
Wärend Pompjeeë Mëtt Januar 2025 géint dat grousst Inferno zu Los Angeles, Kalifornien, gekämpft haten, hat sech och e mat kënschtlecher Intelligenz generéierte Video op Facebook verbreet, deen angeeblech gewisen huet, wéi Rettungsekippe Wëll Déiere gerett hunn, déi virun de Flame geflücht sinn.
Den Digital Creator vum Video, an deem och kloer Unzeeche fir eng Hierstellung mat KI ze gesi sinn, huet confirméiert, dass et gefälscht ass.
“Mënschlechkeet, déi iwwer d’Aarbecht erausgeet. Bëschbränn a Kalifornien”, housch et an engem Facebook-Bäitrag a singhaleesescher Sprooch, an deem de Video de 14. Januar 2025 verëffentlecht gouf.
De Clip weist Pompjeeën, déi verschidden Déiere retten, dorënner zwee kleng Bieren, Réien a Kéiseker.
Los Angeles huet nach ëmmer mat den Nowierkunge vun der Katastroph ze kämpfen, déi méi wéi zwee Dose Leit d’Liewe kascht huet an Zéngdausenden aus hiren Haiser verdriwwen huet (archivéierte Link).
Ronn 16.000 Hektar (40.000 Acres) si verbrannt an Dausende vu Gebaier si just nach Ruinen.
© AFP
De Video hat sech duerch Facebook-Säite mat méi wéi 10.000Membereverbreet a gouf insgesamt méi wéi 8.000 Mol gekuckt.
D’Bäiträg hunn, wéi et schéngt, vill Notzer doru gleewe gedoen, de Video wär echt.
“Super Leit, Ech gleewen net, dass et esou Leit op Sri Lanka gi wäert”, huet ee kommentéiert. “Ech hoffen, dass se geschwënn nees gesond sinn. Onschëlleg Déiere leiden all dag wéinst de Mënschen”, huet en anere geschriwwen.
Fuuss mat dräi Been
Eng Stéchwierdersich op TikTok ergouf, dass de Video den 11. Januar vum Digital Content Creator “FutureRiderUS” gepost gi war.
De Kont, dee reegelméisseg KI-generéiert Contenue post, huet de Video als mat kënschtlecher Intelligenz hiergestallt gekennzeechent (archivéierte Link).
Den Auteur huet de Video och op Instagram eropgelueden, wou hien an engem Kommentar geschriwwen huet, dass de Clip “a Wierklechkeet mat KI erstallt” gouf (archivéierte Link).
© AFP
Doriwwer eraus weist de Video kloer Unzeeche fir KI-generéiert Contenuen op, dorënner déi onrealistesch laang Bee vun de Réien.
© AFP
An engem anere Bild schéngt e Fuuss dräi hënnescht Been ze hunn.
© AFP
D’AFP huet eng Rëtsch vu Feelinformatiounen am Zesummenhang mat de Bränn zu Los Angeles op hir Richtegkeet iwwerpréift.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.