Faktencheck: Hielenner ass keen Ersatz fir Impfung géint d'Gripp - Featured image

02 Nov: Faktencheck: Hielenner ass keen Ersatz fir Impfung géint d’Gripp

Gesondheetsagencë recommandéieren, all Joer eng Impfung géint d’Gripp ze maachen, fir eng Iwwerdroung a schwéier Krankheeten virzebeugen, awer Impfskeptiker maache fälschlecherweis Reklamm fir Hielenner als Alternativ. Hir Bäiträg iwwerschätzen d’Virzich vun der Planz als Mëttel géint d’Gripp an ëmfaassen ierféierend Informatiounen iwwer d’Effikassitéit an d’Sécherheet vun der Impfung.

Faktencheck: Opgepasst viru Medikamenter am Internet, déi angeeblech AIDS heele kënnen - Featured image

31 Jul: Faktencheck: Opgepasst viru Medikamenter am Internet, déi angeeblech AIDS heele kënnen

Natierlech planzlech Heelmëttel géint AIDS? Dat schloen eng Rei viral Bäiträg op Facebook vir. Mee opgepasst, Experten no, gëtt et bis elo keen Heelmëttel géint den humanen Immundefizienzvirus (HIV). Antiretroviral Therapien, déi just bei enger Infektioun recommandéiert ginn, verhënneren awer d’Reproduktioun vum Virus an erméiglechen HIV-positive Mënschen en “normaalt” Liewen.

Faktencheck: Hätten Antibiotiquë vill Corona-Infizéierter virum Doud gerett? - Featured image

21 May: Faktencheck: Hätten Antibiotiquë vill Corona-Infizéierter virum Doud gerett?

Wéi gi Covid-19-Patiente behandelt, besonnesch déijéineg, déi am schlëmmste krank sinn? Dokteren op der ganzer Welt hu sech mat dësem Sujet beschäftegt an haut ginn eng Rei Traitementer fir dës schwéier Fäll empfuelen, déi mat der Verbreedung vun Impfstoffer ëmmer manner ginn. Awer a sozialen Netzwierker behaapten Internetnotzer, dass Covid-Doudeger un enger Sekündarinfektioun gestuerwe sinn a mat engem Antibiotique hätte kënne behandelt ginn.