Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Bäiträg stelle Resultater vu weltwäit gréisster Covid-Impfstoffsécherheetsetüd falsch duer

Faktencheck: Bäiträg stelle Resultater vu weltwäit gréisster Covid-Impfstoffsécherheetsetüd falsch duer - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Publikatioun vun der gréisster Peer-Review-Etüd iwwer d’Sécherheet vu Covid-19-Impfstoffer am Februar 2024 huet zu ierféierende Behaaptungen an de sozialen Netzwierker gefouert.

“Wëssenschaftler fanne MASSIV erhéichte Risiko fir d’Entwécklung vu méi schwéieren Erkrankungen no der Impfung”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 23. Februar 2024 mat engem Video vum Del Bigtree, dem Chef vun enger vun de beschtfinanzéierten Impfgéigner-Organisatiounen an de Vereenegte Staaten.

Am Clip beschreift hien d’Resultater vun enger Etüd, déi den 12. Februar 2024 an der Fachzäitschrëft “Vaccine” publizéiert gouf an déi d’Sécherheet vum Covid-19-Impfstoff an aacht Länner ënnersicht huet (hei archivéiert).

RTL © AFP

RTL © AFP

A franséischsproochegeBäiträg op der Plattform X, fréier Twitter, gëtt behaapt, d’Etüd hätt festgestallt, dass d’Impfstoffer “eeschthaft Gesondheetsproblemer” ausléisen, woubäi eng Rei Notzer Screenshots vun engem Artikel aus dem le Journal de Montréal gedeelt hunn (hei archivéiert).

D’Behaaptunge sinn déi neist Well vu Desinformatiounen iwwer Covid-19-Impfstoffer, déi Millioune vu Liewe gerett hunn, wéi Fuerscher schätzen.

Den Epidemiolog Anders Peter Hviid, ee vun den Auteure vun der Etüd, sot der AFP, d’Resultater hätte fréier Enquêtë confirméiert a sollten d’Mënschen net dovun ofhalen, sech weider Covid-19-Injektiounen sprëtzen ze loossen.

“Wat mir mathuelen, ass, dass d’Covid-19-Impfcampagnë bei der Verhënnerung vu schwéiere Verleef immens effektiv waren”, sot hien den 23. Februar. “Déi wéineg grav Niewewierkungen, déi mir an dëser an an aneren Etüden observéiert hunn, ware seelen.”

Häerzrisiken

De Global Vaccine Data Network huet dës Etüd, déi am Internet falsch duergestallt gouf, duerchgefouert. An dëser Etüd goufen Donnéeë vun iwwer 99 Millioune geimpfte Leit aus Australien, Kanada, Frankräich, Dänemark, Schottland, Argentinien, Finnland an Neiséiland ënnersicht.

D’Fuerscher hunn d’Zuel vun 13 onerwënschten Evenementer [Fachausdrock fir Niewewierkungen, Um. v. d. Red.] no der Covid-19-Impfung mat dem Taux vun de selwechten Erkrankungen tëscht 2015 an 2019 verglach, also virun der Pandemie. D’Auteuren hunn all Niewewierkung identifizéiert, bei där d’Optriede méi grouss wéi dat 1,5-facht vum erwaarten Taux war – en Taux, deen no enger Impfung ënner Fuerscher allgemeng observéiert gëtt. Alles, wat iwwer dësem Taux vun 1,5 léich, kéint een als “Sécherheetssignal” ugesinn, woubäi och bemierkt gouf, dass et kee “kausalen Zesummenhang” bedeite géif.

Dëst war de Fall bei Myokarditis, enger Entzündung vum Häerzmuskel, a Perikarditis, enger Entzündung vun de Membrane ronderëm d’Häerz.

Donnéeën aus Frankräich a Kanada hate schonn e méi héije Risiko fir Häerzkomplikatioune festgestallt, besonnesch fir jonk Männer, déi mRNA-Impfstoffer (Messenger-Ribonukleinsaier) kruten (hei an hei archivéiert). Awer den Hviid sot, dass dës Assoziéierunge “seelen sinn a gutt Prognosen hunn”.

Den Jeff Kwong, e weideren Auteur vun der Etüd, huet zougestëmmt a sot, dass d’Resultater vum Pabeier hien net dovun ofhalen, Impfungen ze recommandéieren.

“Wann iwwerhaapt, confirméiert dës Etüd, dass Covid-Impfstoffer immens sécher sinn”, sot hien der AFP de 27. Februar.

De Kwong, stellvertriedenden Direkter vum Centre for Vaccine-Preventable Diseases op der University of Toronto, sot och, d’Fuerschung hätt d’Fäegkeet vun den nationalen Iwwerwaachungssystemer confirméiert, seelen Niewewierkungen ze erkennen – an dass weider heefeg Risike schonn identifizéiert gi wären.

Hie sot weider, d’Patiente missten och déi gréisser Risiken am Zesummenhang mat enger Covid-19-Infektioun consideréieren.

Eng Meta-Analys vun 22 Aarbechten aus dem August 2022 (hei archivéiert) ergouf e siwemol méi héije Risiko fir Myokarditis bei Covid-19-Infizéierte wéi bei deejéinegen, déi den Impfstoff kruten.

Risiko fir Gerënnsel

Zousätzlech zu de kardiale Risike confirméiert d’Etüd d’Potenzial fir zerebral Veenenthrombosen – Bluttgerënnsel, déi verhënneren, dass Blutt aus dem Gehier offléisse kann.

Déijéineg, déi mam AstraZeneca-Impfstoff geimpft goufen, haten en dräimol méi héije Risiko wéi erwaart. Awer d’Erkrankung ass seelen: Fuerscher hu just 69 Fäll bei 99 Millioune geimpfte Persounen observéiert – 21 goufen der erwaart.

Schonn am Abrëll 2021 huet déi Europäesch Medikamenten-Agence dorop higewisen, dass Bluttgerënnsel als “immens seelen” Niewewierkung vum AstraZeneca-Impfstoff opgefouert sollte ginn (hei archivéiert).

Healt Canada huet 2021 och eng Sécherheetsiwwerpréiwung duerchgeféiert an huet den Etiquetage vun de Produkter un de Risiko fir Gerënnsel ugepasst, bitt den Impfstoff vun AstraZeneca awer weiderhi fir Persounen iwwer 18 Joer un.

Neurologesch Risiken

D’Impfstoff-Etüd huet “eng statistesch signifikant Hausse” bei de Fäll vum Guillain-Barré-Syndrom fonnt, enger Autoimmunkrankheet, déi den Nervesystem ugräift. Bannent 42 Deeg no der éischter Dosis mam AstraZeneca-Impfstoff goufen 190 Fäll observéiert, am Verglach zu 76, déi eigentlech erwaart gi waren.

D’Auteuren hunn och akut disseminéiert Enzephalomyelitis, Entzündungen a Schwellungen am Gehier a Réckemuerch déngen heibäi als “Sécherheetssignal”, identifizéiert, woubäi siwe Fäll festgestallt goufen, awer just zwee ze erwaarde waren.

Dës Resultater hunn zu der ierféierender Schlagzeil vu Russia Today geféiert: “Mënschen, déi géint Covid geimpft goufen, hunn e méi héije Risiko fir neurologesch Erkrankungen, enger Etüd no.”

De vu Russland finanzéierte Sender huet säin Artikel antëscht aktualiséiert, awer déi ierféierend Behaaptung verbreet sech weiderhin iwwer Screenshots op Facebook an aneren Internetsitten.

RTL © AFP

Den Hviid vum Statens Serum Insitut an Dänemark sot, dës Fuerschung “beweist kee kausalen Zesummenhang” tëscht neurologesche Krankheeten an Impfungen. Hien huet bäigefüügt, dass hien a seng Co-Auteuren “dëse klenge potenzielle Risiko” just opgrond vum massiven Ëmfang vun hirer Etüd fonnt hätten.

“Dës Signaler koume bei den éischten Dosisse vum AstraZeneca-Impfstoff a vum Moderna-Impfstoff vir”, sot den Hviid weider. “Mir hunn dës Signaler weeder no weideren Dosisse vun dësen zwee Covid-19-Impfstoffer nach no enger Dosis vum Pfizer/BioNTech-Impfstoff gesinn, deen dacks gebraucht gouf.”

D’Epidemiologin Katrine Wallace huet an engem Blogg-Artikel geschriwwen (hei archivéiert), dass d’Etüd wäit vun der “Bomm” ewech ass, wéi a Kreesser vun Impfgéigner behaapt, an huet op Donnéeën higewisen, déi weisen, dass déi meescht Mënschen, déi eng Covid-19-Sprëtz kruten, entweeder keng Impfreaktioune gewisen hunn, oder Reaktiounen, déi mëll an op d’Persoun selwer beschränkt waren (Féiwer, Schüttelfrost, Middegkeet a Kappwéi, asw).”

Aner Dokteren hunn der AFP ëmmer nees matgedeelt, dass, trotz e puer seelenen Niewewierkungen (hei archivéiert), den Notze vun der Covid-19-Impfung méi grouss ass wéi d’Risiken.

Méi AFP-Berichter iwwer Desinformatioun zu Vaccine fannt Dir hei.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.