Scroll Top

Faktencheck: Fox News huet net gemellt, dass d’Taylor Swift vun Chiefs-Matcher ausgeschloss wär

Faktencheck: Fox News huet net gemellt, dass d'Taylor Swift vun Chiefs-Matcher ausgeschloss wär - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E puer Deeg éier déi nei regulär Saison vun der National Football League (NFL) start, soll Fox News gemellt hunn, dass de Popstar Taylor Swift verbuede krut, sech Matcher vun hirem Partner Travis Kelce, dee bei de Kansas City Chiefs spillt, unzekucken. Dat ass awer falsch.

Wärend e puer Hardcore-Fans kritiséiert hunn, wat fir eng Opmierksamkeet d’Koppel kritt, huet den amerikanesche Sender Fox News confirméiert, dass ee keen esou ee Bericht verëffentlecht huet.

“Fox News huet grad gemellt, dass de Clark Hunt, de CEO vun de Kansas City Chiefs, dem Pop-Star Taylor Swift offiziell ënnersot huet, un zukünftege Matcher vun den Chiefs deelzehuelen. Hien huet si och ‘den Chiefs hir gréisst Oflenkung’ genannt”, heescht et am Facebook-Post vum 24. August 2024.

Änlech Bäitrag sinn am Virfeld vun der neier NFL-Saison, déi de 5. September mam Heemmatch vun den Chiefs géint d’Baltimore Ravens ufänkt, och op anere Plazen op Facebook an Threads opgedaucht.

RTL © AFP

D’Taylor Swift war am September 2023 eng éischt Kéier bei engem Chiefs-Match dobäi a souz mam Kelce senger Mamm Donna an enger privater Box.

Beim Super Bowl am Februar 2024 war d’Swift dee Gaascht, op deen am meeschte gekuckt gouf, wéi si de Match am Krees vun hire berüümte Frënn suivéiert huet, nodeem si no engem Optrëtt zu Tokio ageflu war. D’Opmierksamkeet op d’Swift huet eng Géigereaktioun ausgeléist, a souguer de Kelce huet zougestëmmt, dass d’NFL “et iwwerdreiwe” kéint.

Awer et gëtt keen Hiweis dorop, dass d’Swift, déi grad eng Paus vun hirer Eras Tour duerch Europa mécht, vum nächsten Chiefs-Match ausgeschloss ass.

“Dat gouf net vu Fox News gemellt an ass e Fake”, huet e Spriecher vum Noriichtesender den 3. September an enger E-Mail matgedeelt.

Bei enger Sich no Stéchwierder goufe keng glafwierdeg Berichter fonnt, déi dorop hindeiten, dass den Hunt oder en anere Vertrieder vun de Kansas City Chiefs esou eng Ausso iwwer d’Swift gemaach hätten (hei archivéiert).

Den Teamchef huet an den héchsten Téin iwwer d’Koppel geschwat an d’Sängerin am Juni 2024 als Deel vum “Chiefs Kingdom” begréisst (hei archivéiert). Hien huet der Agence Bloomberg och matgedeelt, dass der Swift hir Presenz dozou bäigedroen huet, dass d’Fanbase vun der Ekipp ëm 30 Prozent geklommen ass, wärend d’Verkafszuele vum Kelce sengem Trikot an anere Verkafsartikelen änlech staark geklomme wären (hei archivéiert).

D’AFP huet d’Chiefs ëm eng Stellungnam gefrot, mee huet keng Äntwert kritt.

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn e puermol falsch Behaaptungen iwwer d’Swift an de Kelce iwwerpréift.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.