Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Kënnen d’CDC Anti-Covid-Vaccinatiounen an den USA obligéieren?

Faktencheck: Kënnen d'CDC Anti-Covid-Vaccinatiounen an den USA obligéieren? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An engem Video huet den Tucker Carlson, e bekannte Moderator op Fox News, den 19. Oktober behaapt, dass déi amerikanesch Gesondheetsagence (CDC) de Vaccin géint Covid-19 fir Schoulkanner obligatoresch gemaach huet.

“D’CDC ass um Punkt, fir d’Impfung géint Covid op d’Agenda vun de Kanner ze setzen, wat d’Impfung fir Kanner, déi an d’Schoul ginn, obligatoresch maache géif”, behaapten eng Rei Internetuser a Bäiträg, déi zu Dausenden op Twitter a Facebook (1, 2, 3) gemaach goufen.

Alleguer stëtze sech op d’Ausso vum Tucker Carlson, engem bekannte Moderator vun der amerikanescher Noriichtechaîne Fox News, deen dofir bekannt ass, Komplotter a Falschaussoen ze verbreeden.

RTL Capture d'écran d'une publication Twitter réalisée le 24 octobre 2022

RTL Capture d'écran d'une publication Twitter réalisée le 24 octobre 2022

Dës Behaaptung ass awer ierféierend. Eng Impfung obligatoresch ze maachen, ass d’Saach vun de Bundesstaaten an net vun der CDC.

Den Tucker Carlson sot dës Lige kuerz virun der Sëtzung vum Comité consultatif fir Impfpraktiken (ACIP) vun de CDC, den Zentre fir d’Bekämpfung an d’Preventioun viru Krankheeten, déi den 19. an 20. Oktober stattfonnt huet. En Deel vun der Dagesuerdnung vun dëser Sëtzung goung iwwer d’Ophuele vu Covid-19-Impfstoffer an de recommandéierten Impfplang nieft Impfstoffer géint Polio, Waasserpouken an Hepatitis.

De selwechten Dag huet d’CDC iwwer hiren Twitter-Account op d’Aussoe vum Moderator reagéiert, fir seng Ausso ze widderleeën: “En Donneschdeg wäert den onofhängege Comité consultatif vun de CDC (ACIP) iwwer d’Aktualiséierung vum Impfplang fir Kanner decidéieren. D’Ufuerderunge fir den Impfstoff fir Schüler gi vun de Bundesstaate festgeluecht, net vum ACIP oder de CDC.”

Den Tucker Carlson huet an engem weideren Tweet deklaréiert, dass hie bei senger ursprénglecher Ausso bleift. A senger Talkshow sot hien den 19. Oktober op en Neits, dass, wann d’ACIP fir d’Ophuele vum Covid-Impfstoff an den Impfplang fir Kanner votéiere géif, “missten d’Schüler sech impfe loossen, fir an den USA an eng ëffentlech Schoul kënnen ze goen.”

A Bezuch op d’Reaktioun vun de CDC op säi Bäitrag op Twitter, huet den Tucker Carlson d’Gesondheetsagence och der Lige beschëllegt a sot, dass si “d’Norm setzt, déi dann am ganze Land obligatoresch gëtt.”

Den 20. Oktober huet d’ACIP, déi aus enger Rei vun onofhängegen Experte besteet, schliisslech unanime der Impfung géint Covid-19 an de recommandéierten Impfplang zougestëmmt.

Eng Decisioun, déi, am Géigesaz zu de Behaaptunge vum Tucker Carlson, net automatesch zu enger obligatorescher Impfung gëtt, fir dass Kanner an d’Schoul goe kënnen.

Wéi um Twitter-Account vun de CDC matgedeelt gouf, ass d’ACIP um Opstelle vu Recommandatioune fir Kannerimpfunge bedeelegt. Den Zäitplang vun de CDC déngt als Leitfuedem fir Gesondheets- a Fleegedéngschter.

Wéi e Spriecher vun de CDC a weider Experte fir Gesondheetspolitik géintiwwer der AFP confirméiert hunn, ginn d’Impfufuerderunge fir Kanner, déi an d’Schoul oder a Kannerbetreiungsstrukture ginn, op lokalem Plang festgeluecht.

“D’CDC gi just Recommandatioune fir den Asaz vun Impfstoffer, wärend d’Impfufuerderunge fir de Schoulbesuch vu staatlechen oder lokalen Decideure festgeluecht ginn”, sot d’Spriecherin vun de CDC Kristen Nordlund den 20. Oktober géintiwwer der AFP.

Wann eng Impfung imposéiert ass, gi gläichzäiteg medezinesch Ausnamen opgelëscht, z.B. wann d’Kand eng Krankheet huet, déi et onméiglech mécht, den Impfstoff ze kréien. An den USA erlaben déi meescht Bundesstaaten och Ausname fir netmedezinesch Zwecker aus reliéisen oder philosophesche Grënn.

D’Entscheedung vun de CDC, de Covid-19-Impfstoff an den Impfplang opzehuelen, wär keng Ännerung vun der Politik, sot d’Kristin Nordlund, well d’Gesondheetsagence Kanner weiderhi réit, sech impfen ze loossen.

D’Moossname vun der ACIP “erméiglecht ledeglech eng Rationaliséierung vun der klinescher Berodung vun de Gesondheetsdéngschter, andeem all Impfstoffer, déi därzäit zougelooss a systematesch recommandéiert sinn, an engem eenzegen Dokument zesummegefaasst ginn”, füügt si dobäi.

De Joshua Sharfstein, Professer op der Bloomberg School of Public Health vun der Johns Hopkins University, sot der AFP den 20. Oktober: “D’CDC hu Recht an den Tucker Carlson huet Onrecht.”

“D’Staate leeën d’Ufuerderunge fir d’Impfung an de Schoule fest. An dësem Prozess hunn d’CDC d’Aufgab, Preuven ze examinéieren a Recommandatiounen ofzeginn”, huet hie preziséiert.

Eng Partie Impfstoffer, déi am Impfplang vun de CDC stinn – dorënner de Vaccin géint d’Gripp – sinn dohier an de meeschte Bundesstaaten net obligatoresch, huet den Jason Hockenberry, Professer op der Yale School of Public Health, géintiwwer der AFP gesot.

D’CDC si reegelméisseg Zil vu Falschinformatiounen, déi schonn a ville Faktenchecke vun der AFP Géigestand waren (1, 2, 3).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.