Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Weist dëse Video den Ënnergang vum russesche Krichsschëff “Moskwa”?

Faktencheck: Weist dëse Video den Ënnergang vum russesche Krichsschëff "Moskwa"? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den Ënnergang vum russesche Krichsschëff Moskwa huet fir vill Opreegung gesuergt, och an de sozialen Netzwierker. Hei si vill presuméiert Videoe vun enger Explosioun zirkuléiert, déi awer net onbedéngt d’Moskwa weisen.

D’Moskwa, d’Flaggschëff vun der russescher Marinn am Schwaarze Mier, ass de 14. Abrëll 2022 no enger Explosioun u Bord, ënnergaangen. D’Ukrain an d’USA behaapten, d’Schëff wär duerch eng Attack mat enger Rakéit ënnergaangen.

Dësen ierféierende Video weist e Schëff, dat explodéiert, matten um Mier a gouf de 15. Abrëll op Twitter publizéiert. E gouf méi wéi 119.000 Mol ugekuckt.

RTL A screenshot, taken on April 20, 2022, of the misleading post.

Dee selwechte Video, mat enger änlecher Beschreiwung, gouf och op Twitter a Weibo wéi och op TikTok, wou et 16 Millioune Mol gekuckt gouf, gedeelt.

Allerdéngs ass d’Behaaptung, de Video géif d’Moskwa weisen, falsch.

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet de Video, deen de 6. Juni 2013 vun der brittescher Noriichtenagence South West News Service op YouTube publizéiert gouf, fonnt.

De Video dréit den Titel: “Norwegesch Arméi test Rakéitenattack” (Norwegian Navy Test Missile Strike).

“Déi norwegesch Arméi huet eng ausgemustert Fregatt  fir eng Zilübung op d’Mier bruecht. Duerno hunn d’Zaldoten eng nei Joint Strike Missile punktgenee op d’Schëff geschoss, wat eng gewalteg Explosioun a grouss Schied um Schëff verursaacht huet”, heescht et an der Videobeschreiwung.

Den ierféierende Clip ass en Ausschnëtt aus dësem méi laange Video, dee geschnidden a gespigelt gouf. De Wénkel vun der Approche vun der Rakéit, d’Form vun der éischter Explosioun an dem Damp an d’Stécker, déi ronderëm fléien, sinn alleguer d’selwecht, awer spigelverkéiert.

Ënnen ass e Screenshot-Vergläich vum Video am ierféierende Bäitrag (lénks) a vum YouTube-Video vun 2013 (riets):

RTL A screenshot comparison of the video in the misleading post (left) and the 2013 YouTube video (right).

Hei drënner ass e Screenshot-Vergläich vum ierféierende Bäitrag (lénks) a vum YouTube-Video vun 2013, vun der AFP vergréissert (riets):

RTL A screenshot comparison of the video in the misleading post (left) and the 2013 YouTube video, zoomed in by AFP (right):

Iwwer déi militäresch Übung gouf am Juni 2013 ausféierlech bericht – ënner anerem vu CNN, Yahoo News an enger militärescher Fachzäitschrëft. De selwechte Video gouf fir dës Reportagë benotzt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.