
Mam Robert F. Kennedy Jr. huet den amerikanesche President Donald Trump e laangjäregen Impfkritiker als Gesondheetsminister agesat. Scho virun e puer Joer, laang viru senger Ernennung op den aktuelle Posten, war am Internet d’Falschbehaaptung kurséiert, de Kennedy Jr. hätt virum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA géint Pharmaentreprisë geklot a gewonnen – de Geriichtshaff hätt Covid-19-Vaccinen an dësem Zesummenhang als “keng Impfstoffer” bezeechent.
Dës Behaaptung ass zënter Abrëll 2025 nees am Ëmlaf. Den amerikanesche Ieweschte Geriichtshaff huet awer ni esou en Urteel gesprach. Covid-19-Vaccine sinn tatsächlech Impfstoffer a gëllen no aktueller Studielag als sécher an effikass.
“Groussaartegt an innovatiivt Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA: Covid-Impfstoffer si KENG Impfstoffer”, war den Ufank vun engem laangen Telegram-Post vum 30. Abrëll 2025. Weider housch et: “De Robert F. Kennedy Jr. huet säi Prozess géint all d’Pharma-Lobbyiste gewonnen.” Ausserdeem hätt den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA a senger Entscheedung matgedeelt, “dass d’Schied duerch Covid mRNA-Geentherapië UNREPARABL” wären. D’Behaaptung gëtt mat grousser Reechwäit och a Facebook-Bäiträg gedeelt souwéi an anere Sprooche wéi Kroatesch, Hollännesch, Tschechesch an Ungaresch.
© AFP
D’Behaaptungen an dësem Bäitrag – déi sou formuléiert si wéi déijéineg, déi scho virun e puer Joren am Ëmlaf waren – sinn awer falsch.
De Robert F. Kennedy Jr. ass amerikanesche Gesondheetsminister an der zweeter Amtszäit vum President Donald Trump. Den Neveu vum fréieren US-President John F. Kennedy ass ëmstridden, well hien impfkritesch Positioune vertrëtt an ëmmer nees Falschinformatiounen iwwer Impfunge souwéi iwwer aner Gesondheetssujete verbreet huet. Sou huet hien ënner anerem eng Verbindung tëscht Impfungen an Autismus hiergestallt, déi awer widderluecht ass. Viru sengem Amtsuntrëtt als Gesondheetsminister war de Kennedy President vun der impfkritescher Organisatioun “Children’s Health Defense”, där hire Grënner hien och ass.
Wéinst engem graven Ausbroch vu Riedelen am Mäerz 2025 an den USA mat enger Rëtsch Doudesfäll hat sech den Impfskeptiker Kennedy op eemol ëffentlech positiv iwwer Impfunge geäussert an hat de Kombinatiounsimpfstoff géint Mumps-Riedelen-Riselen recommandéiert, fir de Virus anzedämmen.
Al Behaaptunge sinn nees kurséiert
Schonn am spéide Summer 2022 waren dës Behaaptungen a verschiddene Sproochen, dorënner Finnesch, Englesch a Spuenesch, kurséiert. D’Behaaptungen hunn deejéinege geglach, déi am Abrëll 2025 verbreet goufen. Angeeblech hätt den Ieweschte Geriichtshaff confirméiert, “dass déi duerch Covid-mRNA-Geentherapien ausgeléist Schied irreparabel sinn”, stoung an der Iwwerschrëft vun engem Bloggartikel vum 24. August 2022. “De Robert F. Kennedy Jr. huet de Prozess géint all d’Pharmalobbyiste gewonnen”, housch et weider. D’AFP hat dës Behaaptunge schonn 2022 widderluecht.
Esou e Geriichtsurteel gouf et net
D’Entscheedunge vum amerikanesche Supreme Court kënnen ëffentlech op senger Internetsäit consultéiert ginn. Zënter dem Ufank vun der Coronapandemie am Joer 2020 an der éischter Noutfallzouloossung vum Covid-19-Vaccin vun de Pharmaentreprisë BioNTech/Pfizer an den USA am Dezember 2020 war de Kennedy just un engem Prozess bedeelegt. Dëst Urteel vum 29. Abrëll 2025 huet awer eng Klo vu Spideeler a Bezuch op Paiementer fir akommesschwaach an net verséchert Patientinnen a Patiente betraff. D’Begrëffer “Covid”, “Corona” a “Vaccine” kommen an der Urteelsbegrënnung net vir.
Den amerikanesche Gesondheetsministère huet d’Falschmeldung iwwer dat angeeblecht Geriichtsurteel de 7. Mee 2025 op AFP-Ufro dementéiert. “Dës Behaaptunge sinn net zoutreffend”, huet eng Spriecherin a Bezuch op dat angeeblecht Urteel matgedeelt. An engem AFP-Faktencheck aus dem Joer 2022, wéi d’Behaaptung schonn eng Kéier kurséiert war an de Kennedy nach President vun Children’s Health Defense war hat e Spriecher vun der Organisatioun schonn erkläert, d’Behaaptung wär “onwouer”.
mRNA-Impfstoffer erfëllen Definitioun vun engem Impfstoff
Nieft der Falschinformatioun iwwer dat angeeblecht gefällt Geriichtsurteel ass d’Behaaptung, déi am Internet ëmgeet, och inhaltlech net zoutreffend. mRNA-Impfstoffer sinn, anescht wéi behaapt, Impfstoffer. D’Definitioun vun Impfstoffer ass an Däitschland am Medikamentegesetz festgeschriwwen. Deemno si se Medikamenter, “déi dozou bestëmmt sinn, beim Mënsch benotzt ze ginn, fir spezifesch Ofwier- a Schutzstoffer auszeléisen”.
D’Ulrike Protzer, Professesch fir Virologie op der Technischen Universität München a Fuerscherin um Deutschen Zentrum für Infektionsforschung, huet op AFP-Ufro de 7. Mee 2025 erkläert, wéi Impfstoffer funktionéieren. “E Vaccin aktivéiert eng Immunreaktioun, déi geziilt géint e Krankheetserreeger geriicht ass”, huet d’Protzer geschriwwen. “D’Immunreaktioun soll d’Andrénge vu Krankheetserreeger an de Kierper an doraus resultéierend Krankheetsbiller verhënneren.” Dës Funktioun hunn och mRNA-Vaccinen erfëllt.
De Paul-Ehrlich-Institut (PEI) – d’federaalt Institut fir Vaccinen a biomedezinnesch Medikamenter – huet dat op AFP-Ufro den 8. Mee 2025 confirméiert: “Och mRNA-Impfstoffer déngen ausschliisslech der Vorbeugung oder der Behandlung vun Infektiounskrankheeten.” Ausserdeem hätte se “keng ierfguttverännerend Wierkung”.
Geentherapien an mRNA-Impfunge funktionéieren ënnerschiddlech
Doriwwer eraus goufen mRNA-Impfstoffer an de gedeelte Bäiträg fälschlecherweis als “Geentherapië” bezeechent. De PEI huet erkläert: “Geentherapeutika veränneren d’Ierfinformatiounen, fir geneetesch bedéngt Krankheeten ze behandelen oder dës virzebeugen.” Dat géif op mRNA-Vaccinen net zoutreffen. “Déi sougenannt ‘Boten-RNA’ (messenger RNA), déi an mRNA-Vaccinen dran ass, verännert dat mënschlecht Ierfgutt dogéint no alle virleienden Erkenntnesser net.” D’mRNA, déi an de Vaccinen dran ass, kéint net an den Zentrum vum Zellkär, wou d’Ierfgutt an d’DNA leien, andréngen.
Bei enger Geentherapie “gëtt ee strikt dorop uecht, dass keng Immunreaktioun induzéiert gëtt, well d’Therapie dann net vun Dauer wär”, sot d’Protzer weider. Domat géifen mRNA-Vaccinen de geneeë Géigendeel vun enger Geentherapie erfëllen: “Am Géigesaz zu enger Geentherapie si se dorop ausgeriicht, geziilt eng Immunreaktioun auszeléisen.”
De Marcus Altfeld, wëssenschaftlechen Direkter vum Leibniz-Institut fir Virologie a Chef vum Departement “Virusimmunologie”, huet den 8. Mee 2025 a senger Äntwert un d’AFP geschriwwen: “Dës mRNA-Vaccine veränneren net human Geenen, wat d’Zil vun enger Geentherapie wär.”
Laangzäitniewewierkunge si seelen
Um Enn housch et an de gedeelte Bäiträg, d’Schied, déi mRNA-Impfstoffer ausléise géifen, wären irreparabel. De PEI huet dës Behaaptung op AFP-Ufro als “falsch” bezeechent an huet erkläert: “D’ganz ëmfangräich Datebasis, déi duerch klinesch Prüfunge mat méi wéi Zéngdausend Participantë souwéi duerch eng aussergewéinlech grouss Unzuel vun Impfunge mat den am Europäesche Wirtschaftsraum zougeloosse COVID-19-Impfstoffer virläit, weist, dass d’Impfstoffer sécher, effikass an insgesamt gutt ze verdroe sinn.”
D’Protzer huet erkläert, dass et “a ganz seelene Fäll” unhalend Beschwerden no enger Impfung mat mRNA-Impfstoff komme kéint. “Dat ass awer kee Schued, deen duerch en mRNA-Impfstoff direkt ausgeléist gëtt, mee typescherweis duerch eng iwwerschéissend Immunreaktioun oder Entzündungsreaktioun.”
D’Niewewierkunge vun de Covid-19-Vaccine gi vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA) op hirer Internetsäit opgelëscht. Stand Dezember 2023 waren deemno ronn eng Milliard Impfdosisse géint Covid-19 am Europäesche Wirtschaftsraum gesprëtzt ginn. Ronn 12.000 Doudesfäll wären der EMA gemellt ginn, wat “ongeféier 0,001 gemellten Doudesfäll pro 100 gesprëtzten Impfdosissen” entsprieche géif. Zwou schwéier Niewewierkunge sinn d’Häerzmuskel- an d’Herzbeutelentzündung. Och si sinn awer mat manner wéi engem Fall pro 10.000 geimpfte Persoune seelen. An Däitschland hunn d’Autoritéiten der “Frankfurter Allgemeine” no bis Abrëll 2025 an op d’mannst 573 Fäll an Däitschland Schied no enger Impfung géint Covid-19 unerkannt.
Weider Faktenchecken iwwer Impfungen a Covid-19 sammelt d’AFP op hirer Internetsäit.
Fazit: Den amerikanesche Supreme Court huet net iwwer eng Klo vum amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. betreffend Covid-19-Impfunge geurteelt. Esou e Prozess gëtt et an der offizieller Datebank vum Geriichtshaff net. D’Behaaptung war scho virun e puer Joren am Ëmlaf a gouf och deemools fir onsënneg befonnt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.