Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: BBC-Reporter war an enger geféierlecher Situatioun an der Ukrain

Faktencheck: BBC-Reporter war an enger geféierlecher Situatioun an der Ukrain - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Mäerz 2022 huet de BBC-Journalist Jeremy Bowen aus der ukrainescher Stad Irpin bericht, wärend Mënsche vun der Plaz viru russeschem Beschoss fortgelaf sinn. Am Netz heescht et zu engem Screenshot vu sengem Fernseereportage, deen de Bowen um Buedem weist, d’Situatioun wär iwwerdriwwen duergestallt oder souguer eng Täuschung.

Dausenden hunn de Screenshot vum BBC-Journalist op Facebook (hei, hei, hei, hei) gedeelt. Och op Twitter hu sech d’Behaaptungen zu deem Bild verbreet an iwwer honnertdausend Leit hu se op Telegram gesinn.

D’Behaaptung: “E BBC-Reporter rapportéiert heldenhaft ‘aus dem Schützegruef’, wärend eng schockéiert Fra aus engem aneren noe ‘Gruef’ net versteet, wat grad geschitt”, heescht et iwwert de Screenshot vum BBC-Journalist op Facebook. A verschiddene Bäiträg gëtt souguer vun enger Täuschung geschwat. Verschidde User maachen de Geck, d’Fra kéim vum Maart, wärend de Reporter sech virum Beschoss schütze géif. Anerer schwätze vun enger “schauspillerescher Leeschtung”.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 11.10.2022

D’Bäiträg, déi online gedeelt goufen, notzen eng Collage u Screenshots, déi de Journalist mat Mikro, Helm a Sécherheetswest weisen, op där d’Opschrëft “Press” ze erkennen ass. Hie kuckt a Richtung Kamera, wärend hie säitlech um Buedem läit. Am Hannergrond beobacht eng Fra d’Situatioun, wärend si zwou Tuten an den Hänn hält.

D’Biller stamen aus engem Bericht vum brittesche Fernseesender BBC a si just e puer Wochen nom Ufank vun der russescher Attack op d’Ukrain am Februar 2022 entstanen. Am Kontext vun der russescher Invasioun ginn am Internet ëmmer nees Behaaptunge verbreet, no deene westlech Medien d’Evenementer an der Ukrain just inzenéiere géifen (hei, hei, hei). D’AFP sammelt Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain.

Bericht ass wärend Beschoss zu Irpin entstanen

Eng ëmgedréint Billersich vun de Screenshots, déi am Internet gedeelt ginn, huet d’AFP zu engem Artikel vum Jeremy Bowen an der brittescher Dageszeitung “The Times” vum 20. Mäerz 2022 gefouert. E weist déi selwecht Foto mat der Billerzeil: “Jeremy Bowen geet zu Irpin an Deckung, wéi d’Stad ugegraff gëtt.”

Den Jeremy Bowen ass internationale Journalist bei BBC News. Virdru war hie fir de brittesche Sender am Noen Osten täteg a verfüügt iwwer ëmfangräich Erfarung als Krichsreporter.

Am Artikel vun der “Times” beschreift de Bowen seng Erfarunge wärend dem Reportage aus der Ukrain, speziell aus der Stad Irpin, ongeféier 25 Kilometer nordwestlech vu Kiew. Zum Bild vun Irpin erkläert de Bowen: “Granaten, déi ze no aschloen, fir se ze ignoréieren, maache wärend e puer Sekonnen en zischend Geräisch, éier se explodéieren. Et läit an der Natur vum Mënsch, ze versichen, aus dem Wee ze goen, an déi eenzeg Méiglechkeet, dat séier ze maachen, ass, sech op de Buedem ze leeën.” Dowéinst hätt de Bowen de Reportage am Leie gemaach, wärend vu béide Säiten openee geschoss gouf.

Eng Sich no Stéchwierder no dësem Clip féiert zu engem Video, deen de 6. Mäerz 2022 um YouTube-Kanal vun der BBC mam Titel “Grausam Zeenen am Kampf ëm Kiew: Familljen op der Flucht viru russescher Attack ëmbruecht – BBC News” verëffentlecht gouf.

Am Extrait vun 1:59 Minutten un ass och d’Zeen mam Bowen an der Fra am Hannergrond ze gesinn. De Bowen erkläert doran: “Et gëtt ganz vill Beschoss, Artilleriefeier, dat op eis duerkënnt. Et si vill Zivilisten an der Géigend.” D’Zeen géif de Rand vun der Stad weisen, bis un deen déi russesch Zaldoten erukomm wären.

An deem Extrait ass och ze erkennen, dass d’Fra am Hannergrond och an Deckung geet, éier si sech kuerz duerno weider beweegt. Am Hannergrond ass staarke Beschoss ze héieren.

RTL Screenshot des BBC-Berichts auf Youtube: 07.10.2022

Bowen beschreift Virwërf am Internet als béiswëlleg

Op Ufro vun der AFP huet den Jeremy Bowen de 6. Oktober 2022 confirméiert, hien hätt Kenntnis vun de Behaaptungen a sozialen Netzwierker, no deenen d’Zeen gestallt wär, wärend d’Fra am Hannergrond angeeblech just hir Akeef transportéiere géif. “Dës Behaaptung ass eng béisaarteg Fantasie”, huet de Bowen an enger E-Mail un d’AFP geschriwwen.

“Ech hunn zanter 1989 méi wéi 20 Kricher verfollegt a war dacks ënner Beschoss. Ech géif soen, dass dëst Gebitt mat ville Brécken ënner schwéierem Beschoss stoung. Wéi ech a mengem Bäitrag erkläert hunn, war et net sécher, ob se och op Zivilisten zile géifen (obwuel dat d’Resultat war), well aktiv Geschützstellungen e puer honnert Meter fort am Bësch louchen”, huet de Bowen erkläert.

D’Opnam entstoung no vun enger zerstéierter Bréck, déi aus der Stad eraus véiert, déi och am Bäitrag ze gesinn ass. “Iwwer d’Situatioun un der Bréck gouf dacks bericht, warscheinlech vun all Journalist zu Kiew, och wann net jidderee bei d’Bréck goung”, huet de Bowen erkläert.

RTL Menschen überqueren am 5. März 2022 eine zerstörte Brücke in Irpin während die Stadt wegen schwerem Beschuss evakuiert wird. ( AFP / ARIS MESSINIS)

“D’Wouerecht ass, dass ech mech op der Pente um Wee bei d’Bréck befonnt hunn, déi zu dësem Zäitpunkt warscheinlech 50 oder 100 Meter fort war. D’Leit, déi eriwwerkoumen, hu sech lues beweegt, ware midd an traumatiséiert”, huet de Bowen der AFP erkläert. “Mir koume bei der Bréck un, wéi de Beschoss kuerz nogelooss hat. Wéi mir do waren, huet de Beschoss nees ugefaangen a gouf méi staark.”

De Bowen huet d’Behaaptunge ronderëm de Bericht och op Twitter dementéiert:

Zu Irpin gouf et Ufank Mäerz 2022 hefteg Kämpf

Wéi déi russesch Arméi de 24. Februar 2022 an d’Ukrain agefall war, hunn déi russesch Zaldote versicht, déi ukrainesch Haaptstad Kiew anzekreesen. Ufank Mäerz 2022 huet d’Bevëlkerung vun der Stad Irpin ugefaangen, iwwer déi zerstéiert Bréck a Richtung Kiew ze flüchten. Dësen AFP-Bericht weist Opname vun der Evakuéierung vum 5. Mäerz 2022:

D’Bréck, bei där d’Opnamen entstane sinn, läit um Floss Irpin – Floss a Stad hunn de selwechten Numm – tëscht der Stad Irpin an dem Duerf Romaniwka:

Fir d’Iwwerpréiwung vun der Plaz, wou d’Fotoe gemaach goufen, huet d’AFP d’Foto aus den Online-Bäiträg mat eegenem Material verglach. D’AFP-Foto, déi hei benotzt gouf, weist der Beschreiwung no Mënsche beim Iwwertriede vun der zerstéierter Bréck wärend der Evakuéierung vun Irpin de 6. Mäerz 2022. Elementer, déi iwwerenee stëmmen, sinn am follgende Bild rout markéiert – déi zerstéiert Bréck an eng rout Reklamm:

RTL Vergleich des BBC-Fotos mit Jeremy Bowen (links) und des AFP-Fotos von Daphne Rousseau vom 6. März 2022 (rechts)

Bei der Flucht aus Irpin sinn de 6. Mäerz 2022 aacht Mënschen duerch russesche Beschoss ëm d’Liewe komm.

“Wärend ville Stonnen huet déi russesch Arméi de 6. Mäerz eng Kräizung bombardéiert, déi vun honnerten Ziviliste fir d’Flucht virun der russescher Arméi, déi ëmmer aus dem nërdleche Kiew méi no koum, genotzt gouf”, huet d’Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch (HRW) den 8. Mäerz 2022 erkläert.

RTL Screenshot einer Karte von Human Rights Watch vom 6. März 2022

Virum a wärend dem Ugrëff hätten Zeie gesinn, dass iwwer eng laang Zäit vill Zivilisten iwwer déi zerstéiert Bréck gelaf wären, fir iwwer de Floss Irpin ze kommen. “D’Mënschen hu sech dann op der Kräizung versammelt, fir a Busser oder Autoen eranzeklammen, déi an den Zentrum vu Kiew gefuer sinn, oder si weidergaangen”, huet HRW geschriwwen.

D’Situatioun zu Irpin gouf och de 7. Mäerz 2022 an enger Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot verurteelt. Och Satellittebiller vun der Bréck weisen d’Zerstéierung vum Gebitt ronderëm d’Bréck.

Fazit: Nee, de BBC-Bericht vum Jeremy Bowen vun Irpin war net gestallt. D’Bewunner vun der Stad sinn zu deem Zäitpunkt viru russeschem Beschoss geflücht, deen och am Originalvideo ze héieren ass. Eng Fra, déi am Hannergrond vum Bäitrag ze gesinn ass, geet och kuerz an Deckung. Dësen Extrait gouf an de Bäiträg, déi online ënnerwee sinn, net gewisen.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.