2024 December

Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt als "vun däitsche Fëscher entdeckte liewege Megalodon" verkaf - Featured image

29 Dec: Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt als “vun däitsche Fëscher entdeckte liewege Megalodon” verkaf

E vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt Bild vun engem Hai gouf a Sozialen Netzwierker als authentescht Bild vun engem längst ausgestuerwene Megalodon-Hai ausginn. Dëse “liewege Megalodon” gouf angeeblech vun “däitsche Fëscher am fréien 20. Joerhonnert entdeckt”. A Wierklechkeet gouf d’Bild ursprénglech vun engem Account gedeelt, deen ugëtt, KI ze benotzen, fir Biller vu Fantasie-Wiesen hierzestellen.

Faktencheck: "Éischt Foto" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gefälscht - Featured image

20 Dec: Faktencheck: “Éischt Foto” vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gefälscht

Déi plëtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen ënnert der Féierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An dësem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op där de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, dëst wär déi “éischt Foto” vum der Koppel al-Assad, déi no der Arrivée zu Moskau entstane wär. A Wierklechkeet handelt et sech awer ëm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.