Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Andrew Tate net wéinst Sträit mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn

Faktencheck: Andrew Tate net wéinst Sträit mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den eemolege Kickboxer an ëmstriddenen Influencer Andrew Tate ass den 29. Dezember 2022 wéinst Virwërf vu Mënschenhandel, Vergewaltegung a Grënnung vun enger krimineller Vereenegung a Rumänien festgeholl ginn.

Dat ass allerdéngs net ganz richteg. Dem Tate säin Haus a Rumänien gouf schonn am Abrëll 2022 duerchsicht. Den zoustännege Parquet huet géintiwwer der AFP erkläert, d’Enquêtë géife schonn zënter Ufank 2021 lafen. De Pizzakartong hätt näischt mat der Verhaftung ze dinn.

Dosende User hunn d’Meldung iwwer den Andrew Tate op Facebook gedeelt. Op Twitter hunn Dausenden entspriechend Bäiträg gesinn. Eng Rei Medien an Éisträich an an Däitschland hunn déi ierféierend Meldung och weider verbreet, dorënner den Online-Medium “Buzzfeed“, déi éisträichesch Zeitunge “Kurier” an “Heute“, de rietspopulisteschen Online-Medium “Exxpress“, de Sender Euronews, souwéi de “Kölner Stadt-Anzeiger“. Op Nofro vun der AFP hunn e puer Medie geschriwwen, an der Tëschenzäit eng aktualiséiert Versioun vun hire Meldunge mat korrketer Duerstellung publizéiert ze hunn, dorënner “Buzzfeed“, de “Kölner Stadt-Anzeiger” an de “Kurier“.

D’Behaaptung: Online heescht et, de rumäneschen Autoritéite wär et wéinst dem Pizzakartong méiglech gewiescht, den Andrew Tate ze verhaften. Wärend enger hëtzeger Debatt mat der Ëmweltaktivistin Greta Thunberg op Twitter, war an engem Video vum Tate e Pizzakartong ze gesi gewiescht, deen angeeblech säin Openthaltsuert verroden hätt.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 09.01.2023

De 27. Dezember huet den Tate sech op Twitter eng hëtzeg Diskussioun mat der Ëmweltaktivistin Greta Thunberg geliwwert, déi viral goung. De brittesche Kickboxer an eemolege Kandidat bei Big Brother, hat vis-à-vis vum Thunberg mat enger Foto uginn, op där seng grouss Sammlung vu Sportautoen ze gesi war.

Den Tate hat op déi “enorm Emissioune” vun den Autoen higewisen, wouropshin d’Thunberg gekontert huet:

Als Reaktioun dorop huet den Andrew Tate e kuerze Video gepost, an deem hie sech iwwer d’Thunberg lëschteg mécht. An deem Video sinn och e puer geliwwert Pizzaen “an net recycléierte Kartongen” ze gesinn, wéi den Tate erkläert. Op dem Pizzakartong war däitlech de Logo vum Livreur Jerry’s Pizza souwéi eng Opschrëft op Rumänesch ze gesinn. Béid Informatiounen kéinte Réckschlëss op säin Openthaltsuert ginn.

RTL Screenshot aus Andrew Tates Video auf Twitter. Grüne Hervorhebung von AFP hinzugefügt: 28.12.2022

Een Dag nm Tate senger Verhaftung huet d’Thunberg getwittert: “Dat geschitt, wann ee seng Pizzakartongen net recycléiert.” Hire Bäitrag gouf bis Mëtt Januar méi wéi 3,5 Millioune Mol geliked. De Bäitrag vun der Aktivistin gouf och vun éisträicheschen an däitsche Medien opgegraff, fir ze behaapten, d’Pizzakëschten hätten dem Tate seng Verhaftung erméiglecht.

Pizzakartong huet net zur Verhaftung gefouert

D’Rumeur ëm d’Pizzakëschten huet ugefaange sech den 29. Dezember 2022 am Internet ze verbreeden, nodeem eng Affekotin vun der Harvard Law School, d’Alejandra Caraballo, eng Rei vun Tweets mat der Behaaptung gepost hat, an deenen och Screenshots vun engem rumäneschen Artikel ze gesi waren. Wéi op der Websäit vum rumäneschen Noriichteportal “Gândul” erkläert gouf, hätten d’Autoritéite bei den Enquêten och dem Andrew Tate seng Social-Media-Bäiträg genotzt.

Dozou huet d’Caraballo geschriwwen: “D’Greta Thunberg huet den Andrew Tate net just mat hirem Tweet vernicht, mee hien och esou rose gemaach, dass hie mat engem bëllege Comeback-Video aus Versinn déi rumänesch Autoritéiten op seng Presenz a Rumänien opmierksam gemaach huet.”

Och den Twitter-Account vun Jerry’s Pizza, dem Livreur vun de Pizzaen, déi am Tate sengem Video ze gesi sinn, huet geschriwwen: “De Grond, firwat mir déi beléiftst Pizza sinn.” Dozou huet d’Entreprise eng Foto vun engem Pizzakartong mam Slogan “We got taste”, op Lëtzebuergesch “Mir hu Goût”, gedeelt. Den “s” gouf dobäi allerdéngs liicht onkenntlech gemaach, soudass de Saz als “We got Tate” ze liesen ass.

Parquet dementéiert

De rumänesche Parquet huet d’Behaaptung awer zeréckgewisen, de Sträit op Twitter tëscht dem Tate an der Thunberg hätt dobäi gehollef, den Influencer ze fannen. “Do gëtt et keen Zesummenhang”, huet d’Spriecherin vum rumänesche Parquet fir Bekämpfung vun organiséierter Kriminalitéit (DIICOT), d’Ramona Bolla, den 30. Dezember 2022 géintiwwer der AFP erkläert.

“Fir festzestellen, ob sech eng Persoun am Land ophält, notze mir eng ganz Rei vu Méiglechkeeten. De Fakt, dass den Tate an där Nuecht e Video mat engem Jerry’s Pizzarkartong gepost huet, huet just confirméiert, wat mir souwisou scho woussten”, huet d’Bolla erkläert. D’ “Arrestatioun an d’Perquisitioune” wäre schonn en vigueur gewiescht.

D’Enquêteure waren dem Tate schonn zënter Ufank 2021 op der Spuer. Am Abrëll 2022 hate si schonn d’Villa vum Promi duerchsicht.

Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vum Greta Thunberg den 30. Dezember 2022 erkläert, dass den Tweet vun der Aktivistin iwwer de Pizzakartong e “Witz” gewiescht wär an dass d’Klimaaktivistin “net a Kontakt mat de rumäneschen Autoritéite” gestanen hätt.

D’Caraballo, d’Affekotin, déi fir d’éischt en Zesummenhang tëscht der Arrestatioun an de Kartongen hiergestallt hat, huet mëttlerweil e weideren Tweet verëffentlecht, an deem si vu “berechtegter Kritik” un hiren Aussoen, déi si virdru gemaach huet, schwätzt.

Scho virun der Verëffentlechung vum Pizza-Video gouf et Hiweiser, dass den Tate sech a Rumänien opgehalen huet. Sou huet hie beispillsweis de 25. Dezember 2022 e Video vun enger Biergstrooss mat der Beschreiwung “Rumänien” getweet.

Obwuel d’Opnam net datéiert ka ginn, konnt d’AFP d’Plaz, wou d’Foto gemaach gouf, erëmfannen. De Video staamt vun der Transfăgărașan-Strooss, déi duerch d’rumänesch Karpate féiert. D’Plaz kann duerch Geolokaliséierung op Google erëmfonnt ginn, wéi am follgende Verglach mam Tate sengem Tweet ze gesinn ass:

RTL Screenshot von Andrew Tates Twitter-Account: 30.12.2022

Op Google Street View ass en plus eng Hütt ze erkennen, déi och am Video vum Tate virkënnt:

RTL Screenshot von Andrew Tates Twitter-Account: 30.12.2022

Virwërf vu Mënschenhandel

Den Andrew Tate wéi och säi Brudder Tristan Tate, deen och verhaft gouf, wären no der Arrestatioun fir d’éischt fir 24 Stonne a Arrest geholl ginn, huet d’Spriecherin vum rumänesche Parquet fir Bekämpfung vun organiséierter Kriminalitéit géintiwwer der AFP erkläert. Den 30. Dezember 2022 huet e rumänescht Geriicht decidéiert, den Tate a säi Brudder fir 30 Deeg ze inhaftéieren.

Enger Erklärung vum Parquet vum 29. Dezember 2022 no ginn de britteschen Influencer a säi Brudder der organiséierter Kriminalitéit, Vergewaltegung a Mënschenhandel an diverse Länner verdächtegt. Zum aktuellen Zäitpunkt goufe sechs potenziell Affer identifizéiert.

D’Affer goufen angeeblech mat engem Trick erageluecht, mat deem hinne Gefiller virgetäuscht goufen, si dann agespaart a mat Gewalt zur Prostitutioun an zur Participatioun u pornografesche Filmer gezwonge goufen.

De Parquet huet och Opname vun der Perquisitioun vum 29. Dezember 2022 verëffentlecht, déi Schosswaffen, Boergeld a Sportween weisen, déi op verschiddene Plazen a Rumänien beschlagnaamt goufen. Rumänesche Medien no ware schonn am Abrëll zwou Fraen, dorënner eng Fra aus den USA, vun der Police aus enger Bukarester Villa befreit ginn. D’Fraen hu behaapt, vun den Tate-Bridder festgehale ginn ze sinn.

Den Tate, deen och déi US-amerikanesch Nationalitéit huet, war 2016 an der Tëleessendung “Big Brother” opgetrueden. Hie gouf awer aus der Sendung ausgeschloss, nodeem e Video opgedaucht war, an deem hien eng Fra schléit. Och op Twitter war hien opgrond vu misogynnen Äusserunge bis viru Kuerzem gespaart.

Fazit: Dem rumänesche Parquet no huet dem Andrew Tate seng Arrestatioun näischt mat de Pizzakartongen ze dinn, déi an engem Twitter-Video vum Influencer ze gesi sinn. D’Autoritéiten enquêtéiere schonn zënter Laangem géint den eemolege Kickboxer. Am Abrëll 2022 gouf dem Tate seng Villa a Rumänien schonn eng Kéier duerchsicht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.