Ufank November 2024 hu Rebellegruppen de Baschar al-Assad zur Flucht gezwongen an uschléissend d’Kontroll vun der syrescher Regierung iwwerholl.
A Sozialen Netzwierker war doropshin déi falsch Behaaptung am Ëmlaf, dass “nei gigantesch Flüchtlingsstréim” aus Syrien Richtung Europa ënnerwee wären. Dozou gëtt e Video gedeelt, an deem eng Rëtsch Persoune mat Bagage op enger Strooss trëppelen. Mee de Video ass e puer Joer al.
Ausserdeem gëtt et Experten no keng Beleeg fir eng aktuell Hausse u Flüchtlingen aus Syrien.
D’Männer hu vill Bagage bei sech; si schleefe Wallissen, Decken a Plastikssäck. Vill méi ass an dësem onschaarfe Video, deen aktuell staark op Facebook verbreet gëtt, nëmme schwéier ze erkennen. Siichtbar ass awer: Et handelt sech ëm eng Rei Leit, déi an engem séieren Tempo an eng Richtung zéien. De Video gouf anscheinend aus engem fuerenden Auto opgezeechent.
“A Syrien maache sech am Moment nei gigantesch Flüchtlingsstréim op de Wee Richtung Europa”, hu User a Userinne geschriwwen, déi de Video gedeelt hunn. “Dowéinst gouf den Assad gestierzt”, heescht et zum Beispill an de Kommentarer.
Och op de Plattformen X an Telegram fanne sech eng Rëtsch Bäiträg zu dësem Sujet. De Video mat der Falschbehaaptung ass och an anere Sproochen, beispillsweis Englesch, am Ëmlaf.
Mee d’Behaaptung, dass de Video eng grouss Unzuel u syresche Flüchtlinge weist, déi um Wee Richtung Europa wären, ass falsch. Bei dësem Video handelt et sech ëm al Biller. De verbreete Video beleet keng aktuell “Flüchtlingsstréim” aus Syrien.
Video staamt vun 2020
Mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich konnt d’AFP den Ursprong vun den Opnamen identifizéieren. AFP-Recherchen no goufen dës fir d’éischt vum Federico Soda vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM) gepost. Dësem UN-Rapport aus dem Februar 2024 no ass hie mëttlerweil Direkter vum Departement fir Humanitär Hëllef an Erëmopbau (hei archivéiert). Dat geet och aus sengem Linkedin-Profil ervir.
Den 20. Abrëll 2020 hat de Soda dësen X-Bäitrag verëffentlecht (hei archivéiert). Zu dësem Zäitpunkt war de Soda Chef vun der IOM-Missioun a Libyen, wéi een zum Beispill dëser IOM-Emissioun vum 11. Abrëll 2020 enthuele kann. An dësem Kontext hat de Soda deemools geschriwwen, dass “Honnerte vun tuneeseschen Aarbechtsmigranten, déi zënter Wochen un der tuneesesch-libyscher Grenz festsëtzen, elo an Tunesien agedronge” wären.
Dem Soda seng Bäiträg goufen a Medieberichter, dorënner och vun der AFP, ernimmt, deenen no méi wéi 600 Tuneesier un der libyscher Grenz festsouzen. D’Länner haten hir Grenzen zougemaach, fir d’Ausbreedung vum Coronavirus anzedämmen. Dat hat deemools, Medieberichter no, och den tuneeseschen Inneministère matgedeelt. Honnerte vun Tuneesier, déi a Libyen festhoungen, nodeems d’Grenze wéinst der Coronavirus-Kris zougemaach gi waren, hätten en tuneesesche Grenzposten erreecht. “Ongeféier 652 Persoune gi virun der Arees Sécherheetskontrollen ënnerzunn, éier se a Quarantänsariichtunge bruecht ginn”, gëtt de Ministère zitéiert.
Am Video sinn deemno keng syresch Flüchtlingen ze gesinn, déi sech aktuell op de Wee Richtung Europa maachen. Villméi weist e Persounen aus Tunesien, déi am Joer 2020 versichen, heemzekommen.
De Soda hat schonn den Dag virdrun aner Fotoen op X gepost, zum Beispill vu Männer, déi sech der Beschreiwung no virun der Ekipp vum Libysche Roude Kräiz an d’Rei stellen, souwéi vun engem anere Mann, dee medezinnesch versuergt gëtt. Munch Leit hu blo Eeweemasken un. Mat dëse Fotoen hat hien op d’Konditioune vun de festhänkende Männer opmierksam gemaach. “Déi meescht schlofen ënner fräiem Himmel a sinn der Ongewëssheet ausgesat”, hat de Soda geschriwwen.
Video war an der Vergaangenheet mat anere Falschbehaaptungen am Ëmlaf
De Video, deen tuneesesch Männer weist, gouf schonn an der Vergaangenheet fir d’Instrumentaliséierung géint Flüchtlinge genotzt. D’AFP huet en italieeneschen Artikel vu Juli 2020 iwwer de Video fonnt – e puer Méint, nodeem de Federico Soda de Video an d’Netz gestallt hat. D’Faktencheck-Portal “facta.news” hat doran e Bäitrag iwwerpréift, deen deem sengen Aussoen no vun engem Politiker vun der rietspopulistescher Partei Lega verëffentlecht gi war. An der Beschreiwung zu dësem Video hätt de Politiker behaapt, dass et sech ëm Migranten handele géif, déi Richtung Italien ënnerwee wären.
Och a Spuenien huet eng Falschbehaaptung am Zesummenhang mam Video d’Ronn gemaach. Et housch, dass d’Persounen am Video um Wee Richtung Gran Canaria wären. E spuenesche Faktencheck vun der Organisatioun “Maldita” vun November 2020 doriwwer hat en Artikel vun der Noriichteplattform “The National” mat weidere Fotoen am Zesummenhang mat Zitater vum Federico Soda ernimmt. Dora gëtt beschriwwen, dass et sech bei den Opnamen am Clip ëm de Grenziwwergang Ras Jedir a Libyen handelt.
D’Landschaft ronderëm de wichtegsten tuneesesch-libysche Grenziwwergang Ras Jedir änelt där am gedeelte Video (hei archivéiert).
Fachleit gesi keng Beleeg fir méi Awanderung
“Vill vun den elo kurséierende Videoe si scho méi al, aus dem Zesummenhang gerappt a weisen aner Fluchtbeweegungen”, huet d’Judith Kohlenberger erkläert. Si ass Migratiounsfuerscherin um Institut fir Sozialpolitik vun der WU Wien. “Wat mir geséchert wëssen, ass, dass sech vill syresch Flüchtlingen op de Wee aus den Nopeschlänner zeréck a Syrien maachen. An de leschten Deeg koum et doduerch zu Réckstauen a Waardezäiten, zum Beispill un der tierkesch-syrescher Grenz”, huet d’Kohlenberger an enger E-Mail un d’AFP vum 13. Dezember 2024 geschriwwen.
Och d’Yuliya Kosyakova hätt “näischt dozou aus seriöe Quellen héieren”. D’Kosyakova ass Cheffin vum Fuerschungsberäich Migratioun an Integratioun bei enger Fuerschungsariichtung vun der däitscher Bundesagentur für Arbeit souwéi Professesch fir Migratiounsfuerschung op der Otto-Friedrich-Universität zu Bamberg. D’Migratiounsfuerscherin huet an enger E-Mail un d’AFP vum 13. Dezember 2024 d’Fro opgeworf, wat d’Grënn fir esou e “Stroum” iwwerhaapt si sollten. “De Bamf (Deutsches Bundesamt für Migration und Flüchtlinge, Um. v. d. Red.) huet all Verfare gestoppt, soumat kéinten déi nei Flüchtlingen och net wierklech Schutz ufroen.”
“Et kann een dovun ausgoen, dass am Moment weder déi grouss Mass u Mënschen a Syrien zeréckgeet, nach dass eng grouss Unzuel Richtung Europa flücht”, huet de Lukas Gahleitner-Gertz an enger E-Mail un d’AFP vum 16. Dezember 2024 geschriwwen. De Jurist ass bei der Hëllefsorganisatioun “Asylkoordination Österreich” täteg, déi d’Asylgesetzer a -verfaren an Éisträich iwwerwaacht. Dem Gahleitner-Gertz no géif et “iwwerhaapt keng Unzeeche fir eppes ‘Gigantesches'”.
Vill EU-Staaten hunn d’Asylprozedure vu Syrerinnen a Syrer ausgesat, sou och Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg.
Lag a Syrien ass nach onstabil
Kämpfer vun der islamistescher Miliz Hajat Tahrir al-Scham (HTS) haten den 8. Dezember 2024 Damaskus eruewert an déi laangjäreg Herrschaft vum Baschar al-Assad a Syrien op en Enn bruecht. D’HTS-Miliz huet hir Wuerzelen am syreschen Ofleeër vun Al-Qaida.
Déi wichtegst Alliéiert vum Assad – Russland, den Iran an déi am Libanon usässeg Hisbollah-Miliz – haten näischt ënnerholl, fir de Virmarsch vun den islamistesche Kämpfer op déi syresch Haaptstad ze verhënneren. Den Assad, deem Entféierung, Folter an Ermuerdung vun Aneschtdenkende virgehäit gëtt, war doropshin a Russland geflücht.
© AFP
An den aktuell gedeelte Bäiträg mam Video ginn ënner anerem den Afloss vun Israel an d’Intressie vu Russland a Syrien thematiséiert.
Just e puer Stonnen nom Anhuele vun Damaskus duerch d’Rebelle war Israel an eng Pufferzon mat Syrien op de besate Golanhéichten agedrongen. Fir Russland stellt d’Muechtiwwernam vun de Rebellen ënnert der Féierung vun der HTS-Miliz no der eelef Deeg laanger Blëtzoffensiv e Réckschlag duer. De russesche President Wladimir Putin gëllt als wichtegsten Alliéierte vum Assad.
Och eng angeeblech Ënnerstëtzung vun der HTS duerch d’Ukrain gëtt an de Sozialen Netzwierker thematiséiert. Der Expertegrupp “EU vs Disinfo” vum Europäeschen Auswäertegen Déngscht no ass dat eng sech ëmmer nees widderhuelend Desinformatioun vu kremlfrëndleche Medien, déi dorop ofzile géif, d’Ukrain ze diskreditéieren, andeem hir Regierung mat Terrorismus a Verbindung bruecht gëtt.
D’AFP huet weider Falschinformatiounen am Zesummenhang mam Assad senger Chute iwwerpréift. Änlech Behaaptungen iwwer eng angeeblech “Invasioun” vun Europa duerch Migrante war an der Vergaangenheet och op Polnesch am Ëmlaf.
Fazit: En am Internet verbreete Video no der Entmuechtung vum Assad beleet keng aktuell Hausse vu Flüchtlingen, déi sech vu Syrien aus op de Wee an Europa maachen. Am Clip sinn Tuneesier ze gesinn, déi nom Zoumaache vun der Grenz opgrond vun der Coronapandemie am Abrëll 2020 a Libyen festhoungen an nees an hir Heemecht zeréck wollten.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.