Faktencheck: Sinn Hënn a Kazen eng "Katastroph" fir d'Biodiversitéit an d'Klima? - Featured image

03 Jan: Faktencheck: Sinn Hënn a Kazen eng “Katastroph” fir d’Biodiversitéit an d’Klima?

Wéi d’COP28, déi alljärlech UN-Klimakonferenz, am Dezember 2023 zu Dubai op en Enn goung, sot de Politolog François Gemenne, Member vun der intergouvernementaler Expertegrupp fir Klimachangementer (IPCC), Mëtt Dezember an enger Emissioun vun der franséischer Chaîne LCI, dass “d’Kaz eng Katastroph fir d’Biodiversitéit” an den Hond eng “Katastroph fir d’Klima” wär. Äusserungen, déi bei villen Internetnotzer, awer och bei der SPA an e puer politesche Perséinlechkeeten hefteg Reaktiounen ausgeléist hunn.

Faktencheck: Ass d'Larabanga-Moschee am Ghana agestierzt? - Featured image

11 Oct: Faktencheck: Ass d’Larabanga-Moschee am Ghana agestierzt?

De 17. September 2023 ass eng vun den zwou bedeitendste Moscheeën am Ghana agestierzt. Kuerz Zäit drop ass eng Foto vun enger Ruin opgedaucht, zesumme mat der Behaaptung, se géif déi historesch Larabanga-Moschee weisen, nodeem se angeeblech no jorelaanger Vernoléissegung duerch d’Regierung an de Koup gefall ass. E Beamte vun der Larabanga-Moschee sot der Ekipp vum AFP-Faktencheck awer, d’Behaaptung wär falsch, an huet bewisen, dass d’Gebai aus Holz a Leem intakt wär.