Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Foto vu Bauereprotester an Holland gouf schonn 2019 gemaach

Faktencheck: Foto vu Bauereprotester an Holland gouf schonn 2019 gemaach - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An Holland koum et Ufank Juli wéinst neien Oplagen an der Landwirtschaft zu Protester. Am Internet hu User eng Foto verbreet, déi déi aktuell Protester weise soll.

Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn déi angeeblech aktuell Foto vun de Protester op Facebook gedeelt. Wann och Dir am Internet op Falschinformatioune stousse sollt, kënnt Dir Iech per WhatsApp un d’Faktencheck-Redaktioun vun der AFP adresséieren.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 05.07.2022

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Opname vu Protester a Stroosseblockaden an Holland iwwerpréift (hei, hei). Wéi och an dësem Fall goufen dobäi vereelzt Fotoe benotzt, fir aktuell Protester ze illustréieren.

Foto gouf schonn 2019 gemaach

Iwwer eng ëmgekéiert Billersich léisst sech déi elo verbreete Foto a verschiddenen Online-Publikatiounen aus dem Joer 2019 erëmfannen (hei, hei, hei). Dozou heescht et ënner anerem, d’Foto géif Bauereprotester an Holland weisen. Ausléiser wäre streng Norme fir Stéckstoffemissioune gewiescht.

Eng bal identesch Foto fënnt sech och op der Websäit vu Shutterstock, engem Ubidder vu Fotoen, erëm. Als Auteur gëtt do d’European Pressphoto Agency (EPA) souwéi déi spuenesch Noriichtenagence EFE uginn. Souwuel bei Shutterstock wéi och op der EPA-Websäit gëtt d’Foto op de 16. Oktober 2019 datéiert. Opgeholl gouf se vum Fotograf Robin van Lonkhuijsen am hollänneschen De Bilt.

Unhand vun enger Rei Opfällegkeeten am Bild léisst sech erkennen, dass et sech ëm eng Opnam vun der selwechter Situatioun handelt. Sou ass um lénken ënneschte Bord eng Persounegrupp ze erkennen. Ee vun de Mënschen huet eng orange Warnschutzjackett un, nieft him sti véier weider Persounen, zwee a schwaarzen Uewerdeeler, een a Rout, een a Gro. Opfälleg ass och den Auto, deen op der lénker Fuerbunn virun den Traktere geparkt ass, de rouden Trakter, deen op der Wiss an der Mëtt tëscht gréngen Traktere steet, souwéi d’Fierwung vun de Lafbeem.

RTL Screenshot der EPA-Website (links) sowie der Facebook-Beitrag (rechts) im Vergleich: 05.07.2022

An der Beschreiwung vum Bild heescht et op der EPA-Säit a bei Shutterstock: “Agriculteure blockéieren d’Strooss mat Trakteren, wéi si sech de 16. Oktober 2019 an der Géigend vum Gebai vum Nationalen Institut fir ëffentlech Gesondheet an Ëmwelt (RIVM) zu De Bilt, Holland, versammelen, fir vun der Regierung eng Aussetzung vun de Virschrëfte fir Stéckstoff ze fuerderen. Si wären angeeblech Affer dovun.”

Am Oktober 2019 hunn eng Partie Bauereprotester an Holland e Verkéierschaos ausgeléist. Am Sträit ëm d’Grenzwäerter vu Stéckstoff, dee sech weider gezunn huet, hunn d’Baueren och 2020 beispillsweis Zoufaartsstroossen a Richtung Den Haag blockéiert. Et koum zu Stauen vun honnerte Kilometer Längt.

Eng Rei Artikelen (hei, hei, hei, hei) hunn deemools d’Hannergrënn vun de Protester am Hierscht 2019 an Holland erkläert: D’Agriculteuren hunn am ganze Land géint Ëmweltoplage vun der hollännescher Regierung fir d’Senkung vun de Stéckstoffemissioune protestéiert, deen d’Déierenhaltung beispillsweis duerch Piff verursaacht. Fir d’Emissiounen ze senken, gouf dohier eng Reduzéierung vun de Véibestänn an d’Gespréich bruecht. Déi Protestéierend hu sech awer ze eesäiteg fir déi héich Stéckstoffemissioune verantwortlech gemaach gesinn.

Den RIVM huet betreffend de Protest vum 16. Oktober 2019 nach de selwechten Dag eng Reaktioun publizéiert. Doran heescht et, den RIVM géif mam Agrarsecteur zesummeschaffen, fir Wëssen iwwer d’Stéckstoffwäerter an hiren Afloss op d’Natur an Holland zesummenzedroen. Den Institut hätt d’Zweiwel an d’Kritik vun den Demonstranten zur Kenntnis geholl.

Firwat gëtt aktuell demonstréiert?

Och aktuell protestéieren d’Baueren an Holland nees géint d’Oplage fir Stéckstoff vun der Regierung. Sou gi Blockade bei Supermarchéen organiséiert. Och Stroosse ginn op en Neits blockéiert, wéi déi hollännesch Police de 4. Juli 2022 op Twitter matgedeelt huet. Am Kader vun de Protester haten Demonstranten Enn Juni eng Policebarriär virum Haus vun der hollännescher Ëmweltministesch Christianne van der Wal-Zeggelink duerchbrach.

Ausléiser ass op en Neits eng Ukënnegung vun der hollännescher Regierung vu Mëtt Juni 2022, no där Stéckstoffemissioune bis 2030 däitlech reduzéiert misste ginn. Och d’AFP huet bericht, dass Holland plange géif d’Fräisetzung vu Stéckstoffer an 131 Schlësselregioune ëm bis zu 70 Prozent ze reduzéieren, fir d’Klimaziler vum Land bis zum Joer 2030 ze erreechen. Holland zielt zu den héchsten “Prodzente”vun Zäregasen an Europa, fir e Groussdeel vun de Gase wären Träpp vu Béischte verantwortlech. Den hollännesche Premierminister Mark Rutte huet op enger Pressekonferenz erkläert, d’Regierung wär sech den enormen Auswierkunge fir d’Bauerinnen an d’Bauere bewosst. “De Secteur wäert sech veränneren, awer leider gëtt et keng Wiel. Mir mussen d’Stéckstoffemissiounen eroffueren”, huet de Rutte erkläert.

Fazit: Déi aktuell gedeelte Foto staamt vun hollännesche Bauereprotester aus dem Joer 2019, net vun 2022. Allerdéngs demonstréieren och aktuell Agriculteuren an Holland géint Pläng vun der Regierung fir d’Stéckstoffemissiounen ze reduzéieren. Déierenhaltung gëtt och fir e groussen Undeel vun de Gase verantwortlech gemaach.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.