Faktencheck: "Matrjoschka", déi nei anti-ukrainesch Desinformatiounscampagne fir westlech Medien - Featured image

06 Feb: Faktencheck: “Matrjoschka”, déi nei anti-ukrainesch Desinformatiounscampagne fir westlech Medien

Wärend d’Ukrain zënter bal zwee Joer mat der russescher Invasioun konfrontéiert ass, iwwerschwemmt déi pro-russesch Propaganda weiderhin d’sozial Netzwierker an déi europäesch Länner, mam Zil, d’Ënnerstëtzung vum Weste fir Kiew ze ënnergruewen. Zënter September besteet d’Desinformatioun am Internet, déi Russland zougeschriwwe gëtt, net méi just doran, anti-ukrainesch Noriichten ze verbreeden, mee och doran, déi westlech Medien direkt ze interpelléieren, fir si dozou ze bréngen, fir e puer dovun ze verifiéieren. Dat huet eng Ënnersichung vun der AFP erbruecht, woubäi Donnéeë vum Kollektiv “Antibot4Navalny” analyséiert goufen.

Faktencheck: Nee, d'Kreatioun vun der Ukrain war net illegal - Featured image

26 Sep: Faktencheck: Nee, d’Kreatioun vun der Ukrain war net illegal

An enger Serie vu Bäiträg, déi zënter Enn August 2023 op Facebook gedeelt ginn, behaapten Internetnotzer, dass d’Ukrain op “illegaler Basis” “kreéiert” gouf an domat géint d’Verfassung vun der Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepublicken (UdSSR), déi kommunistesch Federatioun, déi 1922 gegrënnt an 1991 opgeléist gouf, verstouss hätt. Si argumentéieren, dass den Artikel 14 vun dësem Text all Republik, déi d’Unioun verléisst, verflicht, d’Unioun mat hiren “urspréngleche Grenzen” ze verloossen, a zéien doraus d’Konklusioun, dass d’Ukrain op dës Manéier d’Krim, Galizien an den Donbass rechtswiddreg annektéiert hätt.

Faktencheck: Video vun Explosioun beim Kachowka-Staudamm ass vereelzt - Featured image

16 Jun: Faktencheck: Video vun Explosioun beim Kachowka-Staudamm ass vereelzt

De fréien Dënschdeg, de 6. Juni 2023, gouf am Süde vun der Ukrain e risege Staudamm zerstéiert. Bei den uschléissenden déidlechen Iwwerschwemmunge gouf e grousst Gebitt iwwerschwemmt an d’Ëmgéigend verwüüst. An de sozialen Netzwierker gouf séier e Video vun enger Explosioun gedeelt, vun deem behaapt gouf, e géif d’Zerstéierung vum Damm weisen. Deem ass awer net esou.