Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ass d’Larabanga-Moschee am Ghana agestierzt?

Faktencheck: Ass d'Larabanga-Moschee am Ghana agestierzt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De 17. September 2023 ass eng vun den zwou bedeitendste Moscheeën am Ghana agestierzt. Kuerz Zäit drop ass eng Foto vun enger Ruin opgedaucht, zesumme mat der Behaaptung, se géif déi historesch Larabanga-Moschee weisen, nodeem se angeeblech no jorelaanger Vernoléissegung duerch d’Regierung an de Koup gefall ass. E Beamte vun der Larabanga-Moschee sot der Ekipp vum AFP-Faktencheck awer, d’Behaaptung wär falsch, an huet bewisen, dass d’Gebai aus Holz a Leem intakt wär.

RTL © AFP

Am Bäitrag sinn zwee Biller dran, eent weist e Gebai, dat wéi aus der Antik ausgesäit, an dat anert weist d’Ruin vun enger anscheinend agestierzter Leemstruktur.

D’Larabanga-Moschee, déi an dësem Bäitrag ernimmt gëtt, ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktioune vu Ghana a gëllt als déi eelst an am meeschte veréiert Moschee am Land (hei archivéiert).

De Bäitrag weist awer net d’Larabanga-Moschee, nodeem se soi-disant agestierzt ass.

Moschee vu Bole

Eng ëmgekéiert Billersich huet dat éischt Bild vum héije Gebai (hei archivéiert) op der Internetsäit “Hauns in Africa”, déi vum William Haun gemanaged gëtt, deen enger chrëschtlecher Missionarsgrupp ugehéiert, déi un enger Rei Projeten am Ghana bedeelegt ass.

RTL © AFP

D’Foto weist déi antik Moschee vu Bole, déi am sudaneesesch-sahelesche Baustil entworf an aus Leem an Holz gebaut gouf (hei archivéiert).

D’Bole-Moschee befënnt sech am Distrikt West Gonja an der nërdlecher Regioun vu Ghana an änlet der Moschee vu Larabanga.

Mat Google Maps Street View huet d’AFP bestätege kënnen, dass déi zweet Foto vun engem agestierzte Gebai aus Leem d’Moschee vu Bole ass an net déi vu Larabanga, wéi an de Bäiträg behaapt.

Sou weist eng weider Foto vun der Bole-Moschee, déi vum Haun am Joer 2018 geschoss gouf an op Google Maps ze gesinn ass, eng Rei Mierkmoler, déi zu deene vum agestierzte Gebai passen, dorënner e Minarett (en héijen Tuerm, deen an der Reegel um Bord vu Moscheeë steet) a kuppelfërmeg Mauersteng.

RTL © AFP

Lokal Medien hu gemellt, dass d’Bole-Moschee no laanger Vernoléissegung agestierzt wär (hei archivéiert).

Wärenddeem sot de Seidu Bashiru, e Guide vun der Larabanga-Moschee der Ekipp vum AFP Faktencheck den 28. September 2023, dass “d’Larabanga-Moschee net agestierzt ass. Ech hunn och eng Rëtsch Biller an de sozialen Netzwierker gesinn, awer déi weisen d’Bole-Moschee, déi eng änlech Struktur huet.”

De Bashiru huet bäigefüügt, dass d’Larabanga-Moschee, e Wallfaartsuert fir déi muslimesch Bevëlkerung vu Ghana, a guddem Zoustand wär an Touriste wëllkomm heesche géif.

2002 war de Minarett vun der Larabanga-Moschee agestierzt, gouf awer restauréiert (hei archivéiert). Als Konsequenz vum Astierz gouf d’Moschee vum World Monuments Fund (WMF) 2002 op d’Lëscht vun de World Monuments Watch opgeholl.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.