Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsche Reportage vun der BBC iwwer Massaker op der Gare zu Kramatorsk am Ëmlaf

Faktencheck: Falsche Reportage vun der BBC iwwer Massaker op der Gare zu Kramatorsk am Ëmlaf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Westlech Medie ginn zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ëmmer nees mat falsche Reportagen an hirem Numm viséiert. Rezent war d’BBC wéinst der Attack op d’Gare zu Kramatorsk betraff.

“Déi brittesch BBC huet d’Wouerecht iwwer d’Tochka-U-Rakéit reveléiert, déi Kramatorsk getraff huet”, heescht et a verschiddene Publikatiounen, dorënner och an engem Video, deen d’BBC-Grafik weist.

Dem presuméierte Reportage vum brittesche Sender no géif “Seriennummer vun der Tochka-U-Rakéit”, déi d’Gare vu Kramatorsk bei der Attack vum 8. Abrëll getraff an op d’mannst 57 Mënschen d’Liewe kascht huet, dorënner eng Partie Kanner, confirméieren, dass se der Ukrain gehéiert.

Dee selwechte Modell soll vun der ukrainescher Arméi benotzt gi sinn, fir “d’Stied Khartsyzsk, Logvinovo, Berdjansk a Melitopol” ze viséieren, heescht et am Video weider.

En enthält nach weider Behaaptungen: Soubal d’Seriennummer vun der Rakéit an de sozialen Netzwierker publizéiert gi wär, hätten “déi ukrainesch Medien opgehalen, doriwwer ze berichten”; “Militärexperten [hätten] dorop bestanen, dass d’Ukrain Desinformatiounscampagnen als Propaganda bedreift.”

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 15 avril 2022

Aner Publikatioune gräifen d’Aussoe vum Video op, andeems se en zitéieren, ouni awer de Clip selwer ze deelen (1, 2, 3…). Verschiddener füge souguer dobäi, dass “de Westen de Reportage iwwer d’Tragedie vu Kramatorsk nom Reportage vun der BBC iwwer d’Bedeelegung vun ukraineschen Zaldoten un der Attack op d’Gare agestallt huet.”.

Am Ganze goufen dës Publikatiounen zënter dem 13. Abrëll a Westafrika verbreet an de Video gouf och an anere Sprooche verbreet, dorënner Däitsch, Slowakesch an Hollännesch.

Der brittescher Dageszeitung The Guardian no goufe se och vun der staatlecher russescher Tëlee diffuséiert.

Dementi vun der BBC

E puer Stonnen, nodeems de Video online war, huet d’BBC en Tweet op hirem zertifiéierten Account publizéiert, an deem si dorop opmierksam gemaach huet, dass am Internet e “gefälschte Video mat der Corporate Identity vu BBC News” zirkuléiert, deen d’Uschëllegung vun der Attack op Kramatorsk fir d’Ukrain confirméiert.

“Mir bieden Iech, en net ze deelen an d’Artikelen op der BBC-Websäit ze liesen”, heescht et weider.


De virale Video, deen d’AFP iwwerpréift huet, ass an den offizielle sozialen Netzwierker vun der BBC an op hirer Websäit net ze fannen.

De Massaker vu Kramatorsk huet eng Well vu Verurteelungen aus der westlecher Welt ausgeléist, mee Moskau streit all Responsabilitéit of a beschëllegt Kiew, d’Attack “organiséiert” ze hunn, fir “d’Bewunner vun der Stad dorun ze hënneren, d’Stad ze verloossen, fir si als mënschlech Schutzschëlter ze benotzen.”

Den 8. Abrëll war d’Rakéit géint 10.30 Auer ageschloen, zu enger Zäit, wéi sech d’Leit, déi evakuéiert sollte ginn, zu Honnerten op der Gare versammelt haten, fir aus dem Donbass ze flüchten, well den Donbass dat primordiaalt Zil vun der russescher Arméi war. D’AFP-Reporter hunn op d’mannst 30 Läichen a Läichesäck oder op Brëtsche gesinn.

D’Trottoire ware voll mat Blutt, verloosse Wallissen, Plüschdéieren a Liewensmëttel louchen op de Quaien. Um Parvis waren ëmmer nach Reschter vun enger Rakéit ze gesinn: “Fir eis Kanner” stoung op Russesch drop. En Ausdrock vu russesche Separatisten, deen ëmmer erëm opkënnt, a Bezuch op hir Kanner, déi zënter dem éischten Donbass-Krich am Joer 2014 ëm d’Liewe koumen.

Siichtbar Indicen

Doriwwer eraus gëtt et divers visuell Indicen am virale Video, déi eng Falschinformatioun erkenne loossen, virun allem wann een e mat deene vergläicht, déi de brittesche Sender op Twitter publizéiert huet.

De gefälschte Video fänkt mat schockéierenden, onzenséierte Biller un, déi Dosenden doudeg Kierper a Bluttspuere weisen. Et gëtt keng Virwarnung, dass déi Fotoe schockéierend wierke kënnen, wärend an de BBC-Videoen, an deenen d’Biller gewise ginn, den Internetnotzer an der Reegel duerch e rouden Hannergrond mat de Wierder “Oppassen, schockant Biller” opmierksam gemaach gëtt:

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 15 avril 2022

RTL Capture d'écran d'une vidéo publiée par la BBC sur Twitter, réalisée le 14 avril 2022

Weiderhin ännert sech am Video, dee fälschlecherweis dem Sender zougeuerdent ass, déi rout Linn, déi laanscht den Text ugewise gëtt, ni hir Gréisst (ënne rout), egal wéi laang se ass; se passt sech nämlech un (a verkierzt, z.B. hei drënner a gréng).

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisé le 15 avril 2022

RTL Capture d'écran d'une vidéo publiée par la BBC sur Twitter, réalisée le 15 avril 2022

Eng Partie aner Indicen, wéi d’Schreifweis vum Numm vum ukrainesche President – “Zelenskyy” am virale Video, dat d’AFP zum Beispill an der 54. Sekonn iwwerpréift huet, “Zelensky” am richtege BBC-Stil – oder d’Feele vun den dräi klenge Punkten, fir d’Sätz ze verbannen, déi an zwou Hallschente gedeelt sinn an an zwou Etappen erschéngen.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook réalisée le 15 avril 2022

RTL Capture d'écran d'une vidéo de la BBC publiée sur Twitter, réalisée le 15 avril 2022

Falsch Behaaptunge viséiere westlech Medien

D’BBC huet hirersäits probéiert, d’Plaz ze ermëttelen, vu wou aus d’Rakéit op d’Gare vu Kramatorsk ofgeschoss gouf, mee bis elo ass et hir net gelongen, de geneeë Standuert ze bestëmmen.

Am Géigesaz dozou goufen déi russesch Uschëllegungen, de Massaker vu Butscha, 25 Kilometer nordwestlech vu Kiew, inzenéiert ze hunn, duerch d’Enquêtë vun internationale Medien, virun allem vun der New York Times, awer och vun der BBC an der AFP, widderluecht.

De Video, deen d’AFP iwwerpréift huet, ass Deel vun enger Rei vu falsche Behaaptungen, déi zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain géint westlech Medie geriicht goufen. Den US-Sender CNN gouf beispillsweis e puer Mol beschëllegt, falsch Biller vum Krich an der Ukrain ze verbreeden – Behaaptungen, déi vun der AFP hei, hei an hei iwwerpréift goufen.

Ufank Mäerz war och eng gefälscht Titelsäit vum Time Magazine, déi de Putin als Hitler duergestallt huet, an de sozialen Netzwierker zirkuléiert.

En italieenesche Fernseesender huet déi selwecht Experienz gemaach. Him gouf virgehäit, eng Foto aus engem amerikanesche Film ze benotzen, fir d’Flucht vun den Awunner vu Kiew virun der russescher Invasioun duerzestellen. D’Bild, déi meeschtgelies Boulevardzeitung an Däitschland, krut de béise Fanger gewisen, well se wuel d’Foto vun enger Gasexplosioun a Russland benotzt hätt, fir d’Konsequenze vun der Bombardéierung an der Ukrain ze weisen.

En trafiquéierte Screenshot vum franséische Fernseesender France24, an deem behaapt gëtt, de gabunesche President Ali Bongo hätt erkläert, hie wéilt “Russland ugräifen”, war och Géigestand vun enger Partie Publikatiounen an de sozialen Netzwierker.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.