Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Kann abrupt Opstoen zum Doud féieren?

1020518feb2280b94f15e797e2b84912

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op verschiddene Plattforme geet ëmmer nees dovu rieds, dass een duerch abrupt Opstoe stierwe kéint. Dës Rumeure sinn awer net wouer, wéi d’AFP recherchéiert huet.

“Vermeit de stënterlechen Doud”, andeems Dir “d’Rotschléi” vun engem “Medezinner” befollegt, recommandéiere viral Publikatiounen.

Se warne virdrun, dass sech “d’Muster vum EKG [Elektrokardiogramm, déi grafesch Duerstellung vun der Häerzaktivitéit, Um. v. d. Red.] verännere kann”, wann ee matzen an der Nuecht stënterlech opsteet, zum Beispill fir op d’Toilette ze goen.

D’Konsequenze sinn, sou d’Internetnotzer, “d’Gehier gëtt anämesch a verursaacht eng Häerzinsuffizienz opgrond vu Bluttmangel”, wat zu engem “stënterlechen Doud” féiert, egal ob ee “jonk oder al” ass.

Fir dat ze vermeiden, sollt eng “Dräianhallef-Minutte-Reegel” befollegt ginn, déi dräi Schrëtt fir luest Opstoe virgesäit (leien, da sëtzen an dann un de Bord vum Bett rutschen), wouduerch de Stierfrisiko verréngert géif ginn.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 5 mai 2022

Dës Rumeur zirkuléiert op d’mannst zanter 2019 op Facebook an ass Géigestand vun enger Villzuel vu Publikatiounen op afrikaneschen (1, 2, 3, 4…), mä och op europäeschen a maghrebinesche Säiten.

D’AFP hat dës Rumeure scho virun enger Zäit an englescher Sprooch iwwerpréift.

Wat ass de “stënterlechen Doud”?

“Stënterlechen Häerzdoud gëtt definéiert als natierlechen Doud mat stënterlechem Bewosstsinnsverloscht bannent enger Stonn nom Optriede vu Symptomer bei enger Persoun mat oder ouni bekannten Häerzerkrankungen”, heescht et op der Websäit vun der franséischer Stëftung Coeur et Recherche.

“An 90 % vun de Fäll ass de stënterlechen Doud mat enger Häerzerkrankung verbonnen”, huet den Dokter Mbaye Paye, Kardiolog, Sportmedezinner an Titulaire vun engem Universitéitsdiplom fir Geriatrie an Noutfallmedezin, de 6. Mee géintiwwer der AFP erkläert. Den Dokter Paye schafft an der Praxis Abdoul Aziz Sy Dabakh zu Dakar am Senegal.

Eng vun den heefegsten Erkrankunge bei engem stënterlechen Doud ass den “akute Koronarsyndrom” – d’Verstopfung vun enger oder e puer Arterien, déi d’Häerzuewerfläch bedecken, déi “mat kardiovaskuläre Risikofacteure verbonnen ass” (wéi z.B. Fëmmen), erkläert den Dokter.

Keng wëssenschaftlech Beweiser

Wéi och ëmmer, der Usiicht vun zwee Kardiologen no, déi vun der AFP befrot goufen, ass dat an den iwwerpréifte Publikatioune beschriwwent Phenomen net wëssenschaftlech beluecht.

“Dës Publikatioun ass falsch an entbiert alle wëssenschaftleche Grondlagen”, sot den Dokter Bernard Gitura, Kardiolog zu Nairobi am Joer 2019 géintiwwer der AFP.

“D’Häerz kann net geschwächt an de Bluttfloss an d’Gehier duerch en einfacht stënterlecht Erwächen ënnerbrach ginn”, sou den Expert weider, “well de Kierper notzt e komplexe Mechanismus, fir de Bluttdrock an d’Duerchbluddung ze reguléieren, wann een opsteet, nodeems een erwächt ass.”

Dëse Mechanismus gëtt a Brochdeeler vu Sekonnen aktivéiert, sou de Kardiolog: Dräi Minutte virum Opstoen ze waarden, schéngt “zimmlech laang”, well “eise Kierper brauch net esou laang, fir sech selwer ze reguléieren.”

Dem Dokter no kënnen e puer Symptomer, déi an der Literatur erwäänt ginn, bei schonn erkrankte Persounen nogewise ginn, awer d’Rumeur, dass dës mat stënterlechem Opstoen an der Nuecht a Relatioun stinn, ass “extrem vereinfacht”.

“Nuets, wa mir schlofen, muss de Bluttdrock ëm 10 bis 20 % méi niddreg leie wéi am Dag”, sou den Dokter Mbaye Paye. Ganz séiert Erwächen an Opstoe kann dohier bei munche Mënschen zu engem Bluttdrockoffall féieren – wat zu “enger Synkopp, Onwuelsinn, awer net zu enger Häerzinsuffizienz” féiert.

“Schwéierkrank Patiente kënnen un enger schwéierer Hypotonie an zerebraler Anemie leiden. E ganz niddrege Bluttfloss an e ganz niddrege Bluttdrock kënnen zu enger ongenügender Gehierduerchbluddung féieren, awer dat kann net einfach geschéien, wann een aus enger Sëtzpositioun opsteet”, huet den Dokter Bernard Gitura erkläert.

Den Dr. Mbaye Paye réit deemno eelere Mënschen an Persoune mat “Häerzerkrankungen oder Begleeterkrankungen” net ze séier opzestoen, well d'”Onwuelsinn” am Fall vun enger Hypotonie Komplikatiounen am Zesummenhang mat de scho bestoende Mierkmoler ervirruffe kann – ouni dass e stënterlechen Doud festgestallt gëtt.

D’Behaaptung, dass “sech d’EKG-Muster verännere kann”, ass och onzoutreffend. “Den EKG erkennt anormal Rhythmen, verännert awer d’Muster net, wann een op eemol erwächt”, verséchert den Dr. Bernard Gitura – eng Ausso, déi vum Dr. Mbaye Paye confirméiert gouf.

Adaptéiert staatlech Mesuren

Och wann d’AFP keng kontinental Zuelen agesi konnt, weisen eng Partie Etüden an der Subsahara, dass de stënterlechen Doud bei lokale Fachleit e Probleem duerstellt.

A Kamerun huet eng Etüd, déi am Joer 2017 am International Journal of Epidemiology publizéiert gouf, observéiert, dass bei 86.188 Persoune 27 Fäll vu stënterlechem Doud festgestallt goufen.

Zu Dakar am Senegal goufe bei 1.936 Autopsien, déi 2013 vun e puer Wëssenschaftler ënnersicht goufen, 476 Fäll vu stënterlechem Doud festgestallt. Dës Resultater goufen am Pan African Medical Journal publizéiert.

Trotz ganz ënnerschiddleche Resultater kënnt een a béiden Etüden zur Konklusioun, dass et dréngend noutwenneg ass, gëeegent Mesuren am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet ze entwéckelen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.