Scroll Top

Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung

Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Iwwer d’Viruserkrankung Mpox sinn eng Rëtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf.

Dacks ginn dobäi ierféierend Parallelle mat der Covid-19-Pandemie gezunn. Am Internet ass elo en ale Video vun engem Dokter mat der Behaaptung opgedaucht, d’Symptomer vun Mpox wären identesch mat där vu Gürtelrous, enger Herpes-Erkrankung. Mpox wier ausserdeem eng Niewewierkung vu Covid-Impfungen.

Mee wéi medezinesch Expertinnen an Experten erkläert hunn, ass Mpox eng zënter iwwer 50 Joer bekannt Infektiounskrankheet, déi laang virun der Covid-Pandemie virkoum. Ausserdeem ass den Dokter am Video, dee kruséiert, an der Vergaangenheet schonn dacks duerch Feelinformatiounen iwwer Coronavirussen opgefall.

“Dr. Wolfgang Wodarg: ‘Afepouke sinn Niewewierkung vu Corona-Impfung'”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 17. August 2024, deen e Link zu engem Video mam selwechten Titel deelt. “Doktere missten dat typescht Krankheetsbild vun den angeeblechen Afepouken als Herpes Zoster erkennen”, steet weider am Post.

An dem ronn eng Minutt laange Video, deen de Logo “AUF1” am ieweschte rietsen Eck weist, gëtt de Wodarg als “Fachdokter fir Longen a Sozialpolitiker” virgestallt.

Bäiträg mat änlechem Contenu goufen op Facebook ëmmer nees verbreet a sinn och op Threads, X, YouTube an Telegram am Ëmlaf. De Video gëtt och an anere Sproochen, wéi Franséisch, Griichesch, Japanesch, Spuenesch a Portugisesch, vun Notzer gedeelt. Do war de Bäitrag dann iwwersat, mee deelweis huet een och den däitschsproochege Bäitrag mam Wodarg gedeelt.

RTL © AFP

D’Falschbehaaptung ass Mëtt August 2024 an de Soziale Medien opgedaucht – kuerz nodeem d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de 14. August 2024 eng gesondheetlech Noutlag vun internationalem Ausmooss fir Mpox erkläert hat. Grond dofir war d’Hausse vun Erkrankunge mat engem geféierleche Virustyp an enger Rei afrikanesche Staaten am Laf vum Joer 2024.

 

Mpox huet scho Joerzéngte virun de Corona-Impfungen existéiert

D’Viruserkrankung Mpox (fréier “Afepouken”) gouf der WHO no schonn am Joer 1958 bei Afepopulatiounen entdeckt. 1970 gouf d’Krankheet eng éischt Kéier beim Mënsch a Reebëschregiounen an Zentral- a Westafrika nogewisen. Se kann duerch enke Kontakt vu Mënsch zu Mënsch an heiansdo och vun Déieren op Mënschen iwwerdroe ginn. An de Joren 2022 an 2023 huet sech d’Krankheet weltwäit verbreet. Den Donnéeë vun der WHO no kléngen d’Symptomer wéi Féiwer oder Hautausschlag an der Reegel no e puer Woche vum selwen of, Doudesfäll si seelen.

Am November 2022 huet d’WHO recommandéiert, d’Viruserkrankung vun deem Moment un “Mpox” (Kuerzform vum englesche “monkeypox”) ze nennen. Sou solle rassistesch a stigmatiséierend Zouschreiwunge vermidde ginn. Et handelt sech awer ëm déi selwecht Kränkt, iwwer déi ënnert dem Numm “Afepouke” bericht gouf a gëtt.

RTL © AFP

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei Falschinformatiounen iwwer d’Kränkt iwwerpréift, zum Beispill iwwer vermeintlech verdächteg Parallellen tëscht den éischte Covid- an Mpox-Patienten, eng angeeblech Verbindung tëscht dem Mpox-Ausbroch vun 2022 an dem Astrazeneca-Impfstoff géint Covid-19 souwéi mat mRNA-Impfstoffer allgemeng.

Ale Video, onseriéis Quell

Eng ëmgekéiert Billersich mat Standbiller aus der Videosequenz ergouf, dass den online kurséierende Clip en Extrait vun engem 45 Minutte laangen Interview mam Wolfgang Wodarg ass (hei archivéiert). De kompletten Interview gouf den 28. Juni 2022 op AUF1, engem éisträichesche rietsextreeme Sender, verëffentlecht. AUF1 bericht der eegener Beschreiwung no iwwer Sujete wéi dem angeeblechen “Impfzwang”, “Transhumanismus”, “Genderterror” a “Klimahysterie”. De Sender ass bekannt dofir, ëmmer nees Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen ze verbreeden.

De Wodarg, en Dokter a fréiere Politiker, huet an de leschte Joren haaptsächlech duerch Warnunge viru Covid-Impfunge Schlagzeile gemaach. Ausserdeem huet hien op Covid bezunn ëmmer nees Falschinformatioune verbreet, wéi d’AFP noweise konnt (zum Beispill hei, hei an hei).

Am Programmtext vum 45 Minutte laangen Originalinterview heescht et, et géif ëm “brandaktuell Sujete wéi d’Afepouken an Impfniewewierkunge vun de Covid-Impfunge” goen. “A wéi fern dat zesummenhänke kéint, erkläert den Dr. Wodarg am Interview.”

D’AFP huet sech den Originalvideo souwéi de méi kuerzen Extrait, deen an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, ugekuckt. De Wodarg sot doran net direkt – wéi a verschiddene Bäiträg a Sozialen Netzwierker behaapt – dass Mpox eng Niewewierkung vun der Corona-Impfung wär.

Hie féiert an engem Interview aus, dass d’Symptomer vun Mpox “lokal optriedend Blose” wären, déi “mat staarker Péng verbonne sinn (…) Dat ass awer dat typescht Krankheetsbild fir Herpes Zoster”. Dës Herpes-Erkrankung, och als Gürtelrous bekannt, wär bei enger Rei Mënschen no enger Covid-Impfung duerch deenen hire geschwächten Immunsystem opgetrueden. “Dat heescht, d’Niewewierkunge vu Corona gi benotzt, fir nei Geschäfter ze erfannen (…) a eis nees Angscht ze maachen”, ass d’Konklusioun vum Wodarg an der kuerzer Sequenz.

Ausserdeem argumentéiert de Wodarg am Video, dass Mpox onspezifesch op gewëss Virus-Bestanddeeler usprieche géifen a soumat bei Persoune mat Gürtelrous falsch-positiv Resultater liwwere kéinten. Hien nennt an deem Interview awer keng Quelle fir seng Behaaptungen.

Féierend medezinesch Expertinnen an Experten hunn dësen Aussoe géintiwwer der AFP widdersprach.

Mpox a Gürtelrous: Ënnerschiddlech Virusgattungen

De Yuen Kwok-Yung, Expert fir Infektiounskrankheeten a Mikrobiolog op der Li Ka Shing-Fakultéit fir Medezin op der Universitéit Hongkong, sot der AFP den 21. August 2024, dass d’Behaaptungen, déi am Internet zirkuléieren, falsch wären: “D’Covid-19-Impfunge léise keng Mpox-Erkrankung aus a predisponéiert och net dofir.” De Yuen huet ausserdeem erkläert, dass Mpox mat ganz spezifesche PCR-Tester nogewise gëtt, déi “bei uerdnungsgeméisser Duerchféierung keng falsch-positiv Resultater liwwere sollten”.

Gänzlech onwarscheinlech wär eng Verwiesslung vun de Symptomer vu Gürtelrous an Mpox allerdéngs net. Op der Internetsäit vun der WHO (hei archivéiert) heescht et: “D’Identifizéierung vun Mpox ka schwiereg sinn, well aner Infektiounen a Krankheeten änlech ausgesi kënnen, wéi z.B. Herpes”.

Mee och wann e puer Symptomer änlech ausgesinn, sou ginn Mpox a Gürtelrous net duerch de selwechte Virus ausgeléist, huet den Isaac Bogoch, Professer op der Temerty-Fakultéit fir Medezinn op der University Toronto, am Mee 2022 géintiwwer der AFP erkläert, wéi hien zu änleche Falschbehaaptunge befrot gouf.

Wärend Gürtelrous duerch de Varizella-Zoster-Virus ausgeléist géif – ee vun néng bekannten Herpesvirussen an de selwechte Virus, dee Waasserpouken iwwerdréit – gëtt Mpox duerch en Orthopoxvirus aus der Famill vun de Pockevirussen (Poxviridae) ausgeléist.

Varizella-Zoster-Virussen an Orthopoxvirusse gehéieren zu ënnerschiddleche Gattungen, déi net ze verwiessele sinn, sot d’Giliane Trindade, Fuerscherin um Institut fir Mikrobiologie op der Universitéit vu Minas Gerais a Brasilien, am Juni 2022 géintiwwer der AFP. “Wann ee se ënnert engem héichopléisende Mikroskop betruecht, hunn d’Virussen eng komplett ënnerschiddlech Form. Et ass onméiglech, se ze verwiesselen. Och geneetesch si se immens ënnerschiddlech”, sot d’Trindade.

D’Adriana Morales, Fachdoktesch fir Infektiologie a Member vun der peruanescher Gesellschaft fir Infektiouns- an Tropekankheeten, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass typesch Symptomer vun Mpox “Féiwer, papuléis Läsiounen am Gesiicht, un den Handflächen, Fousssuelen a Genitalie” sinn. “Et kënnen och Pautschen a Roff souwéi vergréissert Lymphkniet optrieden”, sot si weider.

Dës Symptomer ënnerscheede sech bei méi geneeëm Kucke vu Gürtelrous-Symptomer vum Varizella-Zoster-Virus: Et géif sech duerch “méi kleng papelaarteg Läsiounen a Blosen” auszeechnen, “déi d’Resultat vun engem Dermatom sinn – dat heescht, d’Blose verdeele sech op enger Linn, zum Beispill op der Broscht oder am Gesiicht. Charakteristesch ass och staark Péng am Beräich vun de Blosen”, huet d’Morales erkläert.

Soumat géife sech d’Symptomer vun Mpox an Herpesinfektioune vu Fachdoktere bei méi geneeër Untersuchung ënnerscheede loossen. Am Zweiwelsfall géif als Ofsécherung e PCR-Test gemaach ginn.

Mpox keng “Impfstoff-Niewewierkung”

Och d’Behaaptung, déi am Internet verbreet gëtt, Gürtelrous-Symptomer, déi als Mpox feeldiagnostizéiert gi wären, wäre verbreet Niewewierkunge vu Corona-Impfungen, wär net richteg, soten d’Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP.

Den David Heymann, Professer fir Infektiounsepidemiologie op der London School of Hygiene and Tropicla Medicine a Groussbritannien, hat schonn am Juni 2022 géintiwwer der AFP gesot: “Et gëtt kee Grond fir unzehuelen, dass de géigewäertegen Mpox-Ausbroch mat Covid-Impfungen zesummenhänkt.”

Den Infektiolog Román Zucchi ass Fachdokter an der Klinick Sagrado Corazón zu Buenos Aires. Am Juni 2022 hat hien der AFP matgedeelt, dass et “keng wëssenschaftlech Beleeg” fir d’Behaaptung géif, dass Mpox e Resultat vu Covid-Impfunge wär. “Dat ass weeder warscheinlech nach méiglech”, hat hie betount. Den Zucchi hat ausgeféiert, dass déi aktuell Covid-Impfstoffer net an der Lag wären, Virussen ze “produzéieren” – a scho guer net e Virustyp, deen net der selwechter Gattung ugehéiere géif.

D’Falschbehaaptung, Mpox wär als Niewewierkung vun engem Covid-19-Impfstoff entstanen, hat d’AFP schonn am Joer 2022 widderluecht.

Fazit: Eng Videosequenz, déi am Internet am Ëmlaf ass, vum Dokter Wolfgang Wodarg, deen an der Vergaangenheet schonn duerch Falschinformatiounen opgefall war, ass kee Beweis dofir, dass Mpox eng Niewewierkung vu Covid-Impfunge wär – doriwwer si sech international Fachleit eens. Mpox-PCR-Tester géifen och keng falsch-positiv Resultater bei Herpeserkrankunge wéi Gürtelrous uweisen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.