En trafiquéierte Video vum Bill Gates mécht zënter e puer Wochen d’Ronnen a sozialen Netzwierker.
Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise géif, dass Polizisten dem sougenannte “QAnon-Schaman” bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als “Touristeguide” fungéiert hätten. Dës Behaaptung ass awer falsch.
E falschen Artikel vun enger Internetsäit, déi bekannt fir hir Fake News ass, bréngt Impfgéigner a sozialen Netzwierker op de Plang.
A Bäiträg op de sozialen Netzwierker, déi zu Dausende gedeelt goufen, heescht et, dass de Wolodymyr Selenskyj pro Mount 11 Milliounen Dollar verdéngt, e Milliardeverméigen hätt – dozou géif och en Haus am Wäert vu 35 Milliounen Dollar a Florida gehéieren – an eng Rei aner Behaaptungen iwwer säin deiere Liewensstil.
14 Mar: Faktencheck: Keng offiziell Enquête wéinst Milliounen Doudesfäll no Corona-Impfungen a Japan
Och a Japan hunn d’Covid-Impfungen dozou bäigedroen, d’Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dogéint, déi japanesch Regierung hätt viru Kuerzem eng offiziell Enquête vu “Milliounen Doudesfäll” an d’Weeër geleet, déi an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.