Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Diskussioun, ob Mierjongfrae wierklech existéieren, gëtt duerch TikTok-Video nei ugestëppelt

Faktencheck: Diskussioun, ob Mierjongfrae wierklech existéieren, gëtt duerch TikTok-Video nei ugestëppelt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E virale Video op TikTok weist en Extrait aus enger Moiessendung op der südafrikanescher Tëlee, déi Reklamm fir eng Emissioun mécht, déi angeeblech d’Existenz vu Mierjongfrae confirméiert. Wärend verschidden User dat net gleewe kënnen an och zum Ausdrock bruecht hunn, huelen anerer et fir boer Mënz.

De Video gouf méi wéi 84.000 Mol gekuckt, zënter dem en den 20. September op engem TikTok-Account mam Numm “The AfroFuturist” verëffentlecht gouf.

RTL Screenshot showing the false TikTok post, taken on October 3, 2022

Den Account huet zwee weider Videoe publizéiert, déi de selwechten Inhalt deelen, awer ouni weidere Kontext oder Hannergrond.

De Video weist en Extrait aus der Sendung Expresso Morning, déi vun der South African Broadcasting Corporation (SABC) produzéiert gëtt.

“Dës Erkenntnesser wäerte Iech wierklech erstaunen”, seet de Moderator bei der Aleedung vun engem Dokumentarfilm vun Animal Planet mam Titel “Mermaids: The new evidence”.

Den Extrait enthält verschidde Clips, déi angeeblech echt Mierjongfrae weisen. Engem Erzieler no handelt et sech dobäi ëm “Opnamen aus dem Joer 2013… dem éischte Gesi vun eppes, dat wéi en aquateschen Humanoid ausgesäit.”

“Den SABC-Moderator erzielt den Zuschauer spéider, dass Archeologen a Südafrika Fossilien ausgegruewen hunn, déi “der wëssenschaftlecher Vernonft fërmlech widderspriechen” an “déi éischt konkreet Beweiser fir d’Existenz vun aquateschen Humanoiden” ze si schéngen.

“Dat ass sou reell, wéi et nëmme geet. Dat ass eng richteg Entdeckung. Mir erfannen dat net”, füügt hien dobäi.

Verschidden TikTok-Notzer schéngen ze gleewen, dass d’Filmmaterial echt war.

“Dat ass fantastesch! Dat iwwerrascht mech iwwerhaapt net! Et gëtt méi Waasser wéi Land op der Äerd a sou vill Deeler an der Déift sinn nach net vum Mënsch beréiert oder erfuerscht ginn”, schreift een Notzer den 30. September 2022.

“Ech hu meng éischt Mierjongfra viru 26 Joer virun der Küst vun NC gesinn. Ech si frou, dass et elo Beweiser gëtt an ech weess, dass ech net verréckt sinn”, sot een aneren.

Änlech Kommentare goufen um YouTube-Kanal vun Expresso Morning hannerlooss.

“Eng revolutionär Entdeckung – wuel eng vun de gréissten aus de leschten honnert Joer – kéint endlech d’Fro klären, ob aquatesch Humanoiden, ëmgangssproochlech Mierjongfrae genannt, iwwerhaapt existéieren” heescht et an der Beschreiwung vum Clip, deen den 2. Abrëll 2014 eropgeluede gouf, ouni weider Informatiounen.

Gefälschten Documentaire vun Animal Planet

Op der Sich nom Stéchwuert ” Mierjongfra-Dokumentarfilm” huet d’Ekipp vum AFP-Faktencheck d’Clips aus dem TikTok-Video zu engem Animal Planet-Film aus dem Joer 2013 zeréckverfollegt, deen angeeblech d’Existenz vu Mierjongfrae beweise sollt.

RTL A screenshot from the fake 2013 Animal Planet documentary, taken on October 3, 2022

RTL A screenshot from the false TikTok video matching footage from the documentary, taken on October 3, 2022

Obwuel den Dokumentarfilm sengerzäit wäitgoend als “Schwindel” a “falschen Dokumentarfilm” bezeechent gouf, zirkuléiert de Video ëmmer nach als Beweis dofir, dass Hybriden aus Fësch a Mënsch reell sinn.

Am Joer 2015 sot Discovery Channel, d’Mammegesellschaft vun Animal Planet, dass si keng fiktional Dokumentarfilmer méi produzéiere géif. Dat war d’Reaktioun op erhieflech Kriticken zu engem anere gefälschten Dokumentarfilm, Megalodon: The Monster Shark, deen ugedeit hat, dass den 100 Fouss groussen Hai, dee säit méi wéi enger Millioun Joren ausgestuerwen ass, vun den Nazie gesi gouf.

Gefälscht Dokumentarfilmer mat Schauspiller, déi Wëssenschaftler verkierperen, Theorien iwwer Vertuschunge vu Regierungen a Géigenerklärungen, déi schwéier ze fanne sinn, kënne staark Instrumenter fir Desinformatioun sinn.

Abrëllsgeck

Eng Sich no Stéchwierder huet dëse Bäitrag fonnt, dee vun Expresso Morning gedeelt gouf, an deem gefrot gouf, ob d’Zuschauer “vun eiser Mierjongfra-Geschicht gëschter um 1. Abrëll getäuscht goufen”, de selwechten Dag, un deem si de Video op hirem YouTube-Kanal gedeelt hunn.

D’AFP huet eng änlech Behaaptung iwwer eng Mierjongfra am August opgedeckt.

D’National Oceanic and Atmospheric Administration, eng US-amerikanesch Wëssenschafts- a Reguléierungsagence, huet ëmmer nees betount erkläert, dass “bis elo keen Hiweis vun aquateschen Humanoide fonnt gouf.”

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.