Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert - Featured image

11 Mar: Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, déi d’Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, déi d’Welt kontrolléiere wëll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de Bäiträg dozou gouf fälschlecherweis behaapt, dass hien de WEF representéiere géif an d’Aféierung vun enger globaler digitaler Wärung ugekënnegt hätt, fir d’Konsumenten ze “verfollegen”.

Faktencheck: Fleesch, dat am Labo aus Déierzellen hiergestallt gouf, däerf net verkaf ginn - Featured image

04 Mar: Faktencheck: Fleesch, dat am Labo aus Déierzellen hiergestallt gouf, däerf net verkaf ginn

De Verkaf vu Fleesch, dat aus déiereschen Zellen am Labo geziicht gouf, ass an der Europäescher Unioun (EU), Stand Februar 2024, net erlaabt. A jéngster Zäit gouf awer an de sozialen Netzwierker behaapt, dass eng israeelesch Entreprise mat Sëtz an Holland däitsch Restaurante mat “3D-gedréckte” Bifdecker beliwwert hätt, déi aus enger Zellkultur vun Déieren am Labo hiergestallt goufen.