Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ukrainesch Weess-Exporter, déi feelen, sinn e Risk fir weltwäit Liewensmëttelversuergung

Faktencheck: Ukrainesch Weess-Exporter, déi feelen, sinn e Risk fir weltwäit Liewensmëttelversuergung - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi russesch Invasioun an der Ukrain suergt net just am attackéierte Land fir Leed an Honger, mee och a villen anere Länner op der Welt. D’Ukrain ass nämlech e wichtegen Exporteur vu Kären.

Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn zënter Ufank Juni op Facebook Bäiträg gedeelt (hei, hei), déi den Androck vermëttelen, de Krich an der Ukrain kéint keen däitlechen Afloss op déi weltwäit Versuergung mat Narungsmëttelen hunn, well d’Ukrain am weltwäite Verglach just wéineg Weess a Mais produzéiere géif. Och op Telegram (hei, hei) an Twitter hunn Zéngdausende vu Leit d’Behaaptung gesinn.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 22.06.2022

Zënter der russescher Attack op d’Ukrain de 24. Februar 2022 maachen eng jett falsch Behaaptungen d’Ronn a sozialen Netzwierker iwwer de Krich an Osteuropa. D’AFP sammelt Faktenchecken am Zesummenhang mam Krich.

UNO warnt virun de Konsequenze vu Präiss-Haussen

An engem Rapport vum Juni 2022 warnt d’UN-Organisatioun fir Ernärung a Landwirtschaft FAO virun den negativen Auswierkunge vum Krich fir déi global Liewensmëttelversuergung: “Wann de Krich zu enger unhalender Reduktioun vun Narungsmëttel-Exporter aus der Ukrain an aus der russescher Federatioun féiert, wäert dëst zousätzlechen Drock op déi international Narungsmëttelpräisser ausüben.” Berechnunge vun der Organisatioun no kéint d’Zuel vun den ënnerernäerte Mënschen als Suitte vum Krich weltwäit ëm 8 bis 13 Millioune klammen.

D’Ukrain gehéiert zu de weltwäit wichtegsten Exportlänner fir Weess a Mais. Als Konsequenz vum Krich kënne grouss Quantitéiten un Narungsmëttel d’Land zënter Méint net verloossen. D’FAO geet dovun aus, dass dem Ament bis zu 22 Milliounen Tonne Weess an aner Kärenzorten an der Ukrain festsëtzen. Experte fäerte grav Konsequenze fir déi weltwäit Narungsmëttelversuergung opgrond vun enger méi knapper Offer u Grondnarungsmëttel a Präisser, déi séier klammen.

D’Bäiträg, déi aktuell verbreet ginn, behaapten awer, d’Ukrain géif am globale Verglach vill ze wéineg Quantitéite Weess a Mais produzéieren, fir de weltwäiten Ernierungssystem nohalteg beanträchtegen ze kënnen. Sou stame “vun den ca. 800 Milliounen Tonne Weess, dee all Joer weltwäit verbraucht” géif, just 2,5 Prozent aus der Ukrain. Beim Mais wär et, den Eegeverbrauch vun der Ukrain ofgerechent, souguer just en Undeel vun 1,8 Prozent um weltwäite Gesamtverbrauch vun 1,2 Milliarden Tonnen.

Den Zuele vun der FAO no entspriechen d’Donnéeën am Bäitrag ongeféier den effektive Quantitéiten a prozentualen Undeeler. Deemno huet d’Ukrain 2020 ronn 25 Milliounen Tonne Weess – 3,3 Prozent vun der weltwäiter Gesamtproduktioun – produzéiert a war domat den aachtgréisste Produzent vu Weess op der Welt. Mat enger Mais-Recolte vun 30 Milliounen Tonnen – 2,6 Prozent vun der weltwäiter Gesamtproduktioun – huet d’Ukrain 2020 am internationale Verglach Plaz fënnef vun de wichtegste Produktiounslänner beluecht.

Grouss Quantitéite vun ukraineschem Weess si fir den Export bestëmmt

De vergläichsweis geréngen Undeel vun der Ukrain un der weltwäiter Produktioun u Weess a Mais géif awer op kengem Fall bedeiten, dass d’Land irrelevant fir déi global Narungsmëttelversuergung wär, sot de Matin Qaim, Professer fir Agarekonomie op der Universitéit Bonn, den 28. Juni 2022 géintiwwer der AFP. De Qaim leet den Zentrum für Entwicklungsforschung op der Universitéit Bonn an ass en international renomméierten Expert fir de globalen Ernierungssystem.

D’Behaaptungen aus dem Bäitrag géifen op enger falscher Suppositioun berouen: “Hei gëtt fälschlech dovun ausgaangen, dass d’Präisser op den internationale Mäert op der gesamter weltwäit produzéierter Quantitéit baséieren”, huet hien erkläert. Dat wär awer net de Fall. Just e Brochdeel vun der weltwäiter Weessproduktioun wär iwwerhaapt fir den Export virgesinn.

Déi zwee gréisst Produzente vu Weess op der Welt, China an Indien, dauchen op der Lëscht vun den 10 wichtegsten Exportlänner iwwerhaapt net op, well se bal kee Weess an d’Ausland verkafen. D’Präisser fir Weess um Weltmaart entstinn duerch d’Quantitéit u Weess, deen do gehandelt gëtt, net duerch d’Quantitéit vum insgesamt produzéierte Weess. Ëmsou méi knapp d’Offer u Weess ass, ëmsou méi héich sinn d’Präisser.

Russland huet Exportstopp fir Weess verhaangen

D’Ukrain huet virum Krich par konter verhältnesméisseg vill Weess a Mais fir déi international Mäert produzéiert: 2020 huet se 18,1 Milliounen Tonne Weess an 28 Milliounen Tonne Mais exportéiert, wat engem Undeel vun 9, respektiv 14,5 Prozent un de weltwäiten Exporter u Weess a Mais entsprécht. Domat war se am internationale Verglach dat fënneftgréisst Exportland fir Weess an de véiertgréissten Exporteur vu Mais. Russland, de gréissten Exporteur vu Weess, huet virum Krich 18,8 Prozent vun de weltwäiten Exporter ausgemaach. Russland an d’Ukrain hunn zesumme méi wéi e Véierel vum weltwäit fir den Export bestëmmte Weess produzéiert.

RTL Die acht größten Weizenexportländer der Welt ( THORSTEN EBERDING / AFP / )

Mee Russland huet säit dem Ufank vum Krich en deelweisen Exportstopp fir d’Kären aus dem eegene Land verhaangen, wat d’Offer op de Weltmäert zousätzlech méi knapp gi léisst. Russland huet Weess zënterhier just nach ganz selektiv u bestëmmte Länner, déi et als Alliéiert oder Ënnerstëtzer vu senger Politik ugesäit, ausgeliwwert, sot de Matin Qaim, zum Beispill no Syrien. “Gläichzäiteg verbreede russesch Politiker den Narrativ, dass et e Manktem u Weess gëtt, wär eng Konsequenz vun de westleche Sanktiounen, wat net stëmmt.” D’Sanktioune vun der Europäescher Unioun souwéi den USA a Kanada géint Russland gesi keng Aschränkunge fir Liewensmëttel vir.

D’Präisser fir Narungsmëttel op den internationale Mäert wären en plus schonn an den zwee Joer virum Krich däitlech geklommen, sot de Matin Qaim. D’Ursaachen heifir wäre villfälteg: Faillen an Ënnerbriechunge vu globale Liwwerketten duerch d’Corona-Pandemie, Ausfäll vun der Recolte duerch extreem Wiederphenomener an der Konsequenz vum Klimawandel a klammend Energiepräisser hätten dozou geféiert, dass d’Präisser fir Weess am Januar 2022 ëm ongeféier 50 Prozent méi héich louchen, wéi nach zwee Joer virdrun.

RTL Entwicklung Weizenpreis seit Jahresbeginn ( THORSTEN EBERDING / AFP / )

Eng Partie international Expertinnen an Experten hunn dohier scho virum Krichsausbroch virun de Suitte vun enger arméierter Ausenanersetzung tëscht Russland an der Ukrain fir déi weltwäit Narungsmëttelversuergung gewarnt. E Krich tëscht dësen zwee bedeitenden Exportlänner vu Weess géif déi global Ernierungssituatioun, déi souwisou schonn ugespaant ass, zousätzlech verschäerfen, wéi si gefaart hunn.

Nom Ufank vun der russescher Invasioun sinn d’Präisser op en Neits ëm knapp 50 Prozent geklommen, wat eng Verdueblung vum Präis fir Weess bannent zwee Joer ausmécht. Huet e Schäffel Weess (27,22 Kilogramm) den 28. Juli 2020 nach 5,27 Dollar kascht, louch de Präis den 28. Juni 2022 bei 9,33 Dollar. Zäitweis huet e Schäffel Weess 12 Dollar op der Bourse kascht. “Wann ee sech d’Entwécklung ukuckt, erkennt een e kontinuéierlechen Trend no uewen”, sot de Qaim.

De Manktem u Weess ass plazeweis schonn ze spieren

D’Weessexporter aus der Ukrain, déi feelen, hu sech net ouni Weideres duerch méi héich Exporter vun anere Länner ausgläiche gelooss, huet de Qaim erkläert. “Kee Land op der Welt huet e puer Milliounen Tonne Kären op Lager.” Déi weltwäit recoltéiert Quantitéite wären net dofir virgesinn, laangfristeg gelagert ze ginn, mee géife consomméiert oder exportéiert.

D’Länner, déi haaptsächlech Weess aus der Ukrain kafen, leien an Nordafrika, am Noen a Mëttleren Osten souwéi an Ostafrika. Besonnesch ofhängeg vu Weess-Importer aus der Ukrain sinn den Donnéeë vun der FAO no Länner wéi Tunesien, Mauretanien, de Libanon an Dschibuti.

RTL Länder mit der höchsten Abhängigkeit von russischem und ukrainischem Weizen ( LAURENCE SAUBADU, SYLVIE HUSSON / AFP / )

D’Konsequenze vum Manktem wären an dëse Länner elo schonn ze spieren, huet de Matin Qaim erkläert. “Mënschen a méi aarme Länner kënnen eben net einfach mol dat Duebelt bezuelen, well se souwisou scho méi wéi d’Hallschent vun hirem Akommes fir Liewensmëttel ausgi mussen.” Vill Mënschen hätten an de leschte Méint d’Zuel vun hire Moolzechte reduzéiere mussen a géifen ënner Honger an Närstoffmangel leiden.

Den 22. Juli 2022 hunn d’Ukrain a Russland, ënnert der Vermëttlung vun der tierkescher Regierung an der UNO, en Ofkommes ënnerschriwwen, dat virgesäit, dass déi ukrainesch Exporter fir Kären iwwer dat Schwaarzt Mier nees opgeholl sollen a gereegelt ginn. Béid Länner hu sech dora verflicht, sécher Korridore fir Frachtschëffer anzehalen an do op militäresch Aktivitéiten ze verzichten. D’Frachtschëffer solle beim Aus- an Alafen an den Häfe vun ukrainesche Militärbooter begleet ginn.

Eng Attack mat enger Rakéit op den Hafe vun Odessa huet Zweiwel un der Fiabilitéit vun de russeschen Zousoen opkomme gelooss. De Weekend no der Ënnerzeechnung vum Ofkommes hu russesch Rakéiten den Hafe vun der südukrainescher Stad, an deem och grouss Quantitéite Weess fir den Export gelagert sinn, getraff. Moskau huet betount, d’Arméi hätt just “militäresch Infrastruktur” an d’Viséier geholl an engem Relancement vun de Käre-Liwwerunge géif näischt am Wee stoen.

Fazit: D’Ukrain ass e bedeitenden Exporteur fir Weess a Mais. Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain sinn déi ukrainesch Narungsmëttelexporter däitlech zeréckgaangen. De weltwäite Manktem bei der Offer vu Weess huet zu enger drastescher Hausse bei de Präisser fir Liewensmëttel gefouert, wat d’Versuergung virun allem a méi aarme Regioune vun der Welt verschlëmmert.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.