Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falschen Elon-Musk-Account behaapt, vun Twitter gespaart ginn ze sinn

Faktencheck: Falschen Elon-Musk-Account behaapt, vun Twitter gespaart ginn ze sinn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Abrëll 2022 hat den Elon Musk annoncéiert, Twitter kafen ze wëllen. Am Juli huet hie matgedeelt, dass hien dat net méi wéilt. No dëser Annonce koum et zu ville falsche Behaaptungen an de sozialen Netzwierker.

De Screenshot, deen anscheinend de gespaarten Account vum Musk weist, gouf an dësem Facebook-Post vum 11. Juli 2022 gedeelt.

RTL

D’Behaaptung huet ugefaangen online ze zirkuléieren, nodeems de Musk ugekënnegt hat, dass hien aus sengem 44-Milliarden-Dollar-Deal, fir Twitter ze kafen, erausklamme géif.

D’Tech-Entreprise huet zënterhier eng Klo am US-Bundesstaat Delaware agereecht, fir dass d’Geriicht de Milliardär uweist, den Deal ofzeschléissen, wéi d’AFP matgedeelt huet.

Mä de 15. Juli huet de Musk d’Geriicht gefrot, d’Offer ofzeleenen an eng Demande gestallt, fir de Prozess wéinst der Komplexitéit vun der Affär op dat nächst Joer ze verréckelen.

De Bäitrag gouf a ville Länner e puer honnert Mol op Facebook gedeelt, dorënner och Malaysia, Mexiko a Marokko (hei, hei an hei). E gouf och an den USA an a Südafrika op Twitter gedeelt.

Kommentaren op d’Bäiträg weisen, dass verschidde Leit duerch dës Behaaptung irritéiert goufen. Een Notzer huet geschriwwen: “Twitter ass brutal.” Een anere sot: “Ech wosst, dass dat geschéie géif.”

De Screenshot weist awer e falsche Kont. Den Duercherneen schéngt vun der Typografie vum falschen Twitter-Kont ze kommen.

Den Account, deen an der Behaaptung zirkuléiert, huet de klengen “l” duerch e groussen “i” ersat, fir dem Musk säin offiziellen Twitter-Handle @elonmusk ze replikéieren.

Den 19. Juli war dem Musk säin Twitter-Account aktiv ass och hei ze fannen.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach tëscht dem Fake-Account (lénks) an dem echten Account vum Musk (riets):

RTL A comparison of the imposter Twitter account (left) with Elon Musk's genuine account (right) ( AFP / )

Dem Musk seng Timeline weist, dass hien den 11. Juli getwittert huet – de selwechten Dag, op deem vill vun den ierféierende Bäiträg opgedaucht sinn. Hien huet och rezent de 15. an 18. Juli getwittert.

Archivéiert Links vum Musk sengem Twitter-Account – hei an hei op der Wayback Machine ze gesinn – weisen, dass hie konstant aktiv war, zënter den 8. Juli bericht gouf, dass hien aus dem Multi-Milliarden-Dollar-Deal erausklamme wëll.

Déi selwecht Feelinformatioune goufen och vu Reuters an der Associated Press opgedeckt.

D’AFP huet och aner Behaaptungen, déi net korrekt waren, iwwer de Musk opgedeckt (hei, hei an hei).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.