Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Satireschen TikTok-Video iwwer Zwillingsbrudder vum US-President Biden

Faktencheck: Satireschen TikTok-Video iwwer Zwillingsbrudder vum US-President Biden - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den amerikanesche President soll en Zwillingsbrudder hunn, deen d’Geschäfter vum verstuerwenen Joe Biden iwwerholl huet. Dat ass déi neist Behaaptung vum Joe Biden senge Kritiker am Internet. De Video staamt awer vun engem satiresche Kont.

“Mäi Grousspapp Joe Biden huet en Zwilling an dësen Zwilling gëtt därzäit vir, den Joe Biden am Wäissen Haus ze sinn”, seet d’Fra am TikTok-Video, deen den 11. Juni 2022 publizéiert gouf. E gouf du vu Leit, déi d’Behaaptung vum September 2022 als wouer ugesinn, weider gedeelt.

“Naomi Biden seet de Joe Biden wier viru 4 Joer gestuerwen an duerch en Zwillingsbrudder ersat ginn”, steet an engem Tweet vum 7. September 2022.

RTL Screenshot of a tweet taken September 8, 2022

Änlech Behaaptunge goufen op Twitter an op Instagram verbreet. De Video gouf och op YouTube gedeelt, ier e wéinst Verstouss géint déi allgemeng Richtlinne geläscht gouf.

Dës Bäiträg sinn déi neist Behaaptunge vun enger Rei vun onbegrënnte konspirative Behaaptungen iwwer e Klon, deen de Biden ersat hätt. D’AFP huet keng glafwierdeg Medieberichter iwwer den Doud vum US-President fonnt.

De Biden ass deen eelste vu véier Geschwëster an huet keen Zwilling. D’Naomi Biden ass eng vun den Enkelinne vum President, awer si ass net d’Fra am TikTok-Video, och wann d’Aussoen am Internet eppes aneres soen.

De Video gouf ursprénglech vum Kass Theaz op TikTok gepost. Hiren Account, isatandstared, ass kloer als Satir gekennzeechent, genee wéi hiren Instagram-Account.

RTL Screenshot of a TikTok account taken September 8, 2022

Zu hirem Inhalt gehéiert e Video, an deem si freet: “Mengs du, et wär eng gutt Iddi, deng Elteren ze verkloen, well si dech hunn?” an eng weider Behaaptung ass, dass “Vulle Roboter sinn, déi vun der Regierung hiergestallt goufen.”

D’Bäiträg kommen no der Ukënnegung, dass d’Naomi Biden sech am November am Wäissen Haus bestuede wäert, déi éischt Hochzäits-Zeremonie am Wäissen Haus zanter 1971.

D’AFP huet aner onwouer Behaaptungen iwwer d’Biden-Famill opgedeckt (hei an hei).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.