Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d’Attack op d’US-Kapitol

Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise géif, dass Polizisten dem sougenannte “QAnon-Schaman” bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als “Touristeguide” fungéiert hätten. Dës Behaaptung ass awer falsch.

Bis haut gëtt et Sträit doriwwer, wéi hien an d’Gebai vum Kapitol koum“, sot den Tucker Carlson de 6. Mäerz 2023 a senger Primetime-Fernseesendung, enger vun den am meeschte gekuckte Sendungen an den USA. “D’Bänner weisen, dass d’Police vum Kapitol den Jacob Chansley ni gestoppt hunn. Si hunn him gehollef. Si ware seng Touristeguiden.”

D’Videoen, déi keen Toun hunn, weisen den Chansley, wéi hien duerch de Kapitol wandert, wärend d’Police him noleeft. De Carlson sot an der Sendung, hien hätt déi Bänner vum House Speaker Kevin McCarthy kritt, deem seng Decisioun, d’Filmmaterial weiderzeginn, vu ville Leit als Versuch kritiséiert gi wär, déi politesch Tensiounen zwee Joer no dem gescheiterten Opstand am Haus vun der US-amerikanescher Politik nees unzefänken.

D’Filmmaterial, dat an de sozialen Netzwierker no der Diffusioun an der Sendung vum Tucker Carlson viral goung, gouf vu bekannte Vertrieder vun der konservativer Partei gedeelt, ënner anerem vum Donald Trump Jr.

Déi republikanesch Deputéiert am Kongress Marjorie Taylor Green huet wärenddeem eng Revisioun am Chansley sengem Fall gefuerdert, obwuel dee sech am September 2021 schëlleg bekannt huet.

An engem Tweet, deen iwwer zéngdausend Mol gedeelt an och op anere Plattformepropagéiert gouf, steet: “Video vum 6. Januar, deen nach kee virdru gesinn huet, weist den Chansley, de QAnon-Schaman, wéi hie wärend der ganzer Zäit, déi hien am Gebai war, vun der Police duerch de Kapitol geféiert gëtt.”

RTL Screenshot from Twitter taken March 8, 2023

D’Behaaptunge kommen op, well Fox News mat enger Klo wéinst Diffamatioun vun Dominion Voting Systems konfrontéiert ass, déi dem Netzwierk virgeheien, wëssentlech falsch Uschëllegunge vu Walmanipulatioun no de Presidentewalen 2020 diffuséiert ze hunn. Privat Noriichten an assermentéiert Erklärungen, déi an de leschte Woche verëffentlecht goufen, hu gewisen, dass de Proprietär vu Fox News, de Rupert Murdoch, souwéi verschidde Produzenten a Moderatore vum Sender woussten, dass d’Reprochë vu Bedruch falsch waren.

D’Sendunge waren Deel vun enger Flut vu Feelinformatiounen iwwer d’Walen, déi hiren Héichpunkt an der Erstiermung vum Kapitol de 6. Januar 2021, dem Datum vun der Confirmatioun vun de Walen, haten. Zënterhier huet de Carlson d’Attack ëmmer nees falsch duergestallt. An enger Serie aus dräi Episoden, déi Enn 2021 diffuséiert gouf, huet hien ugedeit, et géif sech ëm eng “False-Flag-Operatioun” handelen, déi vum FBI an antifaschisteschen Aktiviste koordinéiert gouf, fir de Supportere vum fréiere President Donald Trump eng Fal ze stellen.

Dem Carlson seng Duerstellung vum Chansley – an aneren Opstänneschen, déi hien als “Touriste” bezeechent – stellt weider falsch duer, wat am Kapitol geschitt ass.

“Lescht Nuecht gouf e Kommentar ausgestraalt, dee mat beleidegenden an ierféierende Konklusiounen iwwer d’Attack vum 6. Januar gefëllt war”, sot de Policechef vum Kapitol, den J Thomas Manger, an engem interne Memo vum 7. Mäerz, deen d’AFP onofhängeg verifiéiert huet. “Eng falsch Uschëllegung ass, dass eis Beamten den Opstännesche gehollef an als ‘Touristeguidë’ fungéiert hunn. Dat ass nidderträchteg a falsch.”

De Manger sot weider: “D’Material gouf aus de méi rouege Momenter vun den 41.000 Stonne Videomaterial erausgepickt. De Kommentar liwwert keen Zesummenhang iwwer de Chaos an d’Gewalt, déi et virun oder wärend dëse Momenter vu manner Tensioune gouf.”

Eng Rei vu republikanesche Kongressmember hunn och e Statement ofginn, an deem si d’Ausstralung vu Fox News net guttheeschen. De Leader vun der Minoritéit am Senat, Mitch McConnell, huet de Kader vum Filmmaterial, dat de Carlson gewisen huet, als “Feeler” bezeechent a sot, dem Manger seng Äntwert géif “korrekt beschreiwen, wat déi Meescht vun eis de 6. Januar aus éischter Hand erlieft hunn.”

D’AFP huet sech fir e Kommentar u Fox News adresséiert, krut awer keng Äntwert.

Opstännesch waren agebrach an hu Polizisten net gefollegt

Den Chansley, en Unhänger vun der Konspiratiounsgrupp QAnon, deen duerch seng plakeg Broscht, d’Faarf a sengem Gesiicht a seng Mutz mat Haren zum Gesiicht vun der Attack op de Kapitol gouf, gouf kuerz nom Opstand wéinst sechs Verstéiss ugeklot.

De sougenannte “QAnon-Schaman” huet sech am September 2021 wéinst Behënnerung vun der Staatsgewalt schëlleg bekannt, wat eng Héchststrof vun 20 Joer nosechzéie kann. Am November vum selwechte Joer gouf hien zu 41 Méint Prisong verurteelt.

Wéi den amerikanesche Parqut matdeelt, wier de Chansley eng Konstruktioun fir Tëleeschaînen eropgeklommen, déi scho fir dem Joe Biden seng Inauguratioun do stoung, duerno wier hie laanscht d’Poliziste an duerch eng Dier gaangen, déi aner Leit wärend dem Opstand opgebrach haten an esou an de Kapitol agedrongen. Hie war ee vun den éischten 30 Leit, déi an d’Gebai eragoungen.

Den Chansley war “net gesetzlech autoriséiert, d’Gebai ze betrieden oder do ze bleiwen”, steet an der Erklärung vum Parquet. Mat senger Ënnerschrëft huet hien “zougestëmmt, dass dat wouer a richteg ass”.

Am Plädoyer heescht et, dass den Chansley, wéi hie vun der Capitol Police instruéiert gouf, fortzegoen, de Polizist Keith Robishaw “erausgefuerdert huet”, “si laanscht ze loossen, andeems hie seng Mutz mat den Hare benotzt huet, fir d’Mënschegrupp unzestachelen an opzefuerderen, dass d’Deputéiert erausbruecht ginn. Duerno wär den Chansley op en anere Stack gaangen, “amplaz op d’Uweisunge vun der Capitol Police ze lauschteren, d’Gebai ze verloossen” an “ass eleng an d’Galerie vum Senat eragaangen”, wou hien “Obszönitéite vu sech ginn huet”.

Wéi den Chansley an de Sëtzungssall vum Senat eragoe wollt, huet de Robishaw hien op en Neits opgefuerdert ze goen. Wéi den Chansley et gepackt hat eranzegoen, ass de Robishaw him nogaangen an huet hie gebieden, sech net op d’Senatstribün ze setzen, wou den deemolege Vize-President Mike Pence manner wéi eng Stonn virdrun nach gesiess hat.

Den Chansley sot, de Pence wär e “Verréider”, wéi et an de Geriichtsënnerlage steet, an huet eng Notiz op den Dësch geschmiert: “Justice is coming! (Gerechtegkeet kënnt!)”.

Filmmaterial weist dem Chansley seng Aktiounen

D’Betriede vum Kapitol duerch den Chansley gouf opgeholl. Den Tucker Carlson huet de Clip Sekonne virdru gewisen, éier hie behaapt huet: “Et ass onkloer, wéi hien erakomm ass”. Aner Opname weisen den Chansley um Medientuerm virum Gebai a matten am Trawolt virun enger Linn vu Polizisten.

D’Interaktiounen tëscht dem Chansley an dem Robishaw goufen och op Video festgehalen, vun deenen e puer an der Dokumentatioun mam Titel “Four Hours at the Capitol” vum Sender HBO ze gesi sinn.

“Si hu sech just missen duerchkämpfen”, sot de Robishaw wärend engem Interview an der Dokumentatioun. “Si hu Saache gejaut wéi ‘Mir kommen dech huelen, Pence. Du kanns dech net verstoppen. Mir wäerten dech fannen.’ Wann ech soe géif, dass ech keng Angscht gehat hätt, géif ech léien. Ech hat Angscht. Ech wosst net, wat ech maache sollt.”

De Policebeamten huet den Chansley ausdrécklech ernimmt a festgestallt, dass den Ugräifer e Speer mat engem amerikanesche Fändel drop an der Hand hat.

“An dëser Situatioun Gewalt mat Gewalt ze begéinen, war fir mech a meng Kolleegen net sécher. Déi onvirstellbar Unzuel vun hinnen am Verglach zu eis, ech wousst a mengem Kapp, dass et keng Méiglechkeet gouf, dass mir hinne kierperlech eppes entgéintsetze konnten, also hunn ech decidéiert, ze probéieren, mat hinnen ze schwätzen“, sot de Robishaw.

“Ech hunn de Schaman bemierkt an ech sinn hannert him eragaangen an du war mir kloer, dass ech elo eleng war. Ech war eleng”, sot hien. “Hie geet de Podium erop… an a mengem Kapp duecht ech: ‘Ech kann näischt maachen’, wësst Dir. Alles, wat ech maache kann, ass Uerderen ze ginn a wa si nolauschteren, wonnerbar. Wa si et net maachen, kann ech si net zwéngen.”

D’Police vum Kapitol huet dem Robishaw seng Kommentaren an enger Erklärung fir d’AFP zitéiert an huet bäigefüügt, dass hien “den Opstänneschen zueleméisseg ënnerleeë” war, awer ëmmer nach “versicht huet, jiddereen aus dem Sall ze kréien”.

De Manger sot a engem interne Memo, d’Police wär gezwonge gewiescht, “Deeskalatiounstaktiken ze notzen, fir déi Opstännesch dozou ze bréngen, d’Gebai ze verloossen.”

Op d’mannst 1.000 Persoune goufen den Donnéeë vum US-amerikanesche Justizministère no am Zesummenhang mam Opstand am Kapitol festgeholl. 326 Persoune goufe wéinst Aggressioun, Widderstand oder Behënnerung vu Policebeamten ugeklot. Ongeféier 140 Poliziste goufen attackéiert, wärend si d’Gebai verdeedegt hunn.

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Feelinformatiounen iwwer de 6. Januar opgedeckt (hei, hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.