Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta

Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi russesch Invasioun an der Ukrain gouf schonn e puer Mol vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres verurteelt.

Honnerte User hunn d’Behaaptungen iwwer d’UN-Charta op Facebook gedeelt. Op Telegram hunn Honnertdausende se gesinn. D’Behaaptung iwwer d’UN-Charta ass schonn zënter dem 29. September 2022 am russeschen Netzwierk VKontakte am Ëmlaf gewiescht. Och a russesche Medien ass d’Behaaptung opgedaucht.

D’Behaaptung: Angeeblech géif aus den Artikelen 106 an 107 vun der UN-Charta ervirgoen, dass Russland als “rechtméissegen Ierwe vum Gewënner am Zweete Weltkrich” d’Recht hätt, och militäresch géint de Versuch virzegoen, dass den Nationalsozialismus erëm zum Liewen erwächt. Sou kéint d’Land ënner anerem militäresch an Däitschland, Ungarn, Éisträich, Rumänien, Bulgarien, Finnland, Kroatien, Slowenien, Tschechien, Lettland, Estland, Litauen oder der Ukrain agräifen. Domat wär déi sougenannt “russesch Spezialoperatioun an der Ukrain” och rechtens. Russland hätt d’Recht, “Nazien iwwerall ze bestrofen”.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 18.10.2022

Erzielung, déi ëmmer nees opkënnt

Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain de 24. Februar 2022 verbreede sech ëmmer nees Falschbehaaptungen zu enger Nazi-Ideologie, déi angeeblech an der Ukrain herrsche géif (hei, hei). D’AFP huet an der Vergaangenheet zum Beispill dës falsch Foto vum Kiewer Policechef oder eng Opnam vun engem vermeintlechen ukrainesche Krichsgefaangenen mat engem Hakekräiz-Tattoo iwwerpréift. Och déi vëlkerrechtlech Souveränitéit vun der Ukrain hate User virdrun ugezweiwelt. Hei ginn méi Faktenchecke vun der AFP iwwer de Krich an der Ukrain.

Déi elo verbreet Behaaptunge spigelen inhaltlech d’Haltung vum Kreml erëm, no där d’Zil vun der militärescher Interventioun vu Russland “d’Entmilitariséierung an d’Entnazifizéierung vun der Ukrain” wär. Dës Behaaptung gouf scho vun diversen Expertinnen an Experten, déi am Mäerz 2022 vun der AFP befrot goufen, widderluecht. Dës waren der Usiicht, dass zwar ultra-nationalistesch Beweegungen am Land souwéi besonnesch an der Arméi aktiv wären, dass se awer op politeschem Niveau “an der Minoritéit” a marginaliséiert bléiwen.

D’Artikelen 106 an 107 stamen aus der Zäit vum Zweete Weltkrich

D’Charta vun de Vereenten Natioune gouf de 26. Juni 1945 zu San Francisco vu ronn 50 Staaten ënnerzeechent an ass am Internet ze fannen. Se sollt der UN no “eng international Organisatioun schafen, déi de Krich op en Enn bréngt an de Fridde séchert”. D’Ratifizéierung vun der Charta – an domat d’Grënnung vun de Vereenten Natiounen – ass eréischt e puer Méint méi spéit, de 24. Oktober 1945, nom Enn vum Zweete Weltkrich erfollegt.

Aus dësem Grond enthält d’Charta, déi no der Kapitulatioun vun der däitscher Wehrmacht am Mee 1945, awer virun der japanescher Kapitulatioun am September 1945 erstallt gouf, zwou “Iwwergangsbestëmmungen zur Sécherheet”, d’Artikelen 106 an 107.

Den Artikel 106 reegelt eng Iwwergangsléisung bis zum Akraafttriede vun engem Sonderofkommes am Artikel 43, an deem d’Parteie vum Accord tëscht den Alliéierten, deen den 30. Oktober 1943 zu Moskau ënnerzeechent gouf, a Frankräich ausgemaach hunn, erfuerderlech Moossname “fir d’Erhale vum Weltfridden an der internationaler Sécherheet” am Numm vun der Organisatioun ze treffen.

Am Artikel 107 heescht et: “Moossnamen, déi déi heifir verantwortlech Regierungen als Konsequenz vum Zweete Weltkrich a Bezuch op e Staat ergräifen oder geneemegen, dee wärend dësem Krich Feind vun engem Staat, deen dës Charta ënnerzeechent huet, war, ginn duerch dës Charta weder ausser Kraaft gesat nach ënnersot.” Den Artikel huet et erlaabt géint Staaten, déi wärend dem Zweete Weltkrich d’Charta net ënnerzeechent haten,  wärend dem weidere Verlaf vum Krich Moossnamen ze ergräifen.”

RTL US-Präsident Harry Truman bei seiner Abschlussrede zum Ende der Konferenz der Vereinten Nationen für die internationale Organisation am 26. Juni 1945 in San Francisco (AFP)

Wéi de Guillaume Devin, Professer fir Politikwëssenschaften op der Universitéit Sciences Po zu Paräis a Member vun enger Fuerschergrupp zu multilateralen Aktivitéite mam Numm Gram, den 11. Oktober 2022 géintiwwer der AFP erkläert huet, géifen d’Moossnamen, déi a béiden Artikele beschriwwe ginn, als “Fortsetzung vum Krich” verstanen, wat déi extraordinär Ëmstänn verdäitlecht, déi bei der Interpretatioun vum Text beuecht musse ginn.

“Et muss een also schonn en extraordinär verdréinte Geescht hunn, fir déi russesch Aggressioun vun 2022 als Fortsetzung vum Zweete Weltkrich ze bewäerten”, huet den Devin betount. Et géif sech ëm eng “komplett fantasievoll Interpretatioun” handelen.

De Mathias Forteau, Professer fir Droit public op der Universitéit Paris Nanterre a vun 2023 bis 2027 Member vun der Vëlkerrechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen, huet den 11. Oktober och confirméiert, dass “dës Ausleeung vun den Artikelen 106 an 107 vun der Charta Onsënn ass”.

“Kee Jurist, deen eenegermoosse seriö an éierlech ass, géif esou eng Ausleeung ënnerstëtzen, ugefaangen domat, dass den Artikel 107 sech op Aktioune bezitt, déi ‘als Konsequenz vun dësem Krich’ duerchgeféiert ginn, andeem hie sech op den Zweete Weltkrich bezitt”, huet de Fourteau erkläert. Den aktuelle Krich stéing natierlech a kenger Weis domat a Verbindung.

D’Alexandra Novosseloff, wëssenschaftlech Mataarbechterin am Beräich Politikwëssenschaft um Thukydides-Zenter vun der Universitéit Paris-Panthéon-Assas an Expertin fir de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen, huet der AFP den 12. Oktober dozou gesot: “Dës Artikele schwätze vun engem Ofkommes tëscht Groussmuechten, déi et am aktuelle Fall net gëtt.”

“D’Artikele betreffen eng Situatioun, déi net méi existéieren”, huet d’Novosseloff betount. Gemengt wär d’Zäit tëscht dem Akraafttriede vun der Charta an der Aféierung vu Bestëmmungen iwwer d’Zesummeleeë vun Arméien, wéi am Artikel 43 erkläert gëtt.

D’Ofkommessen, déi am Artikel genannt ginn, wären zwar ni ënnerzeechent ginn, gesteet d’Novosseloff an, sech haut op d’Artikelen 106 an 107 ze bezéien, wär awer e bësse wäit hiergeholl.

Weider Ofkommessen iwwer Arméie koumen net zustanen

Wéi d’Catherine Le Bris, Fuerscherin um Centre national de la recherche scientifique CNRS an Expertin fir internationaalt Recht, den 11. Oktober 2022 erkläert huet, “schwätzt den Artikel 43 vun der Charta vun Iwwergangsbestëmmungen, déi duerch zukünfteg Ofkommesse preziséiert hätte solle ginn, déi awer net zustane koumen an déi eng Aart international Police ariichte sollten”.

D’Iddi vun dësen Iwwergangsbestëmmunge wär et gewiescht, d’Zäit bis zur Installatioun vum Sécherheetsrot ze iwwerbrécken, awer schlussendlech hätt sech d’Praxis vum UN-Sécherheetsrot anescht entwéckelt.

Wéi déi dauerhaft Vertriedung vu Frankräich bei de Vereenten Natiounen op hirer Websäit ausféierlech matdeelt, kann de Sécherheetsrot, “Resolutioune votéieren, déi Verflichtungen oder Sanktioune géint eng Rei Staate verhänken”, falls “eng Situatioun de Fridden eeschthaft a Gefor brénge sollt”. De Rot besteet haut aus 15 Memberen, dorënner fënnef permanent Memberstaate mat Vetorecht: China, d’USA, Frankräich, dat Vereent Kinnekräich a Russland. Däitschland war zulescht vun 2019 bis 2020 Member vum Sécherheetsrot. (Lëtzebuerg war zulescht vun 2013 bis 2014 net permanente Member vum UN-Sécherheetsrot a wëll eng Kandidatur stellen, fir 2031 an 2032 nees Member vum héchste Gremium vun der UNO ze ginn (Um. v. d. Red.).)

De Sécherheetsrot kéint ënner anerem “d’Applizéiere vu Gewalt fir d’Erhalen oder d’Erëmhierstelle vu Fridden a Sécherheet geneemegen” oder “eng friddenserhalend Operatioun asetzen”.

Russland géif dobäi vu sengem Status als stännege Member vum Sécherheetsrot profitéieren, wéi d’Madamm Le Bris ervirgehuewen huet: “Déi militäresch Interventioun vu Russland an der Ukrain verstéisst géint d’UN-Charta, awer well Russland permanente Member am Sécherheetsrot ass, verhënnert et deem säi Funktionéieren duerch säi Vetorecht.”

Dat huet Russland besonnesch de 25. Februar 2022 gemaach, wéi eng Majoritéit vun de Membere vum UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun ugeholl hat, déi Russland opgefuerdert hat, seng Truppen “direkt” aus der Ukrain zeréckzezéien.

Zulescht huet Russland säi Vetorecht den 30. September 2022 genotzt, fir d’Adoptioun vun enger Resolutioun vum UN-Sécherheetsrot ze verhënneren, an där seng Annexioune vu véier ukrainesche Regioune verurteelt goufen.

Den Artikel 106 géif vu gemeinsamen Aktioune schwätzen, wat op d’mannst zwee Staate viraussetze géif, wann net souguer fënnef, awer net alleguer, huet d’Le Bris weider erkläert. “Souguer wann een dovun ausgeet, dass dës Artikelen net ausser Kraaft getruede sinn, misst dës Aktioun gemeinsam sinn, also sinn d’Konditiounen am Kader vun der russescher Invasioun an der Ukrain iwwerhaapt net ginn”, sou d’Catherine Le Bris.

D’Ukrain ass kee feindleche Staat am Sënn vum Artikel 107

D’Interpretatioun vu béiden Artikelen, déi online verbreet goufen, baséiert op zwee historesche Feelschlëss, wéi de Romuald Sciora, Fuerscher um franséischen Institut fir international a strategesch Bezéiungen (Iris) an UN-Expert, den 10. Oktober 2022 géintiwwer der AFP sot: “Do geet et ëm Kroatien, Slowenien a sou weider, déi 1945 net existéiert hunn, well et deemools ëm Jugoslawien goung.”

De Sciora kéint sech net virstellen, wéi een deemools hätte viraussoe kënnen, dass Slowenien enges Daags en onofhängegt Land mat Nazi-Tendenze si géif. Dat wär verréckt. “Kee konnt sech deemools virstellen, dass Jugoslawien véierzeg Joer méi spéit kee Staat méi wär.” Ausserdeem huet den Expert ugemierkt: “Firwat gëtt d’Ukrain als feindleche Staat genannt, obwuel se Deel vun der Sowjetunioun war?”

Op dës Inkoherenz huet den 11. Oktober 2022 och de Pierre Bodeau-Livinec, Professer fir Droit public op der Universitéit Paris Nanterre, higewisen: “Et kann een d’Ukrain net als feindleche Staat am Sënn vun dëser Bestëmmung (Artikel 107) betruechten: d’Ukrain huet deemools zur Sowjetunioun gehéiert a war de 24. Oktober 1945 souguer Grënnungsmember vun de Vereenten Natiounen.”

De Lukas Aubin, Fuerschungsdirekter um scho genannten Institut fir international a strategesch Bezéiungen, sot den 11. Oktober géintiwwer der AFP och, dass d’Regierung vum Wolodymyr Selenskyj net mam Nationalsozialismus verbonne wär.

“Mir befannen eis hei eendeiteg an der Weiderféierung vun der russescher Propaganda, déi als Zil huet, d’Interventioun an der Ukrain ze legitiméieren an d’ukrainesch Regierung ze diskreditéieren. Schonn an der Mëtt vun den 2000er Joren, wéi déi baltesch Staaten der NATO bäigetruede sinn, huet de Putin d’Nazi-Argument benotzt, fir si ze “diskreditéieren”, huet den Aubin betount.

Putin huet versicht d’Invasioun mat der Charta ze rechtfäerdegen

De 26. Abrëll 2022 hat de Wladimir Putin bei senger Entrevue mam Antonio Guterres zu Moskau selwer d’Compatibilitéit vun der russescher Invasioun an der Ukrain mat der Charta vun de Vereenten Natioune verdeedegt. Dobäi huet sech de Putin allerdéngs op den Artikel 51 fir d’Selbstverdeedegung beruff. Den Artikel gëtt all Memberstaat d’Recht, sech géint en Ugrëff ze verdeedegen.

Den Artikel liwwert eng vun den eenzegen Ausname vum Grondsaz vun den Artikelen zwee bis véier, no deenen d’Membere vun de Vereenten Natiounen “an hiren internationale Bezéiungen all Menace oder Uwendung vu Gewalt géint déi territorial Integritéit oder déi politesch Onofhängegkeet vun engem Staat oder Aktiounen, déi am Widdersproch zu den Ziler vun de Vereenten Natioune stinn, ënnerloosse” sollen.

De Wladimir Putin hat wärend senger Entrevue mam UN-Generalsekretär erkläert, dass hien dës Bestëmmung vun der Charta agehalen hätt, andeem hien “dem Ruff no militärescher Hëllef” u Russland nokomm wär, well d’Ukrain d’Regioune Luhansk an Donezk, déi de Kreml kuerz virun der Invasioun vum ukraineschen Noper als onofhängeg erkläert hat, “mat Waffen ugegraff” hätt.

Wéi de Guillaume Devin de 15. Mäerz 2022 an engem Bäitrag an der belscher Zeitung Le Soir erkläert huet, “sinn déi angeeblech attackéiert Objeten (‘d’Volleksrepublicken am Donbass’) awer net just guer net ‘Member vun de Vereenten Natiounen'”, mee déi “d’Moossnamen, déi beim Applizéiere vum Selbstverdeedegungsrecht benotzt goufen”, géifen och just gëllen, “bis de Sécherheetsrot déi noutwenneg Moossnamen fir d’Erhale vum Weltfridden a vun der internationaler Sécherheet ergraff huet”. Dat wär awer hypotheetesch onméiglech, well Russland mat sengem Vetorecht déi normal Funktiounsweis vum Rot blockéiere géif.

“Fir dëst Recht auszeüben, muss ee fir d’éischt ugegraff gi sinn – d’USA hate sech no den Attacke vum 11. September dorop beruff, wat bei Russland net de Fall ass”, huet och d’Alexandra Novosseloff betount.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet déi russesch Invasioun an der Ukrain schonn den éischten Dag als “Verstouss géint d’Charta” vun de Vereenten Natioune bezeechent. D’Militäroperatioun wär “onzoulässeg”, awer “net irreversibel”, housch et deemools. De Guterres huet de russesche President Wladimir Putin dozou opgefuerdert, d’Invasioun ofzebriechen a seng Truppen zeréck a Russland ze schécken.

“Russland versicht wierklech, seng Interventioun rechtlech ze rechtfäerdegen, awer et gëtt net vill Méiglechkeeten, eng militäresch Interventioun vun dëser Aart ze rechtfäerdegen, ouni dass se als arméiert Aggressioun agestuuft gëtt”, huet d’Catherine Le Bris erkläert. Déi eenzeg Elementer, op déi ee sech theoreetesch baséiere kéint, wären d’Geneemegung vum Sécherheetsrot an d’Selbstverdeedegung.

Fazit: D’Expertinnen an d’Experte fir d’UNO an international Bezéiungen, déi vun der AFP befrot goufen, hunn erkläert, d’Ausleeë vum Artikel 106 an 107 vun der UN-Charta wär falsch. D’Artikele wären Iwwergangsbestëmmungen aus dem Joer 1945, wéi den Zweete Weltkrich op en Enn goung, déi ni an der Praxis applizéiert goufen. Dës kënnen am Zesummenhang mat dem aktuelle Konflikt net revendiquéiert ginn. D’Vereenten Natiounen hunn déi russesch Invasioun an der Ukrain am Géigendeel als e Verstouss géint d’UN-Charta bezeechent.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.