Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsch Behaaptungen iwwer d’Attack vum 6. Januar op d’US-Kapitol

Faktencheck: Falsch Behaaptungen iwwer d'Attack vum 6. Januar op d'US-Kapitol - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass d’Spriecherin vum US-amerikanesche Representantenhaus Nancy Pelosi d’Attack vum 6. Januar 2021 op d’Kapitol “inzenéiert” hätt, andeem se Sécherheetsënnerstëtzung ofgeleent an e Kamerateam engagéiert hätt, fir hir Reaktioun op den Ausbroch vun der Gewalt opzehuelen.

“Dass d’Pelosi hir Duechter engagéiert, fir dass eng Filmcrew Jan6 filmt, beweist, dass dësen Dag vun de Lénken inzenéiert a geplangt gouf, fir et dem Trump a senge Supporteren unzehänken”, steet et an engem Bäitrag vum 14. Oktober 2022 op Gettr geschriwwen, enger Social-Media-Plattform fir Konservativer. Dëse Bäitrag gouf och op Instagram gedeelt.

RTL Screenshot from Instagram taken October 18, 2022 ( Instagram)

Änlech Bäiträg, déi d’Pelosi fir d’Onroue verantwortlech maachen, goufen an de sozialen Netzwierker propagéiertdorënner waren de konservativen Aktivist Jack Posobiec an den Donald Trump Jr, deem eelste Jong vum deemolege President Donald Trump. Béid hu behaapt, d’Pelosi hätt eng Demande vum Trump fir zousätzlech Ënnerstëtzung vun der Nationalgard ofgeleent.

“D’Nancy Pelosi leent also dem Trump seng Doleance fir méi Presenz vun der Nationalgard de 6. Januar of an huet gläichzäiteg eng Filmcrew fir Dokumentarfilmer an hirem Büro, wou een hir schlecht Duerstellung vu Stäerkt héiere kann”, huet de méi jonken Trump geschriwwen. “Ech si sécher, ech wäert als Konspiratiounstheoretiker duergestallt ginn, well ech mengen, dass dat keen Zoufall ass!”

An engem anere Bäitrag sot hien zousätzlech: “Konspiratiounstheoretiker si just Mënschen, déi eng Situatioun richteg erkenne kënnen.”

RTL Screenshot from Truth Social taken October 18, 2022 ( Truth Social)

RTL Screenshot from Twitter taken October 18, 2022

D’Uschëllegunge koumen no der néngter Unhéierung vun der Parlamentskommissioun, déi sech mat der Attack vum 6. Januar befaasst, an där d’Kommissioun nei Opname vum Pelosi an dem Chef vun den Demokraten am Senat, dem Chuck Schumer, ausgestraalt huet, wéi si verschidde Regierungsbeamten ugeruff hunn, fir beim Beschütze vum Kapitol ze hëllefen.

RTL Video on screen shows Majority Leader Chuck Schumer and House Speaker Nancy Pelosi making calls from a secure location on January 6, 2021, during the US House Select Committee hearing to Investigate the January 6 Attack on the US Capitol, on Capitol Hill in Washington, DC, on October 13, 2022 ( POOL / Jabin Botsford)

De Video gouf vum Alexandra Pelosi, der Duechter vun der Spriecherin an eng Realisatrice vun Dokumentarfilmer, déi schonn eng Rei Documentairë fir HBO produzéiert huet, opgeholl.

Mee d’Pelosi huet d’Attack net inzenéiert, bei dem e Mob vun Trump-Supporteren d’Barrièrë virum Kapitol duerchgebrach, d’Police attackéiert, Fënsterscheiwen zerstéiert haten an an d’Gebai agedronge war, well si versicht haten, d’Zertifikatioun vun de Presidentewalen 2020 ze stoppen, bei deenen den Joe Biden als Gewënner ervirgoung.

D’Welt krut dës Zeremonie live op der Tëlee mat, genee wéi d’Parlamentarier, déi wärend den Onroue gezwonge waren, hir Plenarsäll ze verloossen. Ongeféier 140 Poliziste goufe beim Beschütze vum Kapitol ugegraff. Eng Partie vun dëse Polizisten hu bei der ëffentlecher Unhéierung iwwer d’Attack ausgesot.

Bis de 6. Oktober goufen dem US-Justizministère no méi wéi 880 Mënschen a Bezuch op de 6. Januar festgeholl. Méi wéi 400 hu sech schëlleg bekannt.

Dréiaarbechte fir en Documentaire

Den Drew Hammill, de stellvertriedende Stabschef vum Nancy Pelosi, sot der AFP, dass d’Behaaptungen, d’Spriecherin hätt fir eng Filmcrew bezuelt, “domm” an “erfonnt” wären.

“D’Spriecherin huet hir Duechter net engagéiert”, huet den Hammill an enger E-Mail geschriwwen. “D’Alexandra huet de Video mat hirer eegener Handkamera gemaach. Et war keng Crew do.”

CNN krut zousätzlecht Material vum Alexandra Pelosi an HBO, engem Schwësternetzwierk. Wéi de Video an der Sendung vum CNN-Moderator Anderson Cooper e puer Stonnen no der Unhéierung vum 13. Oktober an der Kommissioun ausgestraalt gouf, sot hien, e wär “Deel vun engem Documentaire”, un deem d’Alexandra Pelosi säit Jore schaffe géif.”

“Si war bei hirer Mamm an hirer Famill, fir festzehalen, wéi eng friddlech Iwwergab vu politescher Muecht oflafe sollt, en Dag, deen dëst Land vu sou villen aneren ënnerscheet, dunn awer alles anescht koum”, sot de Cooper.

Op Froe vun der AFP huet d’Alexandra Pelosi net geäntwert a sot, si kéint keng Behaaptung iwwer d’Inzenéierung vun der Attack eescht huelen.

Aner Bäiträg a sozialen Netzwierker behaapten, dass d’Nancy Pelosi d’Telefonater gefälscht hätt, déi an den Opname vun hirer Duechter opgeholl goufen, well de Bildschierm vun hirem Handy op engem Punkt ausgeschalt ze si schéngt. Den Hammill sot, d’Pelosi huet an deem Moment en iPhone benotzt – de komplette Video vun der Zeen weist, wéi si urifft, éier de Bildschierm schwaarz gëtt. Esou Apparater verfügen an der Reegel iwwer e “Proximitéitssensor“, eng agebaut Funktioun, déi Batterie spuert an den Uruffer dorun hënnert, beim Schwätzen duerch e Mëssel op Tasten ze drécken.

RTL Screenshot from Twitter taken October 18, 2022 ( Twitter)

D’Pelosi huet d’Nationalgard net rejetéiert

Wat hiert perséinlecht Verhale betrëfft, sou huet d’Pelosi keen Uerder vum President Trump, zousätzlech Membere vun der Nationalgard als Schutz virum Kapitol ze autoriséieren, ofgeleent, wéi dem Trump seng Alliéiert zënter Méint insistéieren. Si wär dozou och net ermächtegt gewiescht; d’Nationalgard vu Washington DC “ënnersteet just dem President”, sou hir Websäit.

“Déi eenzeg Regierungsbeamten, déi berechtegt sinn, Membere vun der Nationalgard ze aktivéieren, sinn de President vun de Vereenegte Staaten, de Verdeedegungsminister, e Gouverneur an e Generaladjutant vun engem Bundesstaat”, sot den Dwight Stirling, Grënner a Gerant vum Center of Law and Military Policy, engem Think Tank.

“Wann de President d’Nationalgard bei d’US-Kapitol rifft, huet kee Kongressbeamten déi unilateral Berechtegung, dëse Service ofzeleenen”, huet d’Jane L. Campbell, Presidentin a Gerante vun der gemengnëtzeger US Capitol Historical Society, matgedeelt. “Ausserdeem gëtt et keng Beweiser, dass d’Spriecherin Pelosi dëst versicht hätt.”

De Paul Irving, de Policechef zum Zäitpunkt vun der Attack, sot am Joer 2021 aus, dass hie sech eréischt de 6. Januar mat der Leedung vum Kongress iwwer d’Demande fir weider Ënnerstëtzung vun der Nationalgard beroden hätt. D’Filmmaterial vun der Alexandra Pelosi, dat kierzlech verëffentlecht gouf, weist d’Nancy Pelosi an de Schumer, wéi si mat Kongressmemberen a federalen a staatleche Fonctionnairen – dorënner och den deemolege Gouverneur vu Virginia Ralph Northam – iwwer d’Schécke vu Verstäerkung duerch d’Nationalgard bei d’Kapitol schwätzen.

“Mir brauchen elo eng vollstänneg Komponent vun der Nationalgard”, gesäit een de Schumer an engem Telefonsgespréich mam deemolegen Arméisminister Ryan McCarthy soen.

Den Hammill sot och: “D’Spriecherin gouf bis de 6. Januar net iwwer eng Demande fir d’Nationalgard informéiert, wéi d’Leit schonn an d’Kapitol agedronge waren.”

Déi falsch Behaaptung, d’Pelosi hätt d’Ënnerstëtzung vun der Nationalgard blockéiert, schéngt op Äusserungen zeréckzegoen, déi den deemolege Verdeedegungsminister faisant fonction Christopher Miller gemaach hat an déi public goufen, wéi de Miller mat engem Reporter vu VanityFair an de leschten Deeg vun der Trump-Regierung geschwat hat. De Miller sot, den Trump hätt virum 6. Januar d’Iddi verbreet, 10.000 Zaldote vun der Nationalgard beim Kapitol ze benéidegen, awer de Miller sot dem Reporter, hien hätt et deemools als en “iwwerdriwwenen” Akt vum deemolege President Trump gesinn. De Miller sot dem Parlamentarier am Mee 2021 och, dass den Trump an engem Telefonsgespréich, dat keng 30 Sekonne gedauert huet, gesot hätt, dass et zu “kenger Ausbreedung” komm wär.

Mee an enger Opzeechnung vum  Interview, dat d’Untersuchungskommissioun am Juli 2022 op Twitter gepost huet, sot de Miller, souwäit et direkt Befeeler gouf, “et gouf kee Befeel vum President” virum 6. Januar, fir 10.000 Zaldote bei d’Kapitol ze schécken.

Souwuel de Miller wéi de McCarthy sote bei anere Geleeënheeten, dass de Verdeedegungsministère zwar d’Fuerderung vun der Buergermeeschtesch vu Washington, der Madamm Muriel Bowser, no 340 net-arméierten Zaldote fir de Verkéier an déi grouss Usammlung u Mënschen ze kontrolléieren, accordéiert hätt, awer keng weider Revendicatioune fir d’Nationalgard gestallt hätt.

D’AFP huet och aner Falschinformatiounen zur Attack vum 6. Januar iwwerpréift, déi hei ze fanne sinn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.