Israel-Hamas Konflikt

Faktencheck: Video weist net d'Arrivée vun Dausenden US-Zaldoten an Israel - Featured image

06 Nov: Faktencheck: Video weist net d’Arrivée vun Dausenden US-Zaldoten an Israel

De Krich tëscht Israel an der Hamas huet zënter dem Ugrëff vun der radikalislamescher Terrororganisatioun de 7. Oktober an de Vergeltungsschléi vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif Dausende vun Doudege gefuerdert. An dësem Zesummenhang si vill viral Videoen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf, fir de Konflikt ze dokumentéieren, awer och eng Zuel un Desinformatiounen. Dozou zielt e Video, an deem een Zaldoten aus engem Fliger klamme gesäit.

Faktencheck: Dëse Video weist net, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel inzenéiert ass - Featured image

02 Nov: Faktencheck: Dëse Video weist net, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel inzenéiert ass

No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschléissende Beschoss vun der Gazasträif duerch déi israeelesch Arméi goufe sozial Netzwierker intensiv fir d’Dokumentatioun a Kommentéierung vum déidleche Krich genotzt. Gläichzäiteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetrëppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel gestallt wier.

Faktencheck: Vill Falschmeldungen a sozialen Netzwierker am Kader vum aktuelle Israel-Palästina-Konflikt - Featured image

17 Oct: Faktencheck: Vill Falschmeldungen a sozialen Netzwierker am Kader vum aktuelle Israel-Palästina-Konflikt

Vu Fake-Konten, déi sech als Journalisten ausginn, bis zu Krichscomputerspiller, déi Wouerechte verdréinen: Tech-Plattforme kämpfe mat engem Tsunami u Falschinformatioune ronderëm de Konflikt am Noen Osten tëscht Israel an de Palestinenser, nodeem se hir Mesurë fir d’Moderatioun vum Contenu zeréckgezunn hunn.