Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dramatiséiere Wiederkaarte de Klimawandel?

Faktencheck: Dramatiséiere Wiederkaarte de Klimawandel? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Klimawandel ass besonnesch a waarme Summeren oder bei extreeme Wiederphenomener e beléifte Sujet. Mä fixéiere sech d’Medien ze staark op dëse Sujet oder ass et richteg, sech domat auseneen ze setzen?

“Mir si vun engem normale Summer mat Temperature bis zu 36 Grad zu engem apokalyptesche Summer mat Temperature vu bis zu 32 Grad iwwergaangen”. Dat behaapten Internetnotzer an diverse Bäiträg, déi e puer honnert Mol op Facebook a VKontakte gedeelt goufen.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook réalisée le 26/07/2022

RTL Capture d'écran d'une publication VKontakte, réalisée le 26/07/2022

Änlech Behaaptunge goufen an englescher, däitscher an norwegescher Sprooch verëffentlecht.

Déi éischt Kaart aus dem Joer 2009 weist viru gréngem Hannergrond Temperature vu 27 bis 36 Grad an Däitschland. Déi zweet, déi anscheinend aus dem Joer 2019 datéiert, weist op roudem Hannergrond méi niddreg Temperaturen tëscht 20 a 34 Grad Celsius am selwechte Gebitt.

Déi drëtt Kaart géif souguer sou wäit goen, déi héich Temperature mat Feierbäll am Hannergrond duerzestellen.

Déi zwou éischt Kaarte weisen net dat selwecht

Déi zwou éischt Kaarte stamen aus enger däitscher Owendsendung – der Tagesschau -, déi op der däitscher Tëlee (ARD) diffuséiert gouf.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook réalisée le 26/07/2022

Awer de Sender huet säi Faarfcode an de leschten 10 Joer net vu Gréng op Rout changéiert, fir änlech Temperaturen ze weisen, sou wéi et an de Publikatioune behaapt gëtt. De roude Kaartenhannergrond ass schonn an enger Sendung vum 1. Juni 1999 (ab 15min25) ze gesinn, fir Temperature vun 20 bis 30 Grad duerzestellen.

RTL Capture d'écran de l'émission Tagesschau du 1er juin 1999, réalisée le 26/07/2022

Virun allem weise béid Kaarten net dat selwecht. Schonn de 5. Juni 2019 war d’Redaktioun vun der Tagesschau op dës Fro an engem Faktencheck agaangen, als Äntwert op d’Virwërf vu Manipulatioun.

D’Kaart mam gréngen Hannergrond weist Previsioune fir déi nächst dräi Deeg. Se weist net just d’Temperaturen, mä och den Niveau vum Nidderschlag a vun der Sonnenastralung. Fir d’Lektür ze vereinfachen, preziséiert d’Tagesschau, dass “dës Informatioune mat enger neutraler Kaart duergestallt ginn.”

D’Kaart op roudem Hannergrond ass eng Previsioun fir Temperaturen. D’Intensitéit vum Rout (vun donkel bis hell) variéiert jee no Prognos fir d’Temperatur, wéi op der Websäit vun der Tagesschau erkläert gëtt.

Fir niddreg Temperature benotzt de Journal Blotéin, wärend e mat Gréng oder Giel mëll oder waarm Temperaturen uweist. Hei drënner e Beispill aus dem Februar 2022.

RTL Capture d'écran du JT du 20 février 2022

Wann een en Extrait vun der Emissioun aus dem Joer 2009 (d’Meteoprevisioun fänkt bei 14min15 un) oder 2010 (d’Meteoprevisioun fänkt bei 14min36 un) kuckt, kann een erkennen, dass de Sender schonn deemools béid Formater benotzt huet: Eng Wiederkaart op gréngem Hannergrond, fir d’Wieder fir déi nächst Deeg duerzestellen, an eng aner Kaart op roudem Hannergrond, wann d’Temperaturen héich waren.

Aus de follgende Kaarte vum 15. Juli 2010 geet ervir, dass béid Typpen duerchaus de selwechten Dag diffuséiert konnte ginn.

RTL Capture d'écran de l'émission Taggesschau du 15 juillet 2010, disponible sur Youtube, réalisée le 26/07/2022

RTL Capture d'écran de l'émission Taggesschau du 15 juillet 2010, disponible sur Youtube, réalisée le 26/07/2022

Drëtt Kaart ass manipuléiert

Déi drëtt Kaart staamt aus enger anerer däitscher Fernseesendung – “RTL Aktuell” -, wéi een um Logo “Wetter.de” ënne lénks am Bild erkenne kann. Dës manipuléiert Versioun ass op d’mannst säit Juli 2020 an de sozialen Netzwierker am Ëmlaf.

RTL Capture d'écran de la publication Facebook, réalisée le 26/07/2022

Déi däitsch Presseagence DPA hat d’Originalversioun vun der Kaart schonn am Joer 2021 fonnt. Se war op d’mannst säit dem 23. August 2019 an de sozialen Netzwierker zirkuléiert. D’Michelle Wilbois, Pressespriecherin vun “RTL Atkuell”, gouf den 21. Juli 2022 vun der AFP kontaktéiert an huet behaapt, “dat Bild gouf manipuléiert.”

“RTL huet zu kengem Zäitpunkt Grafike vu Feier fir d’Duerstellung vu Meteoprevisioune benotzt”, sot si. Si huet der AFP och en Auszuch aus der Originalsendung “vum 22. August 2019” (riets) zur Verfügung gestallt.

RTL Comparaison entre l'extrait des prévisions météorologiques du 22 août 2019 diffusé sur “RTL Aktuell” à droite, et la version manipulée à gauche.

D’Summere ginn ëmmer méi waarm

Och wann net all d’extreem Wiederphenomeener op de Klimawandel zeréckgeféiert kënne ginn, ginn d’Summeren an Europa ëmmer méi waarm, wéi de Verglach vun den Temperaturschwankungen an Europa an de leschte Jore weist.

An enger gemeinsamer Auswäertung aus dem Summer 2020, hunn déi meteorologesch Instituter an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz festgestallt, dass “de Summer an der Schwäiz, Däitschland an Éisträich zënter den 1990er Jore massiv méi waarm ginn ass.” Well Hëtztwelle méi heefeg a méi laang ginn, heescht et an der Auswäertung: “Wat fréier en extreem waarme Summer war, ass elo e mëlle Summer.”

Sou ass d’Hausse vun Hëtztwellen, wéi se am Summer 2022 iwwer wäiten Deel vu Westeuropa koum oder Indien am Mäerz/Abrëll vum selwechte Joer heemgesicht huet, ouni Zweiwel en Zeeche vum Klimawandel, erklären d’Wëssenschaftler.

“All Hëtztwell, déi mir kennen, fält wéinst dem vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel méi waarm aus an trëtt méi dacks op”, resuméiert d’Friederike Otto vum Grantham Institute um Imperial College zu London.

“Dat ass reng Physik: Mir wësse wéi sech d’Moleküller vun den Zäregase verhalen, mir wëssen, dass et méi an der Atmosphär gëtt, dass d’Atmosphär sech erwiermt, wat bedeit, dass mir mat méi heefegen a méi waarmen Hëtztwellen a manner heefegen a méi mëlle Kalgebidder rechne kënnen”, huet d’Spezialistin fir d”Zouschreiwe” vun extreeme Wiederphenomeener op de Klimawandel bei engem Online-Briefing gesot.

RTL Graphique AFP publié le 27 juin 2022 montrant les épisodes rendus plus intenses par le changement climatique en 2021

An dat ass nach net de Schluss. Den Experte vun der UNO no hätten extreem Hëtztwellen am Verglach zum virindustriellen Zäitalter schonn eng 4,1 Mol méi héich “Warscheinlechkeet”, bei enger duerchschnëttlecher globaler Erwiermung vu +1,5°C opzetrieden. Dëst éiergäizegt Zil steet am Paräisser Klimaofkommes vun 2015.

Bei +2°C wäre se 5,6 Mol méi warscheinlech a bei +4°C léich d’Warscheinlechkeet bei 9,4. Fir nach méi intensiv a méi seelen Temperatur-Héichpunkter klammen d’Wäerter op 8,6 Mol méi héich, wann et 1,5 Grad méi waarm gëtt, op 13,9 Mol bei +2°C an … 39,2 Mol bei +4°C. Säit der industrieller Revolutioun ass déi global Temperatur ëm ongeféier 1,2°C geklommen, an der UNO no géifen déi därzäiteg Verflichtunge vun de Staaten – wa se dann agehale ginn – zu enger “katastrophaler” Erwiermung vu +2,7°C féieren.

Den Zyklus vum Klima huet sech duerchaus scho grondleeënd verännert, wéi de Matthieu Sorel, Klimatolog bei Météo-France, feststellt. Hie seet, dass d’Hëtztwellen, déi sech am Land vervillfache wäerten – dëst Joer gouf et der schonn zwou -, ouni d’Auswierkunge vum Klimawandel ëm 1,5 bis 3°C méi kleng ausfale géifen. “Mir beweegen eis op ëmmer méi waarm Summeren zou, an deene 35°C normal a 40°C reegelméisseg erreecht ginn.”

Scho Mëtt Juli goufen zwou manipuléiert Kaarten, déi beweise sollen, dass d’Medie mat Absicht virun der Hëtztwell “Angscht” maache wollten, vun der AFP iwwerpréift, an deem Experten d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung confirméiert hunn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.