Scroll Top

Campaign Safety First

oigEFXF1-Safety-First-Pic-1.jpg

RTL huet seng Campagne “Safety First – Sécherheet am Internet” lancéiert a wëll domadder d’Risike vun der Digitaler Welt ervirhiewen.

Dofir produzéiert RTL 12 eenzel Videoclippen, fir déi Leit, déi net mam Internet opgewuess ze sinn, ze sensibiliséieren, a si op d’Risike vun den digitale Medien opmierksam ze maachen. D’Ambassadeure vun der Campagne sinn d’Schauspiller Jemp Schuster a Michèle Turpel. D’Videoen dréinen all ëm Desinformatioun an hunn d’Zil, de Leit hir Mediekompetenz ze stäerken.

D’Campagne viséiert haaptsächlech déi Leit, déi net mam Internet opgewuess sinn, also keng sougenannt “Digital Natives” sinn, déi den Internet awer reegelméisseg notzen. Den Inhalt soll awer ee breede Publikum uschwätzen an all de Userinnen a User hëllefen, d’Geforen am Internet ze kennen an ze erkennen.