Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Verléieren 9 vun 10 schwanger a geimpft Fraen hir Bëbeeën?

866fac960e559697cd15bd1639a1d082

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Covid-Impfstoffer léise bei ville Leit Bedenken aus, besonnesch bei schwangere Fraen. Ëmmer erëm dauche Behaaptungen iwwer Probleemer wärend der Schwangerschaft a Relatioun mat den Impfstoffer op. Wat stécht dohannert?

“Confidentiel Dokumenter vu Pfizer, déi d’FDA per Geriichtsbeschloss publizéiere misst, hunn erginn, dass 82 % bis 97 % vun de Fraen, déi fälschlecherweis de Covid-19-mRNA gesprëtzt kruten, eng Feelgebuert haten oder den Doud vum Puppelche bei der Gebuert materliewe missten”, sou d’Auteure vu Blogartikelen oder Tweets op Franséisch. D’Behaaptung gouf och op Twitter a Facebook (1, 2, 3, 4) a spuenescher Sprooch propagéiert

RTL

Verschidde vun dëse Publikatioune bezéie sech op en Artikel vun “The Exposé”, enger Websäit, déi scho wärend der Covid-19-Pandemie Géigestand vun enger Rei Artikele war (1, 2).

Dës Behaaptunge gehéieren zu den zuelräiche Falschmeldungen, déi a sougenannte “Revelatiounen” iwwer d’Gefore vum Covid-Impfstoff aus de “Pfizer-Dokumenter” opgedaucht sinn.

Dës Dokumenter vu Pfizer ginn no an no vun der FDA (Food and Drug Administration), der amerikanescher Medikamentenagence, publizéiert. Se stinn am Zesummenhang mat der Zouloossung vum Pfizer/BioNTech-Impfstoff géint Covid-19 duerch d’Agence: D’Pharmaentreprise huet senger Demande op Zouloossung wéi üblech dausende Säite mat Donnéeën an Informatiounen iwwer d’Versich bäigefüügt, déi se zur Wierksamkeet a Sécherheet vun hirem Produit duerchgefouert hat. Wéi och aner Entreprisen dat no Zouloossunge maachen, muss Pfizer weiderhin Iwwerwaachungsdonnéeë fir “d’Post-Autorisatioun” matdeelen.

D'”Pfizer-Dokumenter” kënnen op der Websäit vun enger Netregierungsorganisatioun mam Numm “Public Health and Medical Professionals for Transperancy” (PHMPT) consultéiert ginn. Dat erkläertent Zil vun der ONG ass et, dës Pabeieren dem Public zougänglech ze maachen. Den 19. Mee 2022 stinn “238 Dokumenter” bereet, fir erofgelueden ze ginn, déi tëscht dem 17. November 2021 an dem 2. Mee 2022 publizéiert goufen.

Zu dësem Zweck stëtzt sech d’Organisatioun op de “Freedom of Information Act“, dat amerikanescht Gesetz fir de fräien Zougang zu Informatiounen, dat d’US-Bundesagence verflicht, jidderengem hir Dokumenter op Demande zur Verfügung ze stellen. Ursprénglech hat d’FDA – déi hir Verflichtung zur Publikatioun vun den Dokumenter net a Fro gestallt huet – proposéiert, d’Dokumenter an engem Rhythmus vu 500 Säite pro Mount ze publizéieren. Awer d’PHMPT-Grupp hat e vill méi séieren Tempo gefuerdert an en texanesche Riichter huet Ufank Januar 2022 decidéiert, dass d’FDA dës Dokumenter bis zum 31. Januar 2022 op “méi wéi 12.000 Säiten” publizéiere sollt an dunn vum 1. Mäerz un “55.000 Säiten all 30 Deeg”.

Mat all Publikatioun vu “Pfizer-Dokumenter” dauchen dës ierféierend Behaaptungen ëmmer erëm op, obwuel déi meescht vun deene scho vu ville Wëssenschaftler op der ganzer Welt widderluecht goufen a Géigestand vu sëllegen Iwwerpréiwungsartikele waren a sinn.

Wat steet an dësen Dokumenter?

Deen als Quell zitéierten Artikel am “The Exposé” enthält Screenshots vun Dokumenter an englescher Sprooch. Se schwätze vu “Schwangerschaft” an “Nierzäit” wéi och vu “Fallbeurteelungen no der Erdeelung vun enger Autorisatioun”.

Eng Sich no Stéchwierder féiert zu engem Dokument vu Pfizer mam Titel “Cumulative analysis of post-authorisation adverse event reports for pf-07302048 (bnt162b2) received as of 28-Feb-2021”. Dëst Dokument enthält eng Analys vu Resultater fir den Impfstoff vu Pfizer no der Zouloossung virum 28. Februar 2021.

Am Rapport geet vun Niewewierkunge Rieds, déi vu Persounen, déi de Vaccin tëscht dem 11. Dezember 2020 an dem 28. Februar 2021 gesprëtzt kruten.

Op der Säit 5 vum Dokument gëtt de Lieser direkt dorop higewisen, dass an dësem Rapport iwwer onerwënscht Niewewierkunge geschwat gëtt, net awer iwwer d’Probabilitéit, dass esou Evenementer bei der geimpfter Populatioun optrieden. Weider heescht et op Säit 6, dass d’Oplëschtung vun dëse Meldungen “net noutwennegerweis bedeit, dass eng Niewewierkung duerch d’Medikament (Pfizer-Impfstoff, Um. v. d. Red.) ausgeléist gouf, mee villméi duerch eng Gronderkrankung oder en anere Facteur, wéi z.B. Virerkrankungen oder en aktuellen Traitement.

Doriwwer eraus geet aus dem genannten Deel vum Dokument vu Pfizer (S. 12) net ervir, dass dës schwanger Fraen “iertemlech” mam Covid-19-Impfstoff a Kontakt koumen, wéi déi analyséiert Behaaptungen aussoen, mee villméi zu wéi engem Zäitpunkt oder a wéi engem Trimester si geimpft goufen. Op der selwechter Säit vum Dokument ass ze liesen, dass bis den 28. Februar 2021 insgesamt 42.086 Persounen, déi de Pfizer-Impfstoff kritt hunn, Niewewierkunge wärend der Etüd gemellt hunn. 270 vun hinnen hunn uginn, schwanger ze sinn.

Bei 238 vun dëse Fäll hu Fraen den Ausgang vun hirer Schwangerschaft net uginn. Bei fënnef weidere Schwangerschaften hunn Informatioune gefeelt an eng gouf als “normal” registréiert. Doriwwer eraus goufen 23 Feelgebuerten, zwou Fréigebuerte mat neonatalem Doud, zwee Feelgebuerte mat Doud am Uterus an eng Feelgebuert mat neonatalem Doud signaléiert. Dat bedeit net, dass en Zesummenhang mat der Impfung hiergestallt gouf.

Vun den 270 ënnersichte Schwangeren hunn 10,37 % eng Feelgebuert, en Doud bei der Gebuert oder en Doud vum Puppelchen uginn.

A bedauerlecherweis läit d’Heefegkeet vu Feelgebuerte “ganz héich, jee no Alter tëscht 10 an 20 %”, sot den Dokter Tom Shimabukuro vum Impfschutzteam vun der amerikanescher CDC de 26. Februar. Den Här Shimabukuro huet e Rapport iwwer d’Sécherheet vum Covid-19-Impfstoff wärend der Schwangerschaft op enger Sëtzung vum Comité consultatif fir Impfstoffer vun der FDA virgestallt.

Wéi kënnt “The Exposé” op en Undeel vun “néng bis zéng Fraen”, déi hiert Kand verluer sollen hunn? Hien huet sech decidéiert, just déi 29 Fäll ze berécksiichtegen, an deenen den Ausgang vun der Schwangerschaft bekannt war. Op Grondlag vun dëser Zuel huet d’Websäit de Prozentsaz vun den 28 Fäll vu Feelgebuerten, vun Doud am Uterus oder neonatalem Doud berechent, a kënnt esou bei der Publikatioun op d’Zuel vun ongeféier 90 %, wärend déi 238 Fäll, bei deenen et kee Réckfall gouf, net berécksiichtegt goufen.

Den Donnéeë vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no “goufe bis Februar 2022 an den USA méi wéi 198.000 schwanger Fraen observéiert, nodeems si géint Covid-19 geimpft goufen, meeschtens mat mRNA-Impfstoffer.”

“Etüden, déi am Kader vun dësem Iwwerwaachungssystem an aneren US-Datebanken iwwer d’Sécherheet vun Impfstoffer publizéiert goufen, weise keen Zesummenhang tëscht der Impfung an defavorabele Schwangerschaftsausgäng“, betount d’WHO an erënnert dorun, dass “vill Etüde weisen, dass schwanger Fraen, déi mat Covid-19 infizéiert waren, e méi héije Risiko hunn, schwéier Forme vun der Erkrankung ze entwéckelen” an dass “den Notze vun der Impfung wärend der Schwangerschaft méi héich läit wéi méiglech Risiken”.

A Frankräich huet de Conseil d’orientation de la stratégie vaccinale am Fréijoer 2021 en Elargissement vun der Impfung fir schwanger Frae recommandéiert.

Hei fannt Dir den Dossier vun der ANSM iwwer Covid-Impfstoffer a schwanger Fraen. “Bis haut gëtt et bei allen Impfstoffer géint Covid-19, déi a Frankräich ze kréie sinn, keng [negativ] Unzeeche fir schwanger oder nierend Fraen“, heescht et däitlech.

RTL Capture d'écran du site de l'ANSM faite le 10 mai 2022

Eng am Mäerz 2022 publizéiert Etüd mat 97.590 Persounen an Ontario (Kanada) koum zur Konklusioun, dass eng Impfung géint Covid-19 wärend der Schwangerschaft “net signifikant mat engem méi héije Risiko fir Niewewierkungen am Perpartum (Enn vun der Schwangerschaft a Gebuert) associéiert war”, Bluddungen, Keeserschnëtt oder eng Hospitaliséierung op der Intensivstatioun inclus.

D’AFP huet schonn eng Rei vu Faktenchecken iwwer Behaaptungen zu schwangere Fraen a Covid-Impfstoffer realiséiert (1 , 2).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.