Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video vu Stau u finnescher Grenz ass virun der Deelmobiliséierung entstanen

Faktencheck: Video vu Stau u finnescher Grenz ass virun der Deelmobiliséierung entstanen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeems de russesche President Wladimir Putin den 21. September 2022 eng “Deelmobiliséierung” vun de Russen am Alter, wou een an d’Arméi kann antrieden, ordonéiert hat, si Biller vu kilometerlaange Stauen an de sozialen Netzwierker zirkuléiert. Deem war awer net esou.

Honnerte User hunn de Video vum vermeintleche Stau am September op Twitter gedeelt. Op Facebook mécht d’Opnam och den Tour. Och däitsch Medien hunn de Clip fir hir Reportage benotzt. De Video gouf och an englescher Sprooch vun iwwer zéngdausend Leit gedeelt. D’Behaaptung huet sech och op Ukrainesch, Spuenesch, Portugisesch, Franséisch, Polnesch a Kroatesch verbreet.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 22.09.2022

Den 21. September 2022 huet de russesche President Wladimir Putin eng “Deelmobiliséierung” ugekënnegt. D’Ukënnegung huet zu engem Ustuerm op Flich an d’Ausland geféiert, vill Leit hunn d’Land verlooss. Bei Protester géint d’Deelmobiliséierung a Russland koum et ausserdeem zu honnerten Arrestatiounen. De selwechten Dag huet Finnland eng national Léisung ugekënnegt, fir den Tourismus aus Russland anzeschränken oder ze verhënneren.

De Video huet allerdéngs näischt mat der Ukënnegung ze dinn. De Mann, deen de Video opgeholl huet, huet der AFP géintiwwer confirméiert, dass en dräi Woche virdrun entstanen ass.

Video ass virun der Ukënnegung entstanen

D’AFP huet de Video scho virun der Ukënnegung vum Putin am Internet fonnt. Zwee Deeg virdrun, den 19. September 2022, hat e User mam Numm “Igor in Russia” de Video op Youtube an Tiktok verëffentlecht. Do huet hien uschléissend virun der Verwendung vun der Opnam an engem falsche Kontext gewarnt a geschriwwen, dass de Video scho virun der Ukënnegung opgeholl gi war.

RTL Kommentar von Igor Parri auf TikTok, Screenshot vom 22. September 2022

D’AFP huet den “Igor a Russland” kontaktéiert, dee mat richtegem Numm Igor Parri heescht. Hien huet den 22. September 2022 geschriwwen: “Et war en onglécklechen Zoufall, dass ech de Video virum Mëttwoch (dem Dag vum Putin senger Ukënnegung, Um. v. d. Red.) eropgelueden hunn. De Video selwer gouf den 29. August un der Grenz zu Vaalimaa opgeholl, awer esou e Stau ass un dëser Grenz normal.”

De Parri huet der AFP och d’Originalversioun vum Video, ouni Musek an Text, geschéckt. Aus de Metadaten, déi do dra sinn, konnt d’Plaz, wou de Video opgeholl gouf, erausfonnt ginn. De gespäicherte GPS-Donnéeën no gouf de Video kuerz virun der Grenzstatioun Vaalimaa am südëstleche Finnland opgeholl. Fotoe vum Grenziwwergang op Google Maps stëmmen och mam Video iwwereneen.

Finnesch Autoritéiten dementéiere Gerüchter

D’AFP huet den 22. September de Kimmo Ahvonen vum finnesche Grenzschutz de Video gewisen, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf. Hie sot zur Situatioun um Grenziwwergang zu Vaalimaa: “Gëschter Owend war d’Schlaang zu Vaalimaa ongeféier 250 Meter laang. Aktuell ass d’Situatioun änlech.” Dat ass wäit manner wéi de Stau vu 35 km, deen a verschiddene Bäiträg genannt gouf.

Den 21. September huet de finnesche Grenzschutz 4824 Mënschen, déi aus Russland iwwer déi ëstlech Grenz a Finnland gereest waren, gezielt. De selwechten Dag eng Woch virdru wären et nach 3.113 gewiescht. De Verkéier un der Grenz zu Russland hätt um Owend vum 21. September zougeholl an d’Situatioun wär nach ëmmer déi selwecht. Staue wären “näischt wierklech Besonnesches”, sot den Ahvonen.

D’AFP war den 22. September 2022 um Grenziwwergang Vaalimaa. En AFP-Video vun do weist, dass et op där Plaz zu Staue kënnt.

De finnesche Grenzschutz huet am Nomëtteg vum 21. September op Twitter allerdéngs viru falschen Informatiounen, déi den Tour maachen, gewarnt: “D’Situatioun un de Grenze vu Finnland huet sech mat der Ukënnegung vun der russescher Mobiliséierung net verännert.” Videoen an de sozialen Netzwierker géifen aus dem Kontext gerappt.

De Chef vun der internationaler Abteilung vum Grenzschutz, de Matti Pitkäniitty, huet sech de selwechten Dag op Twitter änlech geäussert. D’Situatioun un der russesch-finnescher Grenz wär normal, souwuel un der grénger Grenz wéi och am Verkéier. “Et gëtt normal Waardeschlaangen am Grenzverkéier, am Moment näischt ze mellen. Bleift roueg. Mir passen op, mellen eis, wann eppes geschitt”, huet et am Tweet geheescht.

De Kommunikatiounsdirekter fir Commerce am finneschen Ausseministère, de Ville Cantell, huet den 21. September 2022 och op Twitter geschriwwen: “Informatiounen iwwer laang Schlaangen un der Grenz tëscht Russland a Finnland sinn net korrekt. D’Situatioun un der Grenz ass normal. Videoe stamen net vun der aktueller Situatioun.”

“De Verkéier ass am Verglach mat de leschten Deeg méi héich, awer d’Hausse ass bei wäitem net wierklech dramatesch”, sot de Responsabele vum Grenzschutz Jari Huttunen an engem Video, deen de finnesche Grenzschutz den Owend vum 22. September publizéiert huet.

Finnesch Medien (hei, hei) hunn den 22. September vun der Hausse vum grenziwwerschreidende Verkéier bericht. Um Iwwergang zu Vaalimaa hätt sech e ronn 300 bis 400 Meter laange Stau gebilt. Meldunge vun der AFP no war de Stau am Nomëtteg vum 22. September ronn 150 Meter laang, vill méi kuerz wéi an de sozialen Netzwierker behaapt gouf.

D’Websäite Fintraffic a Kelikamerat weisen ausserdeem Webcam-Biller vun der aktueller Verkéierssituatioun, genee wéi vun der Situatioun vum 21. September.

RTL Autos aus Russland warten am 22. September 2022 am Grenzübergang zwischen Russland und Finnland nahe Vaalimaa ( AFP / OLIVIER MORIN)

Op Google Maps souwéi Yandex kann een och déi ongeféier Verkéierssituatioun ofruffen. Den 22. September hu béid keng dramatesch Verzögerunge gewisen, déi op e Stau vu 35 Kilometer hindeiten.

Fazit: Et gi méi Leit, déi um Grenziwwergang Vaalimaa vu Russland a Finnland reesen, an et hu sech e puer Schlaange forméiert, déi e puer honnert Meter laang sinn. Fir e 35 Kilometer laange Stau gëtt et awer keng Beweiser. E Video, deen am Internet propagéiert gouf, ass méi al a staamt aus dem August 2022, éier de Putin d’Deelmobiliséierung a Russland annoncéiert hat.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.