Scroll Top

Faktencheck: Covid-Impfstoffer léise kee Broschtkriibs am Fréistadium aus

Faktencheck: Covid-Impfstoffer léise kee Broschtkriibs am Fréistadium aus - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den Taux vu Broschtkriibs bei Patientinnen am Alter vun 20-29 Joer sinn a Kanada an de leschten zwee Joer geklommen, wat Fuerderungen opkomme gelooss huet, nach méi Fuerschung iwwer d’Ursaachen ze bedreiwen. Et gëtt awer keng Beleeger fir Aussoen am Internet, déi dës Hausse mat de Covid-19-Impfstoffer a Verbindung bréngen.

D’Pandemie hat zwar Auswierkungen op den Zougang zu preventiven Untersuchungen, d’Donnéeë weisen awer keen Zesummenhang tëscht der Impfung an den Diagnosen.

“Mir gesi Meedercher am Teenageralter oder an hiren 20er, déi mat Broschtkriibs am véierte Stadium bei den Dokter kommen”, seet de William Makis, en Dokter vun Alberta, an engem Video, deen den 18. September 2024 op Facebook verëffentlecht gouf. Dem Makis seng Dokterzouloossung ass awer am Moment inaktiv (hei archivéiert).

De Makis, deen d’AFP scho wéinst der Verbreedung vu Feelinformatiounen iwwerpréift huet, behaapt weider, déi eenzeg Gemeinsamkeet tëscht de Patientinne wär, dass si Covid-19-Impfstoffer gesprëtzt kritt hätten.

De Clip huet sech nieft Facebook och op de Plattformen X an Instagram verbreet. Eng ëmgekéiert Billersich weist, dass d’Material aus engem Interview vum Juni 2024 mat dem Online-Radiosender TNT.news staamt (hei archivéiert) – en Netzwierk, dat scho fréier Leit mat Konspiratiounstheorië Plaz gebueden huet.

RTL © AFP

RTL © AFP

Dës Verëffentlechunge sinn déi neist an enger Rei vun ierféierende Behaaptungen iwwer d’Impfungen, déi Schätzunge vu Fuerscher no Millioune vu Mënscheliewe gerett hunn (hei archivéiert). D’AFP huet ëmmer nees Behaaptungen opgedeckt, déi Covid-19-Impfstoffer mat Kriibs a Verbindung bréngen.

“Et gëtt keng Beweiser dofir, dass Covid-19-Impfstoffer Kriibs ausléisen, dofir verantwortlech sinn, dass Kriibs zeréckkënnt oder d’Krankheet méi schlëmm gëtt”, heescht et op der Internetsäit vum US National Cancer Institute (hei archivéiert).

D’Anna Wilkinson, Allgemengmedezinnerin an Onkologin am Ottawa Hospital Cancer Centre (hei archivéiert), sot, dem Makis seng Behaaptungen iwwer d’Ursaach vu Broschtkriibsdiagnose bei jonke Patientinne wären ausserdeem onbegrënnt.

“Dat hu mir op alle Fall net sou gesinn”, sot si de 27. September 2024.

Trend, dee laang unhält

D’Wilkinson sot, d’Dokteren hätten “eng unhalend Hausse vun der Inzidenz bei Broschtkriibs bei méi jonke Fraen” observéiert, dee bis an d’Joer 1984 zeréckgéing.

Eng Etüd, un där d’Wilkinson matgeschafft huet an déi am Abrëll 2024 am “Canadian Association of Radiologists Journal” verëffentlecht gouf, huet d’Inzidenz vu Broschtkriibs a Kanada tëscht 1984 an 2019 bei Mënschen am Alter vun 20 bis 54 Joer ënnersicht (hei archivéiert).

D’Fuerscher hunn eng Hausse vu Kriibsdiagnosen an allen Altersgruppe virun der Pandemie festgestallt, woubäi de gréisste Sprong bei den 20- bis 29-Järegen ze verzeechne war.

RTL © AFP

Déi bescht Donnéeë vu “Statistics Canada”, déi disponibel sinn, weisen, dass et a kenger vun de Provënze wärend der Aféierung vum Covid-19-Impfstoff zu enger staarker Hausse vun de Kriibsdiagnose bei méi jonke Mënsche koum (hei archivéiert).

Allerdéngs gouf et bei de 25- bis 39-Järegen tëscht 2005 an 2021 eng liicht Hausse vun de Broschtkriibsfäll (hei archivéiert). En änlechen Trend war bei amerikanesche Fraen an hiren 20er tëscht 2012 an 2021 ze observéieren (hei archivéiert).

D’Wilkinson huet net de Covid-19-Impfstoffer d’Schold ginn, mee sot, dass d’Fuerscher nach ëmmer no der Ursaach fir d’Hausse sichen.

“Et ass immens schwiereg, an esou Situatiounen Ursaach a Wierkung nozeweisen”, sot si.

D’medezinnesch Onkologin Vera Giri (hei archivéiert) sot an engem Artikel vun der “Yale Medicine” vum August 2024 (hei archivéiert), dass den Trend nach weider erfuerscht gi misst.

Zu de bekannte Risike fir Broschtkriibs gehéieren den Angabe vun der American Cancer Society Alkoholkonsum an Iwwergewiicht (hei archivéiert).

Auswierkunge vun der Pandemie op de Screening

Wärend d’Dokteren wärend der Pandemie vill manner preventiv Kriibsuntersuchungen duerchgeféiert hunn, hätten, wéi d’Dr. Wilkinson sot, d’Retarde virun allem eeler Patientinne betraff, déi ugehale sinn, ab engem Alter vu 40 bis 50 Joer an d’Mammografie ze goen (hei archivéiert).

Déi wéineg Fäll vu Broschtkriibs bei méi jonke Mënsche sinn an der Reegel scho méi wäit fortgeschratt a gi mat enger anerer Method wéi der Mammografie entdeckt, bei där d’Symptomer méi fréi erkannt kënne ginn.

D’Covid-19-Impfstoffer kënnen d’Resultater vun der Mammografie beaflossen, allerdéngs just, wann den Test kuerz no der Impfung duerchgeféiert gëtt (hei archivéiert).

“Wann eng Mammografie ze kuerz no der Impfung duerchgeféiert gëtt, kann et sinn, dass vergréissert Lymphkniet ze gesi sinn, déi eigentlech just eng Reaktioun op den Impfstoff sinn an net op Kriibs hindeiten”, sot d’Wilkinson.

Weider AFP-Artikelen iwwer Feelinformatiounen am Gesondheetsberäich sinn hei ze fannen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.