Scroll Top

Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipuléiert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen

Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipuléiert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

D’global Klimaerwiermung, déi duerch mënschlech Aktivitéiten ausgeléist gëtt, ass duerch den internationale wëssenschaftleche Konsens beluecht.

Trotzdeem mëssbrauchen Internetuser all Summer Wiederkaarte vu Fernseesenderen, fir d’Klimaerwiermung ze relativéieren oder souguer ze leegnen, andeem si d’Medien der “Manipulatioun” beschëllegen.

Am Juni 2025 hunn eng Rëtsch Internetuser al Kaarte mat aktuelle Kaarte verglach a behaapt, dass dës bei de selwechten Temperaturen haut vill méi rout duergestallt géife wéi virun e puer Joer. Si vergläichen awer fälschlecherweis Kaarte vu verschiddene Sendere mat ënnerschiddleche Grafiken, déi entweeder den Temperaturniveau oder d’Ofwäichung par rapport zum Duerchschnëtt vun enger Joreszäit duerstellen. Mat der globaler Erwiermung ginn Temperaturen an Ofwäichungen no uewen a Frankräich awer ëmmer méi heefeg, onofhängeg vun der Joreszäit.

D’Hëtztwell a wäiten Deeler vu Frankräich Mëtt Juni 2025 hat eng Hausse vu virale Publikatiounen als Konsequenz, an deenen eng angeeblech “Mediemanipulatioun” am Zesummenhang mat der globaler Erwiermung ugeprangert gouf (Archiv). Vill Internetzuser an och e puer Prominenter hu Fernseesendere beschëllegt, d’Situatioun mat Hëllef vun de Kaarten an hiren deegleche Wiederprevisiounen iwwerdriwwen duerzestellen, andeem si dës angeeblech vill “méi rout” erschénge loosse wéi nach virun e puer Jore bei de selwechten Temperaturen (12, 3).

Dës Uschëllegungen zilen dorop of, d’global Erwiermung an d’Verantwortung vum Mënsch dofir erofzespillen, obwuel se wëssenschaftlech beluecht sinn (Archiv). Se dauchen zënter e puer Joren all Summer a Sozialen Netzwierker op; d’AFP huet schonn eng Abberzuel dovun iwwerpréift (1, 2, 3, 4, 5).

“Dëst Joer de selwechte Constat: Bei de selwechten Temperature ginn d’Faarwe vun engem Joer zum anere méi däischter”, huet beispillsweis de Stéphane Vojetta, en Deputéierten aus dem Lager vum President Macron a Vertrieder vun de Fransousen am Ausland, den 18. Juni 2025 op der Plattform X an engem Bäitrag beklot. Mat dësem Post hat hien de Sportjournalist Stéphane Hermel ënnerstëtzt, deen e bëssen éischter op RMC beklot hat, dass Lille bei 23 Grad “elo routbrong” wär, wärend “dës Faarwe virun 20 Joer net esou gewiescht” wären.

Verschidden Täuschungen

E puer Notzer vu Sozialen Netzwierker deelen hirersäits eng Wiederkaart vun “Antenne2” (mëttlerweil France2) vum 29. Juli 1983, fir ze behaapten, dass “d’Temperature méi waarm ware wéi 2024, awer d’Kaarte waren net scharlachrout gezeechent!” Dës Kaart fënnt ee bei Minutt 27:10 am Video vum Journal vun eeben dësem 29. Juli 1983, deen op der Internetsäit vum Institut national de l’audiovisuel disponibel ass (Ina – Archiv).

RTL © AFP

D’Publikatiounen, déi si an dëse Kommentarer weiderverbreeden, sinn awer ierféierend: Si bezéie sech op eng Kaart virun iwwer 40 Joer, wéi Wiederkaarte just d’Temperaturen ouni Faarfnuancë gewisen hunn. Dat huet näischt mat den haitege Kaarten ze dinn. Wéi mir spéider gesinn, benotze Fernseesendere Faarfnuancen, fir d’Ofwäichunge vun den Temperature vun de joreszäitlechen Duerchschnëttswäerter no uewen oder no ënnen duerzestellen.

Am Joer 1983 “waren d’Kaarte magnéitesch, de Kaartenhannergrond war dat ganzt Joer iwwer de selwechten a seng Faarf war dohier onofhängeg vun der Joreszäit neutral. D’Temperature goufe mat Hëllef vu Magnéiter ugewisen”, huet France2 de 26. Juni 2025 géintiwwer der AFP erkläert.

Aner Internetuser benotzen awer méi nei Kaarten, fir hir Aussoen ze ënnermaueren.

Ee vun hinne verséchert an engem Video op TikTok, dass “fréier […] souguer bei 41 Grad donkelorange war. Elo, bei iwwer 30 Grad, si mir am rouder Beräich, et ass eng Hëtztwell, mir wäerten all stierwen. Et ass egal wat”, seet hien a vergläicht zwou Kaarten. Déi lénks weist d’Moderatrice an d’Cheffin vum Wiederdéngscht vun TF1 Evelyne Dhéliat, déi eng Kaart mat giel bis orangeroude Nuancë vu Westen no Osten detailléiert beschreift; déi riets weist e komplett rout Frankräich bei Temperature vun 28 bis 32 Grad.

De Video gouf den 18. Juni 2025 op TikTok publizéiert an hat véier Deeg duerno bal 13.000 Views.

RTL © AFP

Dëse Montage ass awer ierféierend an d’Behaaptungen, déi dora genannt ginn, si falsch.

Den Auteur vum Video verséchert, dass et sech bei der lénker Kaart ëm “d’Wieder virun 10, 20 Joer” handelt. Eng ëmgekéiert Billersich mécht awer däitlech, dass de Screenshot mat der Evelyne Dhéliat a Wierklechkeet e fiktive Wiederbericht fir August 2050 ass, dee si 2014 presentéiert hat, fir virun der globaler Erwiermung ze warnen. E war mat Hëllef vu Prognose vu Météo France erstallt ginn. Och dësen ass op der Internetsäit vum Ina ze fannen (Archiv).

RTL © AFP

D’Kaart op der rietser Säit ass par conter eng Kaart vu BFMTV, wéi den Noriichtesender der AFP de 26. Juni confirméiert huet.

Schlussendlech ass opmierksame Social-Media-Notzer opgefall, dass d’Leit Kaarte vu moies mat Kaarte vun nomëttes vergläichen an an hire Bäiträg Kaarten niewentenee stellen, deenen hir Faarwen Ofwäichunge vun der normaler Joreszäit duerstellen, bei ganz ënnerschiddlechen Temperaturniveauen (Archiv).

Moyennë vu Joreszäiten

Wéi vill Experten der AFP schonn a fréieren Artikelen zu dësem Sujet erkläert haten, ass et net sënnvoll, Wiederberichter ze vergläichen, well all Fernseesender aner Faarfnuancë benotzt an heiansdo och aus verschiddene Joreszäiten a Jore stamen, déi e puer Joerzéngten ausernee leien.

D’Liesaart huet sech effektiv weiderentwéckelt. Eng Rëtsch Fernseesendere versiche beispillsweis haut, Ofwäichunge vun de Joreszäitduerchschnëtter ervirzehiewen, wat virun 20 oder 30 Joer bei verschiddenen net de Fall war.

D’Joereszäitduerchschnëtter entspriechen, fir méi prezis ze sinn, de “Klimaduerchschnëttswäerter”, déi fir d’Analys vu Wiederphenomeener an Echtzäit déngen. D’Duerchschnëtter, déi am Moment als Referenz geholl ginn, goufe fir den Zäitraum 1991-2020 berechent, erkläert Météo France op senger Internetsäit (Archiv). Well se awer just all zéng Joer berechent ginn (no de Reegele vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie), ginn d’Wiederkaarten, déi mir op der Tëlee gewise kréien, opgrond vun der globaler Erwiermung méi rout duergestallt.

A Frankräich ass d’global Erwiermung gräifbar. D’Fréijoer 2025 war beispillsweis dat drëttwäermst “zënter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1900”, mat enger “Anomalie vu +1,1°C am Verglach zur Norm, ex aequo mat de Fréijore vun 2022 an 2007, hanner 2011 (+1,5°C) an 2020 (+1,3°C), huet Météo France a sengem leschte Bilan betount (Archiv).

RTL © AFP

“Informéieren” an “net manipuléieren”

An der Praxis sinn all d’Informatiounen, déi d’Senderen all dag vu Météo France zur Verfügung gestallt kréien, identesch: eng Lëscht mat de gemoossen Temperaturen an eng Kaart vu Frankräich, déi a méi Beräicher agedeelt ass, mat liicht liesbare Piktogrammer, déi Loftmassen a groussraimeg Phenomeener duerstellen.

Duerno “huet all Medium seng eege Grafikcharte, fir säi Wiederbericht ze presentéieren”, hat Météo France am Juli 2023 géintiwwer der AFP am Kader vun engem anere Faktencheck iwwer ierféierend Kaartemontagen a Sozialen Netzwierker matgedeelt.

An engem Video op TikTok am Joer 2022 hat d’Moderatrice an d’Cheffin vum Wiederdéngscht vun TF1, d’Evelyne Dhéliat, d’Hannergrënn vun der Preparatioun vun engem Wiederbericht erkläert, an deem een d’Dokumenter, déi ee vu Météo France zur Verfügung gestallt kréich, gesi kann. Si hat deemools erkläert, dass d’Erstelle vun enger animéierter Wiederkaart, déi all dës Elementer zesummefaasst, dräi Stonne fir de Infografiker an Usproch hëlt.

Op TF1 stellen d’Faarwen – vun deenen et haut néng gëtt – d’Ofwäichungen, no uewen oder ënnen, vun de saisonalen Normwäerter duer, wéi de Sender de 26. Juni 2025 géintiwwer der AFP confirméiert huet.

“D’Iddi ass, dass d’Zuschauer direkt verstinn, ob et sech ëm eng normal Temperatur, eng méi héich oder eng méi kal Temperatur handelt, wéi et fir dës Joreszäit normal ass”, hat d’Evelyne Dhéliat 2022 géintiwwer der AFP erkläert.

Mat dësem System huet eng Temperatur vu 25 Grad also beispillsweis am Abrëll an am Juni net déi selwecht Faarf – wat an den ierféierende virale Publikatiounen ni ugedeit gëtt.

De Meteorolog a fréiere Moderator vu “La Chaîne Météo” Guillaume Séchet huet souguer unhand vun engem Verglach vun zwou TF1-Kaarte gewisen, deen an engem Artikel ze gesinn ass, deen den 18. Juni 2025 als Reaktioun op eng Rëtsch Beschëllegunge verëffentlecht gouf, dass “e Wäert vun 23°C Enn Juli, deen 2002 orange duergestallt gi war, 2023 elo blo ass. De Beweis, dass et keng Manipulatioun gëtt, am Géigendeel!”, sou seng Konklusioun (Archiv).

RTL © AFP

BFMTV stellt d’Ofwäichunge vun den Normalwäerter och mat enger eegener Grafik duer. D’Faarwe vun de Kaarte “gi vun enger Software aus den Donnéeë vu Météo France generéiert. Et gëtt also keng Selektioun oder mënschlech Agrëffer. Dës Donnéeë baséieren op den Duerchschnëttstemperature vun der Saison, déi sech veränneren, sou dass eng Temperatur, déi vill méi héich ass wéi den Duerchschnëtt vun der Saison, automatesch eng méi däischter Faarf kritt”, huet BFMTV de 26. Juni erkläert.

Dat selwecht gëllt fir Temperaturen, déi méi kal wéi den Duerchschnëtt sinn. Beispillsweis waren d’Wiederkaarte vu BFM an RMC de 24. Juli 2023 opgrond vun Temperaturen ënner dem saisonale Mëttelwäert blo gefierft (Archiv).

Op France2 stellen déi benotzt Faarwe par conter d’Temperaturwäerter duer.

“All véier oder fënnef Grad ännert sech d’Faarf (z.B. 25 Grad = eng Faarf, 30 Grad = eng aner Faarf, an dat ännert sech net am Laf vum Joer)”, huet “France Télévisions” de 26. Juni an enger E-Mail matgedeelt an erkläert, dass dëse System aus dem Joer 2018 stame géif an zënterhier net geännert gi wär.

“Dës Charte huet e redaktionellen Zweck, fir dat direkt Versteesdemech an dat intuitiivt Liese vu Kaarten ze erliichteren (Orange a Rout symboliséieren an de Faarfcodë vum deegleche Liewe Wäermt). Se gouf mam Fachwësse vun eise meteorologeschen Analysten entwéckelt a berout op enger objektiver Gradatioun, ouni kalkuléiert Exageratioun, wéi munch mengen. D’Realitéit vun enger Situatioun mat Hëllef vun engem pedagogesche Support ze beschreiwen, ass ee vun den Outile vun der Tëlee, fir eppes ze erzielen”, huet d’Grupp betount.

“Den technesche Fortschrëtt erméiglecht et, eis Outilen ze stäerken, net fir ze manipuléieren, mee fir besser ze informéieren”, huet “France Télévisions” nach betount.

Et gëtt also keng “Manipulatioun” vun de Wiederberichter op der Tëlee mam angeeblechen Zil, de Phenomeen vun der globaler Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen oder aus dem Näischt ze konstruéieren. Wann d’Kaarte rout sinn, ass d’Temperatur héich oder läit iwwer dem Duerchschnëtt vun der Joreszäit, wat ëmmer méi dacks virkënnt.

Verständlech Faarwe fir jiddereen

Schlussendlech gëtt et zwar keen eenheetleche Faarfcode fir all Fernseesender, fir d’Temperaturënnerscheeder am Verglach zu de saisonalen Duerchschnëttswäerter ze weisen, awer all dës Kaarte bleiwen de Prinzippie vun der graphescher Duerstellung trei, déi vun der graphescher Semiologie festgeluecht goufen (Archiv).

“Dës Reegele vun der graphescher Semiologie besoen, dass een op d’Wiel vun de Faarwe [mat de passenden Aussoen] oppasst, fir d’Intensitéit vun engem Phenomeen oder enger Unuerdnung, [mat fir jidderee verständleche Faarwen], duerzestellen” (z.B. blo fir kal oder rout fir waarm, Um. v. d. Red.), hat d’Sidonie Christophe, Fuerscherin am Beräich fir geografesch Wëssenschaften am ‘Institut national de l’information géographique et forestière (IGN), am Juli 2023 géintiwwer der AFP gesot.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun