Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Argentinien: Keng Billjeeë mam Lionel Messi sengem Konterfei erausginn

Faktencheck: Argentinien: Keng Billjeeë mam Lionel Messi sengem Konterfei erausginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Dezember huet Argentinien sech säin drëtte Weltmeeschtertitel am Futtball geséchert. E puer Deeg duerno gouf an de sozialen Netzwierker behaapt, datt an Argentinien, zu Éiere vun dësem Evenement, Billjeeë mat de Gesiichter vu Spiller gedréckt sollte ginn. D’Bild, dat am Ëmlaf war, war just eng Éierung vun engem Kënschtler.

“Déi argentinesch Zentralbank bréngt en argentineschen 1.000-Peso-Billjee mam Bild vum Lionel Messi an der argentinescher Nationalekipp als Weltmeeschter an Ëmlaf”, gouf a Facebook-Publikatioune behaapt, déi zënter Enn Dezember e puer honnert Mol a Frankräich an Afrika gedeelt goufen.

RTL Capture d'écran prise sur Facebook, le 03/01/2023

RTL Capture d'écran prise sur Facebook, le 03/01/2023

Keng offiziell Billjeeën

Déi Fotoen, déi mat de Bäiträg ronderëm goungen, weisen awer keng offiziell, geplangt oder scho sech am Ëmlaf befënntlech Billjeeën an Argentinien. Déi Fotoe stamen net vun der Internetsäit vun der Zentralbank vun der Republik Argentinien (BCRA), wou déi verschidde Billjeeë presentéiert ginn. Par contre sinn déi offiziell 1.000-Pesos-Billjeeën ze gesinn, op deenen am Dezember 2022 an Ufank 2023 Zeechnunge vun der Routbrëschtchen, dem Nationalvugel vun Argentinien, ze gesi sinn.

RTL Capture d'écran du billet de 1.000 pesos argentins au 03/01/2023, prise sur le site de la Banque centrale d'Argentine

De Fernando Alonso, den Haaptverantwortleche fir d’Kommunikatioun bei der BCRA, huet der AFP den 22. Dezember 2022 matgedeelt, datt déi argentinesch Zentralbank net wëlles hätt, no der WM a Katar e Bild vum Lionel Messi op hir Billjeeën ze drécken. “Mir hunn net wëlles, Sue mam Gesiicht vum Messi erauszebréngen“, sot hien.

Vu wou kommen d’Geldschäiner mam Messi?

Dat éischt Bild, dat an de virale Publikatiounen an de sozialen Netzwierker verbreet gëtt an op der Récksäit vum Billjee ze gesinn ass, weist déi argentinesch Nationalekipp, déi am Juni 2022 hir Victoire beim Match tëscht dem Europameeschter an dem Gewënner vun der Copa América feiert. D’Victoire bei der Finalissima, wéi dës interkontinental Kompetitioun genannt gëtt, huet also näischt mat der Final vun der Weltmeeschterschaft a Katar ze dinn. D’Zeen ass en engem Video ze erkennen, deen den 2. Juni 2022 op der Websäit vun der UEFA, der Unioun vun den europäesche Fussballverbänn, verëffentlecht gouf.

RTL Capture d'écran de l'équipe d'Argentine soulevant le trophée lors de sa victoire de la Finalissima 2022, prise sur le site de l'UEFA le 03/01/2022

Duerch eng ëmgekéiert Billersich gouf dat zweet Bild mam Kapp vum Lionel Messi, dat de 17. Dezember 2022, kuerz virun der WM-Finall, um Instagram-Kont “ellseven” opgedaucht ass, erëmfonnt. De Kont “ellseven” deelt reegelméisseg kënschtleresch Kreatiounen am Zesummenhang mat Sport oder Sportler. An der Beschreiwung vun der Publikatioun steet: “Entworf vun engem neien argentineschen 1.000-Pesos-Geldschäin. D’Scaloneta [déi argentinesch Ekipp, déi vum Lionel Scaloni trainéiert gëtt, Um. v. d. Red.] spillt perfekt bei dëser Weltmeeschterschaft an ech musst hinnen eng vu menge Kreatioune widmen. Also hunn ech e puer Deeg domat verbruecht, doriwwer nozedenken, bis ech eng Iddi hat, an ech hoffe se gefält iech. Muer wäert ech d’Ekipp mat aller Kraaft ënnerstëtzen, sou wéi si et verdéngt.”

RTL Capture d'écran de la publication Instagram du compte “ellseven”, prise le 03/01/2022

D’AFP huet de Lautaro Rodriguez, den Auteur vun der Publikatioun, kontaktéiert an hien huet confirméiert, dass hien d’Bild vum Billjee erstallt hätt, fir seng Ënnerstëtzung fir déi argentinesch Ekipp auszedrécken. “Dësen Design ass vu mir. Ech hunn et eng Woch virun der Finall entworf an um Virowend vun der Finall online gestallt”, huet hien der AFP Enn Dezember erkläert. “Duerno ass op TikTok e Video mat mengem Design opgedaucht, an deem erwäänt gouf, datt d’Zentralbank dës Iddi virgeschloen hätt, wat net de Fall war. An no deem TikTok-Video ass et an den Netzwierker viral gaangen”, huet hie bäigefüügt. Zanterhier huet hie weider Biller vu senger Kreatioun verëffentlecht an ugekënnegt, se als “Sammelschäin” an d’Vente ze ginn.

Nei Billjeeë virgesinn, awer ouni Sportler

Déi argentinesch Zentralbank huet zwar net wëlles, Geldschäiner zu Éiere vun der Nationalekipp oder hirem Kapitän drécken ze loossen, awer se entwéckelt Geldschäiner mat neien Illustratiounen, “déi mat Sécherheet an der zweeter Hallschent vum Joer 2023 an den Ëmlaf kommen”, sot hire Vertrieder Fernando Alonso der AFP. Dës Serie vu Billjeeë mat de Gesiichter vu bedeitende Perséinlechkeeten an Argentinien gouf am Mee 2022 virgestallt. Et ass awer kee Sportler drop.

RTL Capture d'écran de la présentation des futurs billets, prise sur le site de la Banque centrale d'Argentine le 03/01/2022

Den Enrique Mouján, de Kommunikatiounbeoptraagte vun der argentinescher Wärung, der offizieller Entitéit, déi ë.a. fir den Drock vum Geld zoustänneg ass, huet de Billjee mam Bild vum Messi ganz kloer als “Witz” bezeechent. D’BCRA huet fir verschidde wichteg Evenementer scho Gedenkmënzen ausginn, déi just a begrenzte Quantitéiten am Ëmlaf sinn. Sou goufe Mënze fir d’Weltmeeschterschaft 2022 gepräägt. Se weisen awer net d’Gesiicht vum Lionel Messi oder der argentinescher Nationalekipp, mee e Fouss mat Fussballschong, deen e Ball geréit.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.