Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De Boris Johnson weist op dëser Foto net den Hitlergruß

Faktencheck: De Boris Johnson weist op dëser Foto net den Hitlergruß - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Internet ass e Bild am Ëmlaf, dat angeeblech de Boris Johnson weist, wéi hien nieft dräi Ukrainer den Aarm fir den Hitlergruß hieft. D’Foto ass awer gefälscht.

“De Boris Johnson huet sech bei sengem Besuch zu Lemberg als richtege Westukrainer gewisen” heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 11. September 2023. Op enger Foto ass den eemolege brittesche Premierminister nieft dräi anere Persounen ze gesinn. Hie weist angeeblech den Hitlergruß.

RTL © AFP

Falschbehaaptungen, déi de vu Moskau gesteierten Narrativ verbreeden, déi ukrainesch Féierung als “Nazien” duerzestellen, gëtt zënter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain am Internet verbreet. D’AFP huet schonn eng Rei Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain zesummegestallt.

An der Vergaangenheet huet d’AFP ausserdeem scho manipuléiert Biller am Zesummenhang mam Boris Johnson op hir Richtegkeet iwwerpréift (z.B. hei). Och d’Foto, déi aktuell gedeelt gëtt, ass beaarbecht, wéi eng ëmgekéiert Billersich ergouf.

Den ukrainesche Fernseesender 24 Kanal huet d’Originalfoto den 9. September 2023 verëffentlecht (hei an hei archivéiert). D’Bild weist de Boris Johnson mat verschränkten Äerm wärend enger Zeremonie, wou hien den Éierendoktertitel vun der Nationaler Iwan-Franko-Universitéit zu Lwiw, enger Stad am Weste vun der Ukrain un der Grenz zu Polen, iwwerreecht krut.

RTL © AFP

De Boris Johnson selwer huet nach weider Fotoe vum Event op sengem Kont op der Plattform X verëffentlecht.

E Waasserzeechen op der verännerter Versioun vun der Foto weist, dass se vu “Smak” staamt, engem ukraineschsproochege Kont, deen d’Bild den 10. September 2023 gepost hat (hei an hei archivéiert).

Déi manipuléiert Foto gouf ënner anerem vum eemolege Kandidat vun der brittescher Brexit-Partei Jim Ferguson op der Plattform X gedeelt, spéider awer nees geläscht. An enger Äntwert op dem Ferguson säi Bäitrag huet de Kont “Smak” zouginn, d’Originalbild vum Johnson manipuléiert ze hunn. “Ech hunn dës Foto mat Photoshop gemaach”, steet do.

E Livestream vum Event op YouTube weist, dass den Johnson kee sou e Gest mécht (hei archivéiert).

E Spriecher vum Johnson huet géintiwwer der AFP ausserdeem confirméiert, dass de Politiker de “Gruß”, deen online ze gesinn ass, net gemaach hätt. “Natierlech huet hie kee sou e Gest gemaach”, huet de Ross Kempsell an enger WhatsApp-Noriicht vum 14. September 2023 geschriwwen. “Et handelt sech ëm e gefälscht Bild.”

Fazit: Am Internet mécht e Bild den Tour, dat angeeblech de Boris Johnson weist, wéi hien den Hitlergruß weist. D’Foto ass awer gefälscht. Op der Originalfoto huet den eemolege brittesche Premierminister béid Hänn op der Säit hänken.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.