Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Den Ausbroch vun Afepouken huet näischt mat engem Corona-Impfstoff ze dinn

e469f33739d19efac2ac5d18f1ac5e97

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Zënter Mëtt Mee trieden ëmmer méi Fäll vun Afepouke bei Mënschen op. Am Internet diskutéieren User doriwwer, ob e Corona-Vaccin fir dësen aussergewéinlechen Ausbroch responsabel kéint sinn.

Enn Mee hunn Honnerte User op Facebook en Zesummenhang tëscht der klammender Zuel vun Infektioune mat Afepouken an enger Impfung mam Corona-Impfstoff vun AstraZeneca hiergestallt. Och op Telegram hunn iwwer zéngdausend Persounen d’Behaaptung gesinn. Userinnen a User änlech Behaaptungen ënner anerem och op Franséisch, Spuenesch, Griichesch, Ungaresch oder Bulgaresch propagéiert.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 31.05.2022

D’Bäiträg goufe publizéiert, nodeems am Fréijoer 2022 en Ausbroch vun Afepouken observéiert gi war. Bis de 26. Mee goufen der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) “insgesamt 257 am Labo confirméiert Fäll an ongeféier 120 Verdachtsfäll gemellt”. Bis zu deem Moment wäre keng Doudesfäll am Zesummenhang mat der Krankheet gemellt ginn. Dem Robert-Koch-Institut (RKI) no goufen an Däitschland bis den 31. Mee 33 Fäll vun Afepouke gemellt. Anescht wéi bei fréiere Fäll wären déi Concernéiert virdrun net an afrikanesch Länner gereest, an deenen de Virus endemesch ass, also an deenen d’Krankheet scho méi laang optrëtt.

Den Donnéeë vun der WHO no verréngere sech d’Symptomer vun den Afepouke wéi Féiwer oder Hautausschlag an der Reegel no e puer Woche vu selwen, Doudesfäll si seelen. De Virus gëtt duerch enke Kontakt mat enger infizéierter Persoun, engem infizéierten Déier oder duerch mam Virus kontaminéiert Material iwwerdroen. Et gëtt kee spezifescht Medikament géint Afepouken, awer eng Impfung géint Pouken huet sech bei der Virbeugung als zu 85 Prozent wierksam erwisen, sou d’WHO.

Op d’Fro, ob et en Zesummenhang tëscht dem Adenovirus vu Schimpansen, deen am Corona-Impfstoff vun AstraZeneca benotzt gëtt, an den Afepouke gi kéint, sot de Yannick Simonin, Virolog op der franséischer Universitéit Montpellier, deen op Viren, déi nei optrieden, spezialiséiert ass, der AFP de 25. Mee: “Et ass onméiglech, dass dat stëmmt.” Hien huet op de groussen Ënnerscheed tëscht de virale Geenomsequenze vu béide Viren higewisen: “D’Ënnerscheeder tëscht béide Vire si sou grouss wéi déi tëscht enger Seejomes an engem Nashorn.

Den Adenovirus vu Schimpanse vun AstraZenca ass harmlos

De Corona-Impfstoff vun AstraZeneca enthält de Produktinformatiounen no “Adenovirus vu Schimpansen, deen de SARS-CoV-2-Spike-Glykoprotein kodéiert”.

Dobäi handelt et sech der Universitéit Oxford no, déi un der Entwécklung vum Impfstoff bedeelegt war, ëm en “harmlosen, ofgeschwächten” Adenovirus, dee bei Schimpansen (Mënschenafen ënnerscheede sech vun aneren Afen) normalerweis Erkältungskrankheeten ausléist. E wär allerdéngs geneetesch esou verännert ginn, dass e sech beim Mënsch net reproduzéiere kéint. De modifizéierten Adenovirus wär esou ugepasst, dass en d’Spike-Proteinne vu SARS-CoV-2, dem Virus, dee Covid-19 ausléist, produzéiere géif, soudass de kierpereegenen Immunsystem léiere kann, dës ze erkennen a sech sou op eng richteg Infektioun preparéiert.

RTL Wie der Impfstoff von Astrazeneca mit angepassten Viren die körpereigene Immunreaktion gegen SARS-CoV-2 aktiviert.

Der Universitéit Oxford no gouf den Impfstoff vun AstraZeneca “als déi am bescht gëeegent Impfstofftechnologie fir e SARS-CoV-2-Impfstoff ausgewielt, well ee bei den aneren Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis noweislech eng staark Äntwert vum Immunsystem ervirrifft”. Weider heescht et: “Adenoviral Vektoren vu Schimpanse sinn e ganz gutt ënnersichten Impfstofftyp, dee scho bei Dausende vu Probande sécher agesat gouf.”

D’Teresa Lambe, Professorin fir Vaccinologie an Immunologie op der Universitéit Oxford a wichtege Member vun der Oxford-Ekipp, déi sech mat engem Covid-19-Impfstoff beschäftegt huet, huet de 26. Mee géintiwwer der AFP erkläert, dass den “am Impfstoff benotzten Adenovirus vu Schimpansen AZD1222 geneetesch esou verännert ginn ass, dass et onméiglech ass, en am Mënsch ze reproduzéieren.”

Afepouke gehéieren zu enger anerer Virefamill

Den Afepoukevirus ass en zoonotesche Virus, e gëtt also vun Déieren op de Mënsch iwwerdroen. D’Symptomer änelen deene vu Patiente mat Pouken, sinn awer klinesch manner schwéier, erkläert den Europäeschen Zenter fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) op senger Websäit. De Virus gehéiert zur Kategorie vun den Orthopoxviren aus der Famill vun de Poukeviren.

Déi am Corona-Impfstoff vun AstraZeneca benotzte Viren gehéieren zu enger anerer geneetescher Famill, den Adenoviren.

“Et gëtt kee Grond unzehuelen, dass dësen Ausbroch vun Afepouke mat Impfstoffer zesummenhänkt”, sot den David Heymann, Professer fir Epidemiologie vun Infektiounskrankheeten op der London School of Hygiene and Tropical Medicine (LSHTM), de 25. Mee der AFP.

“Afepouke sinn en DNA-Virus, deen zur Famill vun den Orthopouke gehéiert”, sot den Heymann, deen och Ausbréch vun Afepouke beim Mënsch an Zentral- a Westafrika ënnersicht huet. Et wär “e ganz stabille Virus, deen net mutéiert – a wann dach, da just ganz wéineg.”

Op d’Fro, ob et plausibel wär, dass den Adenovirus vu Schimpansen, dee vun AstraZeneca benotzt gëtt, zum Virus fir Afepouke mutéiert wär, äntwert d’Teresa Lambe änlech däitlech: “Et handelt sech ëm zwee komplett verschidde Virustyppen, soudass et net méiglech ass, dass sech den Adenovirus an en Afepoukevirus verwandelt.”

“Adenoviren hunn eng aner Gréisst a Struktur [wéi Poukeviren], a si befalen aner Zellen an aner Parasitten”, ergänzt de Yannick Simonin.

Trotz dem Numm geet een dovun aus, dass d’Afepouken net vu Primate stamen, déi och dorun erkranke kënnen. Den Numm kënnt dohier, dass d’Krankheet 1958 entdeckt gouf, wéi zwee Ausbréch vun enger poukenänlecher Krankheet an Afekolonien opgetruede sinn, déi fir Fuerschungszwecker genotzt goufen, huet déi amerikanesch Gesondheetsagence CDC erkläert. De spezifeschen zoologesche Reservoir fir Afepouke wär nach ëmmer onbekannt.

“Änlech wéi Mënsche gëllen Afen als Iwwerdroer vu Krankheeten”, schreift den ECDC. “E puer Indicen deiten dorop hin, dass einheimesch afrikanesch Nagedéiere wéi déi gambesch Riserat a Kaweechelcher en natierleche Reservoir vum Virus si kéinten.”

Op senger Websäit weist dat nationaalt medezinescht Fuerschungsinstitut Inserm aus Frankräich “d’Rumeuren a Falschinformatiounen” iwwer e méiglechen Zesummenhang tëscht Afepouken a Corona-Impfstoffer zeréck. “Dës Verbindung ass absolut onbegrënnt, well éischtens ass dëse Virus [Afepouken] net spezifesch fir Afen (e kënnt souguer éischter bei aneren Aarte vir, besonnesch bei Nagedéieren). Zum aneren, well en zur Famill vun de Poukeviren an net zu den Adenoviren gehéiert.”

Aner Impfstoffer géint Corona, wéi déi, déi vun Johnson & Johnson oder Sputnik hiergestallt ginn, benotzen och Adenoviren, fir eng Immunreaktioun géint SARS-CoV-2 ervirzeruffen. Se benotzen awer keng Adenovire vu Schimpansen, mä mënschlech Adenoviren.

Fazit: Et ass falsch, dass eng Komponent vum Corona-Impfstoff vun AstraZeneca den aktuellen Ausbroch vun Afepouken ausgeléist huet. Expertinnen an Experten hunn dat géintiwwer der AFP ausgeschloss. De vun AstraZeneca benotzten Adenovirus vu Schimpansen ass ee komplett anere wéi deen, deen d’Afepouken ausléist.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.