Noen Osten

Faktencheck: Falsche Video: Israeelesch Deputéiert hunn nom Waffestëllstand mat der Hamas net gekrasch - Featured image

26 Jan: Faktencheck: Falsche Video: Israeelesch Deputéiert hunn nom Waffestëllstand mat der Hamas net gekrasch

De 15. Januar 2025 gouf vu Katar an den USA e Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas annoncéiert, deen den 19. Januar a Kraaft getrueden ass. Dëse Waffestëllstand huet dozou geféiert, dass d’Partei “Jüddesch Stäerkt” (hebr. Otzma Jehudit) aus der israeelescher Regierung ausgetrueden ass, well d’rietsextreem Gruppéierung dëst Ofkommes als “skandaléis” ugesäit.

Faktencheck: Sketch aus dem Irak gëtt benotzt, fir angeeblech virgetäuscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - Featured image

06 Jan: Faktencheck: Sketch aus dem Irak gëtt benotzt, fir angeeblech virgetäuscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen

Ënnert der Féierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate Kämpfer den 8. Dezember 2024 d’syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d’gewalttäteg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am Ëmlaf, wéi e fréiere Prisonéier vum Saidnaja-Prisong inzenéiere géif, vun de fréiere staarke Leit am Land blesséiert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, déi zu Bagdad e Sketch dréien.

Faktencheck: Et ware keng israeelesch Poliziste fir d'Sécherheet beim Futtballmatch Frankräich-Israel responsabel - Featured image

18 Nov: Faktencheck: Et ware keng israeelesch Poliziste fir d’Sécherheet beim Futtballmatch Frankräich-Israel responsabel

Virum Hannergrond vu Sécherheetsbedenke ronderëm de Futtballmatch tëscht Frankräich an Israel de 14. November am Stade de France, wéinst den Tensiounen am Noen Osten an no engem Futtballmatch zu Amsterdam, hunn Internetnotzer d’Bild vun israeelesche Poliziste gedeelt a verséchert, dass dës Poliziste virum Match am Paräisser Quartier Saint-Denis fotograféiert goufen. Dat ass awer net wouer, well d’Bild israeelesch Polizisten zu Jerusalem am Joer 2022 weist.

Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten - Featured image

19 Jun: Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten

Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv géint d’Hamas zu Rafah am Süde vun der Gazasträif verschäerft. A sozialen Netzwierker ass wärenddeem eng Foto am Ëmlaf, déi e grousse Verbindungstunnel tëscht Rafah an Ägypten weise soll. Vill vun de Bäiträg bezéie sech op d’Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d’Hamas duerch Tunnellen aus Ägypten versuergt géif.

Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf - Featured image

21 May: Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf

An de Sozialen Netzwierker sinn am Moment vill Videoen a Biller vun de Kämpf an der Gazasträif ze gesinn. Bäiträg, déi am Mee 2024 am Ëmlaf waren, hu beispillsweis e Video gedeelt, an deem angeeblech Palästinenser virun enger erwaarter Buedemoffensiv vun der israeelescher Arméi an der südlecher Stad Rafah flüchten. De Clip staamt awer vun November 2023, wéi Palästinenser aus der nërdlecher Gazasträif fortgelaf waren.