Facebook-Notzer hunn eng gefälscht Warnung vum philippinnesche Gesondheetsministère gedeelt, wou dra steet, dass Honnerten Awunner vum Land duerch d’Iesse vu Fësch, dee mat HIV kontaminéiert wär, gestuerwe wären.
Fact Check
De 6. Februar 2023 goufen d’Tierkei a Syrien vun engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donnéeë vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerstéiert. A sozialen Netzwierker gëtt zënterhier doriwwer diskutéiert, wéi héich d’Warscheinlechkeet ass, en Äerdbiewe virauszesoen. Dës Fro steet am Raum, nodeems en hollännesche User op Twitter d’Äerdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostizéiert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut gëtt et keng wëssenschaftlech Method, fir Äerdbiewe virauszesoen.
02 Mar: Faktencheck: Wëll d’EU-Kommissioun mat zwee neie Reglementer “d’Populatioun kontrolléieren”?
D’Europäesch Kommissioun huet zwee Reglementer op de Wee bruecht, fir d’EU fit fir déi digital Zukunft ze maachen. Unhänger vu Verschwörungstheorië gesinn doran de Versuch vun der ieweschter EU-Institutioun, d’Bierger an Zukunft duerch Chippen, déi ageplanzt ginn, ze kontrolléieren.
A sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass e Video en UFO weise géif, dee vun engem Kampffliger ofgeschoss gëtt. Deem ass awer net esou. De Video staamt aus engem Simulatiounskampfspill.
Zënter de 70er Jore ginn et ëmmer rëm Diskussioune ronderëm den “Gender-Pay-Gap”. Heimat ass d’Differenz gemengt tëscht deem, wat Fraen a wat Männer duerchschnëttlech verdéngen. Mä ass dat haut ëmmer nach de Fall? Mir hunn de Faktencheck gemaach.
Ënnerhalen d’USA no un der russescher Grenz an der Ukrain Laboe fir Biowaffen? Ass d’Ukrain kee richtege Staat, mee en “anti-russesche Projet” vum Westen? A russesche Medien an op Online-Plattforme gëtt et dem EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell no e reegelrechten “Informatiouns-Krich”, an dat net eréischt zanter dem Amarsch vu russeschen Truppen an d’Ukrain vu virun engem Joer. Eng europäesch Aarbechtsgrupp ënner dem Borrell senger Féierung soll an Zukunft fir Opklärung suergen.
D’Consommateure wäerte “keng Insekten iessen, ouni et ze wëssen”. A ville Publikatiounen a sozialen Netzwierker gëtt awer behaapt, dass nei Produkter op der Grondlag vu Grillen a Larven, déi viru kuerzem vun der Europäescher Unioun zougelooss goufen, net mat enger spezieller Kennzeechnung etikettéiert wäerte ginn. Dat stëmmt awer net.
A sozialen Netzwierker ass zënter Mëtt Januar e Video am Ëmlaf, an deem e jonke Mann behaapt, dass gesiedegt Fettsaiere net zu Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge féieren.
An engem Post, deen op de soziale Reseaue ronderëm geet, gëtt behaapt, dass 50 Euro net ëmmer 50 Euro sinn. Mir hunn de Faktencheck gemaach.
“Däitscher, déi géint Covid geimpft goufen, sinn un AIDS erkrankt, duerno gouf et eng Millioun Doudeger a manner wéi engem Joer”.