2025 May

"En Tool fir Beduckser": KI-Deepfakes verbreede falsch Heelmëttel géint sexuell Problemer - Featured image

25 May: “En Tool fir Beduckser”: KI-Deepfakes verbreede falsch Heelmëttel géint sexuell Problemer

Mat enger iwwerdimensionéierter Muert an der Hand mécht e muskuléise Mann ouni T-Shirt fir en Narungsergänzungsmëttel Reklamm, dat angeeblech d’männlech Genitalie vergréissere kéint. Dobäi handelt et sech ëm ee vun zuelräiche KI-generéierte Videoen op TikTok, déi sexuell Heelmëttel ouni erwise Wierkung grouss an d’Vitrinn stellen.

Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr. ass net wéinst Covid-Vaccine virun den US-Supreme Court gezunn - Featured image

21 May: Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr. ass net wéinst Covid-Vaccine virun den US-Supreme Court gezunn

Mam Robert F. Kennedy Jr. huet den amerikanesche President Donald Trump e laangjäregen Impfkritiker als Gesondheetsminister agesat. Scho virun e puer Joer, laang viru senger Ernennung op den aktuelle Posten, war am Internet d’Falschbehaaptung kurséiert, de Kennedy Jr. hätt virum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA géint Pharmaentreprisë geklot a gewonnen – de Geriichtshaff hätt Covid-19-Vaccinen an dësem Zesummenhang als “keng Impfstoffer” bezeechent.

Faktencheck: Video vum Trump senger "Droung u Pakistan" ass manipuléiert - Featured image

13 May: Faktencheck: Video vum Trump senger “Droung u Pakistan” ass manipuléiert

Am Internet ass e manipuléierte Video am Ëmlaf, an deem den amerikanesche President Donald Trump ze soe schéngt, hie géif Pakistan “ausläschen”, wann et Indien attackéiere géif. Dëse Video daucht an enger Zäit op, an där sech d’Tensiounen tëscht béide rivaliséierenden Atommuechten no enger déidlecher Attack op Touristen an der indesch verwalter Regioun Kaschmir verschäerfen.