Scroll Top

Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen

Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Zënter enger Rei Jore kurséiere Rumeuren, dass de Yellowstone-Nationalpark an den USA virun enger Katastroph stoe kéint.

An de leschten Deeg hu sech am Internet Opname mat der Falschbehaaptung verbreet, dass d’Déieren, déi am Park liewen, dowéinst flüchte géifen.

Ausserdeem gouf ënner anerem eng Foto vun Dosende Biere gedeelt, déi angeeblech op der Strooss am Agank vum Park léichen. D’Foto gouf awer mat KI hiergestallt.

D’AFP huet keng offiziell Meldunge fonnt, deenen no sech do eng gréisser Unzuel u Biere versammelt hätt. Den Nationalpark souwéi Fachleit hunn ausserdeem erkläert, dass keng vun de gedeelte Biller tatsächlech Déiere weise géif, déi aus dem Park flüchten. D’Gebitt gëtt wéinst dacks optriedenden Äerdbiewen intensiv iwwerwaacht. De Yellowstone-Vulkan ass fir d’lescht viru 70.000 Joer ausgebrach.

“EXODUS VU WËLLEN DÉIEREN AM YELLOWSTONE – WAT GESCHITT WIERKLECH? Dausende Wëll Déiere flüchte stënterlech aus dem Yellowstone-Nationalpark, an den Internet explodéiert wéinst Froen. Vu panesche Bisongruppe bis hin zu Bieren, déi Autobunne blockéieren – d’Natur setzt e kloert Zeechen”, housch et an engem Facebook-Bäitrag vum 18. Juli 2025. Weider huet den Notzer e Bild gedeelt, dat eng Strooss an engem arboréierte Gebitt weist, op där Dosende Biere leien. “Wëssenschaftler an Iwwerliewensexperten observéieren d’Situatioun opmierksam, well de Yellowstone op engem vun de geféierlechste Supervulkaner vun der Welt läit”, stoung weider am Text.

Och op Instagram war d’Behaaptung am Ëmlaf. D’Bild ass och op Rumänesch kurséiert an am ungaresche Bäitrag gouf d’Bild mat der Ausso gedeelt – awer spigelverkéiert a mat engem anere Bildausschnëtt.

RTL © AFP

Dat selwecht Bild souwéi aner Biller a Videoen, déi Déiere weisen, hu sech och op Franséisch verbreet, wéi d’AFP gemellt huet. Déi falsch an ierféierend Behaaptungen hunn alleguer eng änlech Erzielung: Déiere géifen a grousser Zuel de Yellowstone-Nationalpark verloossen – ee vun de bekanntsten Nationalparken an de Vereenegte Staaten -, well eng Naturkatastroph wéi zum Beispill en Ausbroch vum Vulkan an der Regioun bevirstéing.

Mee op AFP-Ufro huet den Nationalpark matgedeelt, dass aktuell keng Ried dovu wär, dass Déiere massenhaft aus dem Park flüchte géifen. Fachleit hu bäigefüügt, dass d’seismesch Aktivitéit an der Géigend permanent iwwerwaacht géif, bis elo awer näischt Ongewéinleches festgestallt gi wär. Ausserdeem gouf festgestallt, dass d’Foto, déi sech an der däitscher an der ungarescher Variant immens staark verbreet hat, – opgrond vu visuelle Widderspréch a Resultater vun digitalen Analysen – mathëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt gouf.

Foto vu Bieren ass KI-generéiert

Eng Abberzuel Notzerinnen an Notzer hunn hir Zweiwel ënnert dem ungaresche Facebook-Bäitrag geäussert, ob d’Foto echt wär. Eng Analys vun der Foto mat dem Verfizéierungstool InVID-WeVerify, un deem senger Entwécklung d’AFP och bedeelegt war, ergouf, dass d’Opnam héchstwarscheinlech mathëllef vu KI erstallt gouf.

Wéi och Snopes an engem Faktencheck gemellt huet, loosse sech mat enger ëmgekéierter Billersich Variante vun der Opnam bis zeréck an de Februar 2025 fannen – sou wéi eng Foto, déi vun der Facebook-Säit “Bear’s World” (“D’Welt vun de Bieren”) gedeelt gouf an eng qualitativ héichwäerteg Versioun vun der Foto duerstellt, déi am däitsche Bäitrag verbreet gouf. D’Säit hat d’Bild ursprénglech mat der Beschreiwung “wonnerschéint, mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt Bild”, wéi sech aus der Beaarbechtungshistorie vum Bäitrag ergëtt, huet dës Beschreiwung awer am Mäerz 2025 nees geläscht.

RTL © AFP

D’Foto ass vu besserer Qualitéit wéi d’Versioun an den aktuell gedeelte Bäiträg a verfüügt iwwer eng Rëtsch Indicen, déi op eng Produktioun mathëllef vu KI hiweisen. Am Yellowstone-Nationalpark liewe Grizzly- a Schwaarzbieren. Op der Internetsäit vum Nationalpark sinn och déi typesch Pattenofdréck vun de Bieren ze fannen (hei archivéiert). Am Bild, dat an de Sozialen Netzwierker verbreet gëtt, huet ee vun de Bieren awer eng glat, schongsuelenänlech Patt ouni Krallen:

RTL © AFP

Awer och aner Hiweiser deiten op eng Erstellung mathëllef vu KI hin: Sou läit zum Beispill ee vun de Bieren an der Mëtt vum Bild an enger onnatierlech verdréinter Positioun. Hannert him wierken zwee aner Bieren éischter wéi amorph, brong Flecken ouni Kapp a Glidder – an net wéi echt Déieren.

RTL © AFP

Eng erweidert Sich am Internet mat verschiddene Schlësselwierder ergouf kee glafwierdege Bericht doriwwer, dass massenhaft Bieren op de Stroossen am a ronderëm de Yellowstone-Nationalpark gesi goufen oder dass et an engem vun de concernéierte Bundesstaaten – Wyoming, Idaho oder Montana – wéinst Bieren zu Stroossespäerunge komm wär.

Am rietsen ieweschten Eck vum gedeelte Bäitrag op Däitsch ass ausserdeem e weidert Bild ze gesinn. Dorop sinn eng Rëtsch Bisonen ze gesinn, déi en Hiwwel eroplafen. Mathëllef vun enger ëmgekéierter Billersich konnt d’AFP erausfannen, dass d’Opnam al ass. D’Foto gouf schonn am Joer 2014 vun Alamy, enger Billeragence mat enger Sammlung vu lizenzfräien a redaktionelle Fotoen, op senger Internetsäit verëffentlecht. Der Beschreiwung no weist d’Bild zwar tatsächlech de Yellowstone-Nationalpark, ass awer iwwer zéng Joer al a gouf den 12. Juli 2014 geschoss.

RTL © AFP

Eng Sich nom Numm vun der Fotografin, déi Alamy uginn huet, huet d’AFP ausserdeem op d’Fotoplattform Shutterstock geféiert, wou déi selwecht Foto am Joer 2020 publizéiert gouf.

Keng Flucht vun Déieren an normal seismesch Aktivitéit

Op AFP-Ufro housch et vu Säite vum Yellowstone-Nationalpark, dass “d’Wëll Déieren de Yellowstone-Park net a grousser Zuel verloossen”. D’Rumeuren iwwer eng Masseflucht wäre “falsch” a géifen “op vu Kënschtlecher Intelligenz generéierte Biller baséieren”.

Den Héije Plateau, deen de Yellowstone-Nationalpark ëmgëtt an zu den aktiivste geothermeschen Zone vum nordamerikanesche Kontinent zielt, ass bekannt fir heefeg Äerdbiewen. Mee an de Wochen a Méint virun der Publikatioun vun dësem Faktencheck hunn d’seismografesch Statioune vun der University of Utah zu Salt Lake City, déi d’ënnerierdesch geologesch Aktivitéiten an der Regioun iwwerwaachen, keng bedeitend Äerdbiewe registréiert (hei archivéiert).

“Dës Zort vu Geschicht daucht all puer Joer nees op. Vill vun den aktuell kurséierende Videoe sinn net nei a goufen och net am Yellowstone opgeholl”, sot den Jamie Farrell, Professer am Departement fir Geologie a Geophysik vun der University of Utah, géintiwwer der AFP. Hien huet ausgeschloss, dass d’Déieren, déi op den dacks gedeelten Opnamen ze gesi sinn, virun engem Äerdbiewe flüchte géifen.

“Wat d’seismesch Aktivitéit betrëfft”, sou den Expert weider, “hu mir an der Regioun näischt Ongewéinleches festgestallt – weeder a Bezuch op d’Unzuel nach op d’Intensitéit oder d’Plaze vun de Biewen”.

Iwwer d’seismesch an d’vulkanesch Situatioun an der Yellowstone-Regioun verëffentlecht de Geologeschen Déngscht vun de Vereenegte Staaten (United States Geological Survey, USGS) all Mount Berichter op senger Internetsäit, déi op Analyse vun de seismesche Statioune vun der University of Utah baséieren (hei an hei archivéiert). Zwar goufen am Juni 2025 ronn 60 Äerdbiewe registréiert, mee dat stäerkst louch just bei enger Magnitude vun 2,7 op der Richterskala – e moossbaart, un der Uewerfläch awer net oder just schwaach ze spierend Ereegnes.

RTL © AFP

Et ass net déi éischt Kéier, dass d’Falschbehaaptung verbreet gëtt, dass Déieren am Yellowstone-Nationalpark en ongewéinlecht Verhale weisen an dëst eng bevirstoend Katastroph ukënnege géif.

Erëmkommend Panik wéinst Yellowstone-Vulkan

Schonn am Joer 2015 hat d’Internetsäit Snopes en Artikel verëffentlecht, an deem änlech Aussoen iwwerpréift goufen. Am Joer 2014 hat och d’AFP iwwer de “Supervulkan” vu Yellowstone geschriwwen, nodeem änlech Spekulatiounen d’Ronn gemaach haten.

Esou eng Falschmeldung berout dacks op der wëssenschaftlech onbegrënnter Virstellung, dass e puer Déieren Äerdbiewe scho laang virun hirem Antriede spiere kéinten. Wëssenschaftlech Etüden hunn awer ni beluecht, dass Déieren an der Lag sinn, Äerdbiewe virauszesoen, wéi de Sebastian Hainzl, Expert fir seismesch Beweegungen, der AFP fir dësen Artikel am Joer 2023 erkläert hat.

Eng vun den ëmmer nees opdauchende Behaaptunge betrëfft d’Yellowstone-Kaldera, e sougenannte Supervulkan ënnert dem Nationalpark.

Dësen am Duerchschnëtt méi wéi zéng Kilometer grousse vulkanesche Krater ass ee vun de gréisste “Supervulkane” vun der Äerd. Déi meescht vun dëse Vulkane si schonn net méi aktiv. Dat gëllt awer net fir d’Yellowstone-Kaldera, déi schonn e puer méi intensiv Superausbréch erlieft huet, fir d’lescht virun ongeféier 630.000 bis 640.000 Joren. De leschten “normalen” Ausbroch vum Vulkan war dem USGS no virun ongeféier 70.000 Joren agetrueden (hei archivéiert).

Den Intressi un dem beandrockende geologesche Phenomeen, dat zënter senger Entdeckung an den 1960er-Jore besteet, geet dacks mat der erëmkommender Angscht anhier, dass et op en Neits zu engem “Superausbroch” komme kéint – mat potenziell ganz schlëmme Konsequenzen. Zum Beispill dass domat e puer Milliarden Tonnen Äschen an d’Loft geschleidert an domat d’Mënschheet gefäerdet géif. Fachleit no gëtt et awer keng Unzeechen dofir, dass esou eppes geschwë geschéie wäert.

“Yellowstone ass haut net méi no un engem Ausbroch wéi gëschter”, huet den David Pyle, Professer fir Geowëssenschaften op der Oxford University, géintiwwer der AFP zesummegefaasst.

Fazit: Am Internet sinn Opname mat der Falschbehaaptung am Ëmlaf, dass Déieren aus Angscht virun enger Naturkatastroph aus dem Yellowstone-Nationalpark flüchte géifen. Mat dobäi gëtt ënner anerem eng Foto vun Dosende Bieren op enger Strooss gedeelt. D’Foto gouf awer mat KI hiergestallt. D’AFP huet ausserdeem keng offiziell Meldungen iwwer esou en Ereegnes fonnt. Den Nationalpark souwéi Fachleit hunn ausserdeem erkläert, dass keent vun de gedeelte Biller tatsächlech Déiere weise géif, déi aus dem Park flüchten.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun