Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Verongléckte Kölner Geschäftsmann hat näischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn

Faktencheck: Verongléckte Kölner Geschäftsmann hat näischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeems Ufank September 2022 e Kölner Geschäftsmann mat sengem Privatfliger iwwer der Ostséi erofgefall war, maachen am Internet Verschwörungstheorien den Tour. Deenen no wär d’Firma vum Mann fir d’Maintenance vun den Nord-Stream-Turbinnen zoustänneg gewiescht, heescht et am Internet. Och iwwer en Ofschoss vum Fliger gëtt spekuléiert.

D’Behaaptungen zum Ofschoss goufen zu Dosenden op Facebook gedeelt. Op Telegram hunn iwwer honnertdausend Leit Bäiträg dozou gesinn.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 24.09.2022

Tatsächlech hat de Fluch vun engem Privatfliger de 4. September 2022 en dramatescht Enn fonnt. Eng Cessna 551 war um Wee vum südspuenesche Jerez op Köln gewiescht, hat allerdéngs hir Bunn geännert a war virun der Küst vu Lettland an d’Ostséi gestierzt. Kampfjetten aus Däitschland, Frankräich, Dänemark a Schweden haten d’Maschinn op hirem Fluch begleet an ouni Erfolleg versicht, Kontakt mat de Passagéier opzehuelen.

Änlech Spekulatioune gouf et am Oktober och wéinst de Lächer an den Nord-Stream-Pipelinen. User hu behaapt, den zoustännegen Ermëttler wär dout opfonnt ginn. D’AFP huet dës Behaaptung widderluecht. Weider Faktenchecke vun der AFP zum Krich an der Ukrain fannt Dir hei.

Keng Verbindung zu Nord Stream

Ufank September 2022 hat de russesche Konzern Gazprom d’Gasliwwerungen duerch Nord Stream 1, déi virdru scho reduzéiert goufen, ënnerbrach. Als Grond hat d’Entreprise Maintenanceaarbechten, déi reegelméisseg stattfannen, souwéi eng feelend Turbinn uginn. D’AFP huet doriwwer bericht:

An de Bäiträg, déi aktuell am Internet den Tour maachen, heescht et, d’Entreprise vum Pilot, deen iwwer der Ostséi ofgestierzt war, wär fir d’Maintenance vun der Turbinn responsabel gewiescht. Dozou gëtt en Artikel vum Noriichteportal “Focus Online” vum 7. September 2022 gedeelt.

“Focus Online” no handelt et sech beim Pilot ëm de Kölner Geschäftsmann Peter Griesemann. Op der Websäit vu senger Firma, der Griesemann-Gruppe, heescht et, de Peter Griesemann hätt d’Entreprise gegrënnt, haut géif säin eelste Bouf d’Firma leeden. D’Firma ass ënner anerem am Beräich Anlagentechnik täteg.

Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vun der Entreprise den 8. September 2022 confirméiert, dass sech de Peter Griesemann ënnert den Affere vum Fligerongléck iwwer der Ostséi befonnt huet. “Mat him zesumme waren zwee Familljememberen an eng weider Persoun.” Eng Verbindung zu Nord Stream huet de Spriecher awer dementéiert. “Et gëtt keng Verbindung vun der Griesemann-Gruppe oder vum Peter Griesemann zu enger vu béiden Nord-Stream-Pipelinen oder Deeler dovun.”

E Spriecher vun der Bedreiwergesellschaft vun Nord Stream 1, vun der Nord Stream AG, huet den 28. September 2022 géintiwwer der AFP erkläert, him wär och net bekannt, dass d’Griesemann-Gruppe un der Maintenance vun der Pipeline oder vun de Pompele bedeelegt wär. Et géif keng geschäftlech Bezéiung tëscht béiden Entreprisen, sou de Spriecher.

A Medieberichter gouf zudeem schonn e puer Mol Siemens Energy als Hiersteller vun den Nord-Stream-Turbinne genannt (hei, hei, hei). Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vu Siemens Energy dat den 13. September 2022 bestätegt: “Siemens Energy ass den Hiersteller vun Turbinnen, déi an der Verdichtungsstatioun vun Nord Stream 1 agesat ginn. Am Fréijoer 2022 huet Siemens Energy den Optrag fir d’Maintenance vun enge Turbinn kritt an dës am Wierk a Kanada duerchgefouert.”

No der Maintenance wär d’Turbinn Ufank August vu Kanada an Däitschland transportéiert ginn an hätt sech Mëtt September 2022 am Wierk vu Siemens Energy am däitsche Mülheim an der Ruhr befonnt. D’Griesemann-Gruppe wär a kenger Weis un der Maintenance vun der Turbinn bedeelegt gewiescht. Engem Faktencheck vun der Noriichtenagence DPA no huet d’Griesemann-Gruppe och näischt mat der Maintenance vun den aneren Turbinnen ze dinn.

Loftwaff: Keng Kenntnis vun engem Ofschoss

D’Ermëttlungen zur Ursaach vum Ofstuerz huet déi däitsch Bundesstelle für Flugunfalluntersuchung (BFU) iwwerholl. Hire Pressespriecher Germout Freitag huet de 26. September 2022 géintiwwer der AFP erkläert, d’BFU kéint zu dësem Zäitpunkt keng Angaben zur Ursaach vum Accident maachen. “Bei Ënnersichunge vu Fligeraccidenter gëtt vu vireran näischt ausgeschloss”, sot hien.

Aktuell géifen d’Wrackdeeler aus der Ostséi gebuergen an ënnersicht ginn. Den Ausgang vun den Ermëttlunge an eng méiglech Ursaach fir den Accident géifen awer eréischt am Ofschlossbericht vun der BFU duergestallt. Wa genee de Bericht publizéiert géif, wär aktuell onkloer, sot de Freitag, en éischten Tëschebericht kéint awer Enn November 2022 virleien.

E Spriecher vun der däitscher Loftwaff huet den 13. September géintiwwer der AFP erkläert, am Fall vun der Maschinn, déi iwwer der Ostséi ofgestierzt war, wär “ausschliisslech eng Begleedung an d’Identifikatioun vum Fliger vun noem” erfollegt. “Moossnamen, déi doriwwer eraus ginn, goufen net gemaach.”

Nodeem de Fliger den däitsche Loftraum iwwer der Ostséi verlooss hätt, gouf e vu Fligere vun der dänescher Loftwaff begleet. E Spriecher vun der dänescher Arméi huet de 4. Oktober der AFP per E-Mail matgedeelt, dass do keng Informatiounen iwwer en Ofschoss vum Fliger virleien. Déi dänesch Militärfligeren hu sech kuerz virum schweedesche Loftraum zeréckgezunn an déi schweedesch Arméi huet doropshin d’Poursuitte vun der Maschinn iwwerholl.

De Presseservice vun der schweedescher Arméi huet der AFP den 10. Oktober per E-Mail matgedeelt, zwee schweedesch Kampfjette wären dem Privatfliger nogeflunn, dee riichtaus a mat konstanter Héicht a Vitess geflu wär. Och déi schweedesch Loftwaff wéisst näischt iwwer en angeeblechen Ofschoss.

Ofgestierzt war de Fliger schliisslech virun der lettescher Hafestad Ventspils, wéi d’AFP bericht hat. Lettland hätt keng eegen Kampffliger erausgeschéckt, huet eng Spriecherin vun der lettescher Arméi der AFP den 13. Oktober per E-Mail erkläert. E Schëff vun der lettescher Marinn wär um Sich- a Biergungsasaz , nodeem d’Maschinn erofgefall war, bedeelegt gewiescht. “Der lettescher Loftwaff si keng Beweiser bekannt, déi op eng Attack duerch Kampffliger hindeite géifen”, sou d’Spriecherin.

Fazit: Nee, den Ofstuerz vum Grënner vun der Griesemann-Gruppe, dem Peter Griesemann, steet net am Zesummenhang mat der Maintenance vun der Nord-Stream-1-Turbinn. D’Entreprise ass net fir d’Turbinn vun der Pipeline verantwortlech, wéi Nord Stream, den Hiersteller Siemens Energy an d’Griesemann-Gruppe selwer bestätegt hunn. Och vun engem angeeblechen Ofschoss vum Fliger hunn d’Loftwaffe vun Estland, Schweden an Dänemark keng Kenntnis.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.