Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Rapport iwwer Verontreiung vun EU-Hëllefen an der Ukrain existéiert net

Faktencheck: Rapport iwwer Verontreiung vun EU-Hëllefen an der Ukrain existéiert net - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi Europäesch Unioun ënnerstëtzt d’Ukrain zënter der Invasioun vun der russescher Arméi am Februar 2022 ënner anerem mat Suen an humanitäre Gidder. A sozialen Netzwierker gouf Mëtt September 2022 an dësem Kontext behaapt, dass de Groussdeel vun den EU-Hëllefen angeeblech an der Ukrain geklaut gouf.

Dosende Leit hu Mëtt September d’Behaaptung op Facebook gedeelt. Op Telegram huet d’Behaaptung iwwer zéngdausend Leit erreecht. Besonnesch vill Opmierksamkeet krut de Partage vum AfD-Kreisverband Main-Kinzig.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 31.10. 2022

D’Behaaptung gouf am Kontext vum Ukrainkrich, deen zënter Februar 2022 am Gaangen ass, gedeelt. De Krich gëtt wéinst dem staarken Afloss an der wäiter Verbreedung vu Propaganda an de sozialen Netzwierker och als “Informatiounskrich” bezeechent. D’AFP huet am Kontext vum Krich schonn eng Rei Falschinformatioune widderluecht a gesammelt. Ëmmer nees gëtt versicht déi ukrainesch Regierung mat gefälschte Beweiser als korrupt duerzestellen (hei, hei).

Déi Europäesch Unioun verurteelt déi russesch Invasioun an ënnerstëtzt d’Ukrain ënner anerem mat Sanktioune géint Russland, Hëllef fir Refugiéen, Suen, Waffen an humanitärer Hëllef. Fir dës Hëllefen huet d’EU der Ukrain 485 Milliounen Euro bereetgestallt. Doriwwer eraus huet d’EU nach weider 332 Milliounen Euro fir en Nouthëllefprogramm fir Educatioun, Versuergung vum Gesondheetssecteur a Liewensmëttel zur Verfügung gestallt, souwéi weider ënnerschiddlech finanziell Hëllefen an iwwer 70.000 Tonne Sachleeschtungen aus 31 Länner.

Greco-Korruptiounsrapport gëtt et net

D’Greco ass eng Grupp vu Staate géint Korruptioun an eng Organisatioun vum Europarot, deen onofhängeg vun der EU agéiert. En iwwerhëlt aner Aufgabe wéi den Europäesche Rot vun der EU. D’Greco huet et sech zur Aufgab gemaach, d’Standarde fir Antikorruptioun vu senge Memberen ze iwwerwaachen an hir Fäegkeeten ze fërderen, Korruptioun ze bekämpfen. Aktuell sinn 48 europäesch Staate souwéi Kasachstan an d’USA Member vun der Greco. Och d’Ukrain ass zënter 2006 Member.

An der Behaaptung, déi op Facebook am Ëmlaf ass, heescht et, dass d’Greco e Rapport verëffentlecht hätt, aus deem ervirgéing, dass an der Ukrain humanitär Gidder am Wäert vun 342 vun insgesamt 360 Milliounen Euro geklaut gi wären.

Op der Internetsäit vun der Greco gëtt et zwar e Rapport iwwer d’Ukrain aus dem Joer 2022. Dëse sougenannten zweete Compliance-Rapport vum 28. Abrëll 2022 bewäert d’Moossnamen, déi vun den ukraineschen Autoritéiten ergraff goufen, fir déi iwwereg Recommandatioune vun der Greco fir d’Ukrain ëmzesetzen. Dës Recommandatioune bezéie sech allerdéngs op Donnéeën, déi schonn 2017 iwwermëttelt goufen, déi d’Grondlag fir dëse Compliance-Rapport sinn. Soumat gëtt et kee Bezuch zum aktuelle Krich.

D’AFP huet och keen anere relevante Korruptiounsrapport vun der Greco iwwer d’EU-Hëllefen an der Ukrain fonnt.

Dowéinst huet d’AFP bei der Greco no deem angeebleche Bericht iwwer EU-Hëllefen, déi geklaut goufen, gefrot. Den 11. Oktober 2022 sot de Spriecher vun der Greco, den Jaime Rodriguez, der AFP: “Nee, d’Greco huet sou e Rapport weder preparéiert nach verëffentlecht.”

De Korruptiounsrapport vun der Greco, deen op Facebook als Beweis ugefouert gëtt, existéiert net.

EU-Kommissioun dementéiert, dass Hëllefe geklaut goufen

D’AFP huet och bei der Europäescher Kommissioun no den EU-Hëllefen, déi angeeblech geklaut goufen, gefrot. De Spriecher Balazs Ujvari huet de 27. Oktober géintiwwer der AFP erkläert, dass zanter dem 24. Februar 2022, dem Ufank vum Krich an der Ukrain, 485 Milliounen Euro fir humanitär Hëllefen an der Ukrain bereetgestallt gi wären. Iewescht Prioritéit hätten aktuell e wanterfesten Ënnerdaach a Wunnengen.

Den Ujvari huet och matgedeelt, dass esou Hëllefen net direkt un d’Regierunge géingen, mee ausschliisslech iwwer Agence vun der UNO, ONGen an internationalen Organisatiounen. Ob dës beim Approvisionnement an der Verwaltung uerdentlech an transparent schaffen, géif vun de Mataarbechter vun der EU iwwerpréift.

Op d’Fro zur angeeblecher Korruptioun an der Ukrain huet hie geäntwert: “Keen humanitäre Partner, dee vun der EU finanziell ënnerstëtzt gëtt, huet eis doriwwer informéiert, dass Ressourcen net korrekt genotzt gi wären.”

Suerge bei Waffeliwwerungen

Allerdéngs gouf et der Financial Times no effektiv Warnungen, dass Waffen, déi vun den USA geliwwert goufen, a falsch Hänn gerode kéinten. Och d’Washington Post huet iwwer d’Suerg bericht, dass et Iwwerwaachungsprobleemer bei de Waffeliwwerunge géif. D’Recherchenetzwierk Correctiv huet par conter bericht, dass déi bedeelegt Autoritéite Waffeliwwerunge ganz exakt observéieren.

An awer gouf et op digitale Schwaarzmäert eng Rei Offere vu Waffen, déi angeeblech vun den USA un d’Ukrain gespent goufen. D’Offeren, déi vun der BBC iwwerpréift goufen, waren allerdéngs Fakes. Et goufen al Biller vu Waffe benotzt an och vun Dronen, déi schonn zerstéiert waren.

Generell ass d’Korruptioun zënter laangem e grousse Probleem fir déi ukrainesch Wirtschaft. An engem Rapport vun der ONG Transparency International, deen am Januar publizéiert gouf, heescht et, d’Land wär am Index vum Joer 2021 fir Korruptioun ze erkennen vun 33 op 32 zeréckgefall, op enger Skala vun 100. Insgesamt goufen 180 Länner bewäert an d’Ukrain léich op Plaz 122, hannert allen Nopeschlänner ausser Russland, dat déi 136. Plaz beleet.

Fazit: De Korruptiounsrapport vun der Greco, deen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass a beweise sollt, dass de Groussdeel vun den EU-Hëllefen an der Ukrain geklaut gouf, existéiert net. Souwuel d’Greco selwer wéi och d’EU-Kommissioun dementéieren esou Rapporten.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.