Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Keng Beleeg fir ongewéinlech vill Doudesfäll bei Puppelcher a Groussbritannien

Faktencheck: Keng Beleeg fir ongewéinlech vill Doudesfäll bei Puppelcher a Groussbritannien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ëmmer nees ginn am Internet falsch Behaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. Elo behaapt e brittesche Pompes funèbres, dass ongewéinlech vill Puppelcher gestuerwe wären, wat a Relatioun mat der Covid-19-Impfung vun den Eltere leie géif.

Ëmmer nees ginn am Internet Falschbehaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. E britteschen Entrepreneur vun enger Pompes funèbres huet zum Beispill am Juli wärend engen Interview behaapt, a Groussbritannien géifen opfälleg vill Puppelcher stierwen an direkt an de Krematorium bruecht ginn. Spideeler géifen d’Fäll verschweigen, well keng Pompes funèbres involvéiert wären. D’AFP huet mat Vertriederinnen a Vertrieder vu Pompes funèbres a Krematorie geschwat. Dës hunn erkläert, si hätte keng däraarteg Observatioune gemaach. Ëffentlech zougänglech Donnéeën iwwer Doudesfäll liwwere keng Beweiser fir déi angeeblech Accumulatioun u Fäll vu verstuerwene Bëbeeën. Ausserdeem si Pompes funèbres net verflicht, all d’Anäscherungen ze organiséieren.

Dosenden Notzerinnen an Notzer hunn d’Behaaptung iwwer déi angeeblech Doudesfäll ënner Puppelcher op Facebook an Twitter verbreet, op Telegram hunn iwwer honnertdausend Leit se gesinn. Deel vun de Bäiträg ass e Blog-Artikel vun der Schwäizer Konspiratiounssäit “Uncut News”. Dëse bezitt sech op Behaaptunge vum brittesche Pompes funèbres John O’Looney aus engem Interview mat der australescher Websäit “Zeeemedia.com”. D’Säit publizéiert virun allem Artikelen an Interviewen, déi sech kritesch zu Covid-19-Impfstoffer a Corona-Mesurë positionéieren.

D’Behaaptung: E britteschen Entrepreneur am Bestattungssecteur aus der englescher Uertschaft Milton Keynes bericht online vun enger Rei Doudesfäll bei Neigebuerenen. Angeeblech wéisst hien iwwer e Kolleeg vun den Doudesfäll, bei him hätte sech awer keng Eltere gemellt. Angeeblech sollen déi verstuerwe Bëbeeën a Killraim fir Erwuessener gelagert an direkt vun der Klinick an d’Krematorium gefouert gi sinn. An alle Fäll wär d’Universitéitsklinick vu Milton Keynes als Pompes funèbres notéiert ginn. Doraus zitt hien: “Et ass also keng Pompes funèbres bedeelegt.” D’Fäll géife verheemlecht ginn. D’Puppelcher sollen angeeblech zu sechst oder zu aacht ageliwwert ginn, wesentlech méi wéi nach virun e puer Joren.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 16.08.2022

Keng Berichter iwwer ongewéinlech vill Doudesfäll

Fir déi angeeblech héich Zuelen un doudege Puppelcher ze iwwerpréiwen, huet d’AFP d’National Association of Funeral Directors (NAFD), de gréisste Verband an der brittescher Pompes-funèbres-Branche kontaktéiert. Dësen huet den 10. August 2022 matgedeelt, dass d’Associatioun d’Behaaptunge gepréift hätt an “no Gespréicher mat enger representativer Auswiel vun NAFD-Membere” bestätege kéint, “dass se weder eng däraarteg Hausse u Stierffäll vu Puppelcher nach iergend aner heemlech Versich vu Spideeler, Läichen direkt u Krematorien ze schécken, feststelle kënnen.”

Der NAFD no, déi méi wéi 4.100 brittesch Pompes funèbres vertrëtt, huet et och keng gréisser Commande u Särg fir Puppelcher ginn.

Och d’National Society of Allied and Independent Funeral Directors, eng Vereenegung vu brittesche Pompes funèbres, déi meeschtens vu Famillje geréiert ginn a bal 1.000 Memberen huet, huet den 8. August 2022 géintiwwer der AFP erkläert, hir wäre “keng Berichter iwwer eng Hausse vun der Zuel vun Doudesfäll vu Puppelcher a Groussbritannien bekannt”.

De Brendan Day, Sekretär vun der Federation of Burial and Cremation Authorities, déi 85 Prozent vun de Krematorien a Groussbritannien vertrëtt, huet der AFP den 9. August matgedeelt, hien hätt vu senge Memberen näischt matgedeelt kritt, wat dorop hindeite géif, dass et méi Anäscherunge vu Bëbeeë wéi soss och géif.

Den Day huet och erkläert, et wär net ongewéinlech, dass e Spidol Verstuerwener direkt an e Krematorium brénge géif. D’Feele vun enger Pompes funèbres géif net bedeiten, dass et sech ëm eng Vertuschung handele géif, wéi den O’Looney behaapt. Verschidde Spideeler hätte Kontrakter mat de lokale Pompes funèbres, fir Verstuerwener an e Krematorium ze bréngen, anerer géifen et selwer maachen, sot hien. A verschiddene Géigende géifen déi lokal Administratiounen dës Déngschtleeschtung ubidden, sot den Day.

D’AFP huet och mat der Universitéitsklinick vu Milton Keynes geschwat, déi dem O’Looney no bei den angeeblechen Doudesfäll vu Bëbeeën als Pompes funèbres opgelëscht géif, souwéi mat deem wichtegste Krematorium vun der Klinick, dem Crownhill Crematorium.

Op dem O’Looney seng Behaaptungen huet e Spriecher vun der Universitéitsklinick Milton Keynes den 29. Juli geäntwert: “D’Behaaptunge si komplett onwouer an onbegrënnt. Mir loossen eis den Ament juristesch beroden, fir eist weidert Virgoe festzeleeën. Mir wäerten dës wéineg belaaschtbar an zudéifst geschmacklos Behaaptungen net einfach akzeptéieren.”

E Vertrieder vum Crownhill Krematorium huet der AFP de 5. August erkläert, dass et “näischt Ongewéinleches bei der Unzuel vun den Anäscherungen op der Plaz” ginn hätt. Et géif donieft keng gesetzlech Verflichtung fir d’Famill oder e Spidol ginn, e Pompes funèbres ze ruffen, an d’Universitéitsklinick Milton Keynes hätt “keng Anäscherungen direkt ouni Pompes funèbres arrangéiert”.

Anäscherung gëllt als méi adequat

De Brendan Day huet weider erkläert, dass eng Rei Klinicken an der Vergaangenheet net liewensfäeg Fötussen, dat heescht Bëbeeën, déi virun der 24. Schwangerschaftswoch entbonne goufen, an der Verbrennungsanlag vun der Klinick ageäschert hunn. A leschter Zäit wär et vun de Familljen awer als méi adequat a méi wichteg ugesi ginn, zu dësem Zweck Krematorien ze benotzen.

“Et kéint duerchaus sinn, dass et sech bei der Hausse entweder ëm net liewensfäeg Fötussen oder ëm d’Produkt vun Ofdreiwungen handelt”, huet den Day erkläert. Souguer Bëbeeën an der 10. oder 12. Schwangerschaftswoch géifen uerdnungsgemäss ageäschert, well se “fir d’Mamme vu grousser Bedeitung” wären. “Wann et also eng Hausse ginn huet, dann denken ech, dass et dofir ganz normal Grënn gëtt. Et gëtt näischt ze verstoppen, wann iwwerhaapt, dann ass et, well de Mammen e bessere Service gebuede gëtt”, sot hie weider.

Dat gouf och vun der NAFD confirméiert: “Et war schonn ëmmer esou, dass d’Klinicken no enger Feelgebuert eng Anäscherung arrangéiere konnten, awer d’Famille si sech hire Méiglechkeeten elo méi bewosst a wëllen ëmmer méi dacks e Begriefnes fir hiert klengt Kand arrangéieren.”

Donnéeë weise keng Hausse vun Doudesfäll

Ëffentlech zougänglech Donnéeën zu Doudesfäll vu Puppelcher a klenge Kanner kënnen d’Behaaptunge vum O’Looney net stëtzen. De britteschen Office of National Statistics (ONS) stellt virleefeg Donnéeën iwwer déi wëchentlech registréiert Doudesfäll an England a Wales zur Dispositioun. Déi zwou jéngst Altersgruppen an hirem Datesaz sinn Doudesfäll ënnert engem Joer an Doudesfäll tëscht engem a véier Joer.

Tëscht 2015 an 2019 sinn am Schnëtt tëscht 33 a 64 Puppelcher, déi manner wéi ee Joer al waren, pro Woch gestuerwen. An der Altersgrupp vun engem bis véier Joer läit d’Zuel tëscht fënnef an eelef Fäll pro Woch. Zum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung vun dësem Artikel louchen d’Donnéeë fir déi éischt 30 Woche vum Joer 2022 vir. Déi héchst Zuel vun den Doudesfäll pro Woch an der Altersgrupp ënnert engem Joer louch an der Woch bis de 27. Mee bei 55, also ënnert dem Duerchschnëtt. An der Altersgrupp vun engem bis véier Joer gouf et zweemol eng méi héich Zuel wéi den Duerchschnëtt: an der Woch bis de 14. Februar gouf et 14 Doudesfäll an an der Woch bis de 17. Juni waren et zwielef Doudesfäll.

Ënnert der Moyenne louchen déi wëchentlech Doudesfäll an de Woche bis den 21. Januar 2022 (dräi Doudesfäll), 25. Februar (dräi Doudesfäll), 8. Abrëll (een Doudesfall), 15. Abrëll (véier Doudesfäll), 6. Mee (dräi Doudesfäll), an 10. Juni (véier Doudesfäll). Kuckt een d’Gesamtzuel vun den Doudesfäll an den éischten 30 Woche vum Joer 2022, sou waren d’Zuelen a béiden Altersgruppe méi niddereg wéi am Fënnefjoresduerchschnëtt. No Berechnunge vun der AFP gouf et an den éischten 30 Woche vun dësem Joer insgesamt 1.373 Doudesfäll an der Alterskategorie ënnert engem Joer an 218 Fäll an der Altersgrupp vun engem bis véier Joer. Am Verglach dozou sinn am Fënnefjoresduerchschnëtt 1.536 respektiv 241 Kanner gestuerwen.

An Nordirland ass d’Northern Ireland Statistics and Research Agency fir d’Publikatioun vun de Stierffäll (pro Woch) zoustänneg. Do geet déi jéngst Altersgrupp vun null bis 14 Joer. No de Berechnunge vun der AFP gouf et an dëser Grupp 67 Doudesfäll an den éischten 30 Woche vum Joer 2022. Dat ass manner wéi am selwechten Zäitraum vun de Virjoren: 80 Doudesfäll am Joer 2021, 70 am Joer 2020 an 83 am Joer 2019.

A Schottland publizéiert Public Health Scotland Donnéeën iwwer Doutgebuerten an Doudesfäll bei Puppelcher pro Mount. Eng Spriecherin vun der Organisatioun huet den 12. August géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Zuel vun Doutgebuerten a Schottland zanter dem Ufank vun der Pandemie am Mäerz 2020 bis Juni 2022, den erwaarten Zuelen entsprieche géif, wéi de jéngsten Donnéeën ze enthuele wär. D’Zuel vun Doudesfäll bei Puppelcher wär awer e bësse méi héich wéi erwaart ausgefall, besonnesch am September 2021 an am Mäerz 2022. D’Spriecherin huet erkläert, et wären e puer Neigebuerener méi wéi üblech an den éischte véier Wochen no der Gebuert verstuerwen. Den Taux vun dësen neonatalen Doudesfäll hätt am September 2021 bei 5,1 an am Mäerz 2022 bei 4,6 Fäll bei 1.000 Lieweggebuerte geleeën. Den duerchschnëttlechen Taux läit bei 2,2.

An Zuelen ausgedréckt bedeit dat 22 Doudesfäll bei Neigebuerenen am September 2021 an 18 am Mäerz 2022. Iwwer dës héich Wäerter am September a Mäerz gouf an de Medien, zum Beispill op der BBC, bericht a se ginn den Ament ënnersicht.

D’AFP huet bei de Gesondheetsagencen och wéinst der Behaaptung nogefrot, dass d’Departementer fir Kanner sou iwwerfëllt wären, dass verstuerwe Bëbeeën a Killraim fir Erwuessener hu mussen ënnerbruecht ginn. E Spriecher vum brittesche Ministère fir Gesondheet a Soziales huet der AFP den 11. August matgedeelt, et hätt ee keng Informatiounen, déi dorop hindeiten, dass d’Pediatrien oder Läichenhalen an England iwwerfëllt wären. Eng Spriecherin vun der walisescher Regierung huet de selwechten Dag erkläert: “Offiziell Statistike vun der Statistikagence ONS weisen, dass et a Wales keng signifikant Hausse bei der Zuel vun Doutgebuerten oder dem Doud vu Puppelcher ginn huet.” En Traitement vu Puppelcher baussent den Neigebuerene-Statioune wär hir net bekannt.

Den O’Looney gëtt am Video-Interview als Whistleblower bezeechent

Am Extrait vum Interview, an deem den O’Looney vun de vermeintlechen Doudesfäll bei Bëbeeë bericht, gëtt dësen als “Whistleblower” bezeechent. D’AFP huet dohier Kontakt mam O’Looney opgeholl, fir erauszefannen, ob de Pompes funèbres déi lokal Autoritéiten iwwer dat, wat hien an Erfarung bruecht hu soll, a Kenntnes gesat huet. Den O’Looney huet den 10. August allerdéngs matgedeelt, dass dat net de Fall gewiescht wär.

Fazit: Verbänn vu Pompes funèbres, Krematorien, Gesondheetsagencen an d’Universitéitsklinick Milton Keynes hunn de Behaaptunge vum John O’Looney widdersprach. Ëffentlech zougänglech Donnéeë weisen en plus an de jéngsten Altersgruppe keng signifikant Hausse un Doudesfäll. Ausserdeem si Pompes funèbres net verflicht, all d’Anäscherungen ze organiséieren.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.