Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Huet d’Meghan Markle de Look vun der Prinzessin Diana kopéiert?

Faktencheck: Huet d'Meghan Markle de Look vun der Prinzessin Diana kopéiert? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An de sozialen Netzwierker si Fotoe vun der Duchess of Sussex zirkuléiert, déi hir Kleedung nom Doud vun der Queen mat der Tenue vun hirer verstuerwener Schwéiermamm vergläichen. Dës Fotoe sinn awer aus dem Kontext gerappt.

“Leit soen, d’Meghan wär eng schlecht Persoun wéinst deem”, heescht et an engem Tweet vum 12. September 2022. Mengt nach een aneren “Sech fir e Begriefnes wéi déi verstuerwe Mamm vun dengem Mann unzedoen, ass komesch?”

De Bäitrag huet och eng Fotomontage vum Meghan Markle an der Diana Spencer am schwaarze Kleed a mat schwaarzem Hutt. Änlech Tweets hunn nom Doud vun der Queen, den 8. September 2022, fir Dausende Likes a Shares bannent puer Deeg op Twitter gesuergt.

“Ech si wéinst dësem Niveau vu Klengkaréiertheet hei”, steet an engem aneren Tweet vum 12. September mam Hashtag #QueenElizabeth.

RTL Screenshot of a tweet taken September 20, 2022

RTL Screenshot of a tweet taken September 20, 2022

Déi Side-by-Side-Biller zirkuléieren och op Instagram a Facebook.

Eng ëmgedréint Billersich weist awer, dass d’Foto vum Meghan Markle wärend dem Rememberance Day den 11. November 2019 geschoss gouf, wéi op der AFP-Foto ze gesinn ass.

RTL From left to right: Britain's Sophie, Countess of Wessex, Britain's Meghan, Duchess of Sussex, and Vice Admiral Timothy Laurence attend the Remembrance Sunday ceremony in London, on November 10, 2019 ( AFP / Daniel Leal)

D’Foto vun der Diana Spencer, déi 1997 bei engem Autosaccident ëm d’Liewe koum, gouf och um Rememberance Day opgeholl, mee am Joer 1991.

D’Jessica Storoschuk, Historikerin an Autorin vu Blogs iwwer déi brittesch Kinneksfamill, sot der AFP, dass d’Diana an d’Meghan béid eng Mounblumm droen, “fir Veteranen an déijéineg ze éieren”, déi aus dem Éischte Weltkrich “net zeréckkomm sinn.”

“A Groussbritannien, Kanada an anere Länner géif een dat direkt am Zesummenhang mam Rememberance Day verstoen”, sot si.

D’Brooke Newman, Historikerin fir dat zäitgeschichtlecht Britannien an déi kinneklech Famill op der Virginia Commonwealth University, flicht deem bäi.

“Andeem béid Fraen e schlichte schwaarze Rimmmantel mat enger eenzeger Mounblumm ugedoen hunn, hu si versicht, de Schwéierpunkt vu sech selwer ofzelenken an de Fokus op de feierlechen Ulass ze lenken: d’Gedenken un de Joresdag vum Waffestëllstand vun 1918”, sot d’Newman.

Aner kinneklech Frae goufen an enger änlecher Tenue op verschiddene Rememberance Days fotograféiert. Ënnen ass e Bild vun der Prinzessin Catherine, déi am Joer 2021 e schwaarzt Kleed mat enger Mounblumm unhuet.

RTL Catherine, then-Duchess of Cambridge, attends the Remembrance Sunday ceremony at the Cenotaph on Whitehall in central London, on November 14, 2021

Fir d’Begriefnes vun der Kinnigin Elizabeth II., dat den 19. September stattfonnt huet, hate béid Frae vun der kinneklecher Famill dat un, “wat ee vun hinnen erwaart huet”, sot d’Storoschuk: e schwaarzt Kleed oder e Mantel bis bei d’Knéien oder méi laang, mat schwaarzem Hutt an e schwaarze Collant.

D’Meghan Markle ass bei verschiddenen ëffentlechen Zeremonien a Schwaarz opgetrueden, fir der Kinnigin Äddi ze soen.

RTL Meghan, Duchess of Sussex arrives at the Committal Service for Britain's Queen Elizabeth II in St George's Chapel inside Windsor Castle on September 19, 2022 ( POOL / AFP / Kirsty O'Connor)

RTL Meghan, Duchess of Sussex pays her respects inside Westminster Hall, at the Palace of Westminster, where the coffin of Queen Elizabeth II will lie in state on September 14, 2022 ( POOL / AFP / Alkis Konstantinidis)

Den 10. September waren och d’Bouwe vum Kinnek Charles III., William an Harry, zesumme mat hire Fraen, ëffentlech opgetrueden, fir de Leit viru Windsor Castle Moien ze soen, wéi op der Foto ënnen ze gesinn ass.

RTL From L-R: Britain's Catherine, Princess of Wales, Britain's Prince William, Prince of Wales, Britain's Prince Harry, Duke of Sussex, and Meghan, Duchess of Sussex, are pictured at Windsor Castle on September 10, 2022, before meeting well-wishers ( POOL / AFP / Chris Jackson)

Den Harry a seng Fra sti säit Ufank 2020 ënner intensiver medialer Beobachtung, wéi si hir kinneklech Flichten néiergeluecht haten an op Los Angeles geplënnert waren. Den Interview vun der Koppel mam Oprah Winfrey am Mäerz 2021 souwéi hir lukrativ Kontrakter mat Streaming-Plattforme wéi Spotify an AppleTV hunn dës Opmierksamkeet nach méi gesteigert.

D’Newman sot, dass déi Bäiträg, déi online zirkuléieren, besonnesch dem Meghan Markle hire Stil a Choix u Kleeder am An hunn.

“Membere vun der kinneklecher Famill, besonnesch Fraen, sinn enger intensiver medialer Opmierksamkeet ausgesat a passen dohier ganz gutt op hir Kleedung an hir Bijouen op”, sot si. “Als eenzeg Persoun mat afrikanescher Ofstamung, déi mat engem Member vun der kinneklecher Famill bestuet ass, ass d’Meghan mat engem Ausmooss un negativer Kritik iwwer hire Kleedungsstil konfrontéiert gewiescht, wéi nach kee virun hir. Egal wéi gutt si hir Tenuen auswielt.”

D’AFP huet nach aner falsch Behaaptungen nom Doud vun der brittescher Kinnigin iwwerpréift (hei, hei, hei an hei).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.