID wéi och Militär hu confirméiert, dass déi aner Behaaptung, den Immunolog wär “zum Doud duerch Erhänke verurteelt” ginn, falsch ass.

De Fauci gouf den 10. Abrëll vun ABC News iwwer d’Hausse vun de Covid-19-Fäll an de Vereenegte Staaten interviewt, een Dag no senger presuméierter Verhaftung. Hie war och den 11. Abrëll bei MSNBC opgetrueden.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.