Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Klaus Schwab wëll keng 4 Milliarde Mënschen ëmbréngen

Faktencheck: Klaus Schwab wëll keng 4 Milliarde Mënschen ëmbréngen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Dem Direkter vum Weltwirtschaftsforum gëtt an de sozialen Netzwierker nogesot, e groussen Deel vun der Weltpopulatioun ëmbréngen ze wëllen. Wou déi Behaaptung hierkënnt, huet d’AFP recherchéiert.

Honnerte Userinnen an User hunn de presuméierten Textpassage vum Schwab op Facebook gedeelt. Op Telegram hunn iwwer zéngdausend Leit änlech Bäiträg gesinn (hei, hei).

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 22.04.2022

Wien ass de Klaus Schwab?

De Klaus Schwab ass den aktuellen Direkter vum Weltwirtschaftsforum (WEF), deen hien am Joer 1971 matgegrënnt huet. De Weltwirtschaftsforum beschreift sech op senger Internetsäit als international Organisatioun fir d’Fërderung vun der Kooperatioun tëscht ëffentlechen a privaten Institutiounen. Weider heescht et: “Als international Organisatioun ouni kommerziell Interête bitt de Forum eng Plattform, op där féierend Vertrieder vun allen Interessensgruppen aus der ganzer Welt – Entreprisen, Regierungen an Zivilgesellschaft – zesummekomme kënnen.”

Ëmmer erëm gëtt de WEF och mat Konspiratiounstheorien a Verbindung bruecht (hei, hei, hei). Och d’AFP huet schonn eng Partie Falschbehaaptungen zum Schwab an dem WEF widderluecht. (hei, hei, hei).

De Passage staamt aus engem Buch vun 1992

Eng Internetrecherche no Auszich vun den Textpassagen huet d’AFP bei en engleschsproochegt Buch mam Titel “Conspirators’ Hierarchy: The Story of the Committee of 300” geféiert. Den aktuell gedeelte Passage fënnt een op der Säit 105 vum Dokument, dat online als PDF opgeruff ka ginn. Als Auteur vum Buch gëtt allerdéngs net de Klaus Schwab, mä en Dokter John Coleman genannt.

Am Virwuert vun der Publikatioun aus dem Joer 1992 beschreift de Coleman sech als eemolege Geheimdéngschtmataarbechter. An der Vergaangenheet ass de Coleman scho mat Konspiratiounserzielungen opgefall. Zum Beispill huet hie gesot, dass d’Beatles just duerch d’Agéiere vun den Illuminate bekannt goufen (hei, hei).

Zu sengem Buch schreift hien: “Ech wäert mat menger Aarbecht weidermaachen, bis ech endlech d’Mask vun der gesamter geheimer Parallelregierung, déi Groussbritannien an d’USA steiert, erofgerappt hunn. Dëst Buch ass Deel vun dëse lafende Beméiungen.” De Coleman erkläert, de sougenannte “Committee of 300”, eng aflossräich Elitt, hätt sech dozou verschwuer, d’Weltbevëlkerung ze reduzéieren.

Iwwer den Textpassage selwer behaapt de Coleman, dëse wär nees en Auszuch aus dem Buch “The Open Conspiracy Plans for a World Revolution” vum engleschen Auteur Herbert George Wells. Den Auszuch ass en enger online opruffbarer Versioun vum Buch vum Wells, dat am Joer 1928 publizéiert gouf, awer net ze fannen. De Wells selwer ass besonnesch fir seng Science-Fiction-Wierker wéi “Krieg der Welten” bekannt.

Keng Beweiser fir eng Ausso duerch de Schwab

Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vum Weltwirtschaftsforum den 22. Abrëll dementéiert, dass dëse Passage vum Klaus Schwab wär. “Et handelt sech hei ëm eng virsätzlech a béiswëlleg Feelinformatioun”, huet de Spriecher erkläert.

D’AFP huet och online no der Verwendung vum Begrëff “useless eaters” (“onnëtz Iesser”) duerch de Klaus Schwab gesicht. Déi Wierder, déi him zougeuerdent ginn, fanne sech allerdéngs weder op dem Schwab sengem Twitter-Profil, nach am 2020 publizéierte Buch vum WEF-Direkter “The Great Reset“. Och d’Facebook– an Twitter-Profiller vum Weltwirtschaftsforum ergi bei der Sich mat dëse Wierder keng Resultater.

Eng Sich op der Websäit vum Weltwirtschaftsforum huet och keng passend Resultater erginn. Eng Internetrecherche no Medieberichter, déi eng Ried vum Schwab mat der Ausso beleeë géifen, huet och keng Resultater bruecht. Och an de Publikatiounen zum Schwab sengen ëffentlechen Optrëtter am Joer 2022 huet d’AFP keng esou Äusserunge fonnt (hei, hei, hei), beispillsweis wärend der sougenannter Davos Agenda am Januar 2022, enger Rei vun Online-Usprooche vu verschiddene Regierungscheffen, organiséiert duerch de Weltwirtschaftsforum.

Wat ass de “Great Reset”?

Nieft dem vermeintleche Schwab-Zitat gëtt op Facebook och op de sougenannte “Great Reset”, de “groussen Ëmbroch” verwisen. Dëse wär scho voll am Gaangen.

Bei dësem Begrëff handelt et sech net just ëm den Titel vun engem Buch, dat de Klaus Schwab 2020 erausbruecht huet, mä och ëm eng Initiativ vum WEF, fir d’Ëmgestaltung vun de wirtschaftleche Realitéiten en vue vun der aktueller Corona-Kris, déi ëmmer nees an de Fokus vu Konspiratiounstheorië geréit.

Fazit: Fir d’Zouschreiwe vum verbreeten Textpassage op de Klaus Schwab gëtt et keng Beweiser. De Passage staamt aus engem Buch, dat eng angeeblech Reduzéierung vun der Weltpopulatioun duerch eng aflossräich Elitt beschreift. E Spriecher vum Weltwirtschaftsforum huet d’Zouschreiwe vun dësem Text op de Schwab eng Feelinformatioun genannt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.