Zënter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Aféierung vun neiaartege Vaccinen, déi gehollef hunn, d’Pandemie anzedämmen, sinn mRNA-Impfstoffer ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng däitsch Etüd wär zur Konklusioun komm, dass d’Vaccine Kriibs souwéi Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten.
COVID-19
De fréiere Coronavirus-Beroder vum Wäissen Haus Anthony Fauci gouf an Neiséiland net wéinst Homicide involontaire ugeklot, wéi déi neiséilännesch Police der Norichtenagence AFP matgedeelt huet.
De Covid-19-Impfstoff vu Pfizer gouf vu Gesondheetsagencen als sécher a wierksam agestuuft.
Zënter Joerzéngten ass eng wäit verbreet Feelinformatioun, déi Autismus mat Impfungen a Verbindung bréngt, am Ëmlaf. Déi jéngst Versioun dovun, déi sech am Internet verbreet, gëtt fälschlecherweis eng wëssenschaftlech Aarbecht als Beweis dofir un, dass Covid-19-Impfungen dës liewensgeféierlech Erkrankung ausléisen.
De gewielten US-President Donald Trump huet ugekënnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fréieren Affekot fir Ëmweltrecht ouni wëssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.
Den Taux vu Broschtkriibs bei Patientinnen am Alter vun 20-29 Joer sinn a Kanada an de leschten zwee Joer geklommen, wat Fuerderungen opkomme gelooss huet, nach méi Fuerschung iwwer d’Ursaachen ze bedreiwen. Et gëtt awer keng Beleeger fir Aussoen am Internet, déi dës Hausse mat de Covid-19-Impfstoffer a Verbindung bréngen.
Iwwer d’Viruserkrankung Mpox sinn eng Rëtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf.
Wärend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt Mëttel, fir d’Andämme vum Coronavirus erausgestallt.
De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annoncéiert, dass e säi Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart hëlt.
D’Publikatioun vun der gréisster Peer-Review-Etüd iwwer d’Sécherheet vu Covid-19-Impfstoffer am Februar 2024 huet zu ierféierende Behaaptungen an de sozialen Netzwierker gefouert.