Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Al Foto vun Uelegteppech an Neiséiland als Huthi-Attack ausginn

Faktencheck: Al Foto vun Uelegteppech an Neiséiland als Huthi-Attack ausginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nom Ausbroch vum Gaza-Krich hunn d’Huthi-Rebellen am Jemen Schëffer am Roude Mier mat Dronen a Rakéiten ugegraff.

RTL © AFP

D’Huthi, déi e Groussdeel vum Jemen kontrolléieren, hunn zënter  November 2023 Dronen- a Rakéitenattacken op d’Rout Mier an de Golf vun Aden gestart an hir Ugrëffer als Revanche fir den Israel-Hamas-Konflikt bezeechent.

Déi vum Iran ënnerstëtzt Rebellenattacken hunn zu Vergeltungsschléi vun der US-amerikanescher a brittescher Arméi an zur Formatioun vun enger internationaler Koalitioun fir de Schutz vun de liewenswichtege Schëfffaartsweeër geféiert.

D’Foto gouf nach an aneren änleche Facebook-Posts gedeelt (hei an hei).

Katastroph an Neiséiland

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet e Bild fonnt, dat de 5. Oktober 2020 op der Facebook-Säit vun der Royal New Zealand Navy publizéiert gouf (archivéierte Link).

Den Informatioune vum Facebook-Post no weist d’Foto d’Containerschëff Rena, dat 2011 virun der Küst vun Neiséiland op Grond gelaf war.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum fälschlech gedeelte Bild (lénks) a vum Bild vun der Royal New Zealand Navy (riets):

RTL © AFP

D’Schëff ënner liberianeschem Fändel hat en Uelegteppech ausgeléist, deen Dausende vu Séivullen ëmbruecht hat, nodeem et an en Offshore-Riff geknuppt war an d’Stränn vun der onberéierter Nordinsel Bay of Plenty verknascht hat.

Den Accident hat eng ëffentlech Roserei an eng geféierlech Biergungsaktioun als Konsequenz, bei där Ekippen de reschtlechen Ueleg aus dem Tank vun der Rena hu mussen erauspompelen. Dobäi koum, dass sech duerch héich Wellen déif Rëss am Schëff forméiert haten an den Ueleg ausgetruede war.

De Kapitän an den zweeten Offizéier vum Schëff goufen 2012 wéinst hirer Roll bei der gréisster Ëmweltkatastroph um Mier vun Neiséiland inhaftéiert.

D’AFP huet hat Opname vu Welle verëffentlecht, déi ronderëm dat havaréiert Schëff verlaf sinn, wärend et sech ëmmer méi op d’Säit geluecht huet.

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Fotoen a Videoen iwwerpréift, déi am Internet als falsch Huthi-Attacken op Schëffer am Roude Mier duergestallt ginn.

De Krich a Gaza ass no enger Attack vun der Hamas, déi hiresgläiche sicht, op Israel de 7. Oktober 2023 ausgebrach, bei där méi wéi 1.170 Mënschen, déi meescht dovun Zivilisten, ëmbruecht goufen.

D’Revanche vun Israel géint d’Hamas huet op d’mannst 35.900 Mënschen an der Gazasträif d’Liewe kascht, déi meescht dovun Zivilisten, sou de Gesondheetsministère vum vun der Hamas kontrolléierte Gebitt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.