De gewielten US-President Donald Trump huet ugekënnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fréieren Affekot fir Ëmweltrecht ouni wëssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.
Impfstoffer, déi angeeblech Autismus ausléisen, oder eng angeeblech Verbindung tëscht Massemorden an Antidepressiva: Hei kritt Dir en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst falsch oder onbegrënnt Behaaptungen, déi de Robert F. Kennedy Jr. zënter Joren a besonnesch zënter der Covid-19-Kris verbreet huet an nach ëmmer verbreet.
- Covid-19, e Virus, deen Ethnien an d’Viséier hëlt?
An engem Video, deen am Juli 2023 vun der “New York Post” publizéiert gi war (Link hei archivéiert), huet de Robert F. Kennedy Jr. (RFK Jr.) behaapt, dass Covid-19 e Virus wär, fir “kaukasesch a schwaarz Mënschen” ze schiedegen, wärend “aschkenasesch Judden a Chineese” verschount bleiwen. Eng Behaaptung, déi all wëssenschaftlecher Grondlag widdersprécht.
De Robert Kennedy huet seng Anti-Vaccin-Organisatioun “Children’s Health Defense” (CDH) – aus där hie sech am Abrëll 2023 temporär zeréckgezunn hat, fir sech op seng Kandidatur fir d’US-Presidentschaft ze konzentréieren – wärend der Gesondheetskris genotzt, fir falsch Informatiounen iwwer Covid-19 an déi domat verbonnen Impfstoffer ze verbreeden.
D’CDH gouf vum Center for Countering Digital Hate – enger ONG, déi géint Online-Desinformatioun kämpft – souguer als eng vun den zwielef gréisste Verbreeder vun Desinformatioun wärend der Pandemie bezeechent.
Der investigativer Internetsäit “ProPublica” no huet d’Organisatioun duerch hir wärend der Covid-19-Kris gedeelte Falschbehaaptunge Spenden a Milliounenhéicht ageholl: ongeféier 46 Milliounen Dollar tëscht 2020 an 2022. Dat ass bal dat Zéngfacht vun hire Recetten an den dräi Joer virun der Pandemie, wéi an dësem AFP-Artikel beschriwwe gouf.
Experten no gouf dëst Geld dofir benotzt, den Afloss vun der Organisatioun op juristeschem Gebitt ze stäerken a géint déi verschidde Gesondheetsmesuren an den USA virzegoen.
Am Juni 2020 hat d’CDH beispillsweis e Bild op Facebook verbreet, dat e Fötus in utero gewisen huet, mam engleschen Text: “Op d’mannst zwee vun de wichtegsten Impfstoffer géint Covid enthale Geweebe vu Fötussen. Fannt eraus, wat dat fir Är Gesondheet bedeit.”
Eng Falschmeldung, déi bannent e puer Wochen e puer dausend Mol gedeelt gouf – d’AFP hat dës deemools iwwerpréift.
Ënner hirem Lead huet d’ONG och fälschlecherweis behaapt, dass Impfstoffer géint Covid-19 héich Stierflechkeetstauxe bei Puppelcher ausléisen an onfruchtbar maache géifen.
Dës Theorien, déi vun der AFP e puermol widderluecht goufen, hu bei engem Deel vun der Bevëlkerung eng allgemeng Ofneigung géint Impfungen ausgeléist an et Krankheete wéi de Riedelen erméiglecht, sech nees auszebreeden.
Am August 2022 goufen d’Konte vun der CDH op Facebook an Instagram zougemaach, well se ëmmer nees géint d’Richtlinne vun de Plattforme verstouss haten. Schonn am Februar 2021 gouf de perséinlechen Instagram-Kont vum RFK vun der Plattform gespaart, “well en ëmmer nees falsch Behaaptungen iwwer de Coronavirus oder Impfunge gedeelt huet”, war deemools d’Erklärung vum Sozialen Netzwierk an engem Pressecommuniqué.
- Autismus, eng Niewewierkung vun Impfungen?
“Ech mengen, dass Autismus duerch Impfungen ausgeléist gëtt”, sot de Robert F. Kennedy Jr. an engem Interview mat “Fox News” am Juli 2023 (Link hei archivéiert). Eng Behaaptung, déi vun der wëssenschaftlecher Communautéit längst widderluecht gouf.
An de leschten zwee Joerzéngten huet d’Mësstraue géintiwwer engem bestëmmten Impfstoff, dem MMR-Impfstoff (op franséisch ROR) – MMR/ROR steet fir Riedelen-Mumps-Riselen -, zougeholl a stäipt sech dobäi virun allem op eng Etüd vun 1998 aus der medezinescher Fachzäitschrëft “The Lancet”, déi en Zesummenhang tëscht MMR-Impfungen an Autismus suggeréiert.
D’Etüd huet sech awer als “Trick” vun hiren Auteur Andrew Wakefield erausgestallt, wéi an dësem Artikel vun der AFP ausféierlech beschriwwe gëtt. Weeder den offiziellen Dementi vun der Zäitschrëft, nach de Retrait vum Artikel, nach déi spéider Aarbechten, déi d’Feele vun engem Zesummenhang beleeën, konnten d’Ängscht géintiwwer dësem Kombinatiounsimpfstoff huelen.
Eng dänesch Etüd huet souguer gewisen (Link hei archivéiert), dass ongeimpft Kanner en e bësse méi héije Risiko hunn, Autismus ze kréien, wéi geimpft, wéi d’AFP hei erkläert huet.
Och d’amerikanesch Zentere fir Krankheetskontrollen a -preventioun (CDC) soen, dass Impfunge keen Autismus ausléisen (Link hei archivéiert).
Den RFK Jr. goung 2015 bei enger Filmpresentatioun a Kalifornien souguer sou wäit, d’Wuert “Holocaust” am Zesummenhang mat Impfungen ze benotzen: “Si loosse sech impfen, de selwechten Owend hu si honnertdräi Féiwer [103 Grad Fahrenheit, dat entsprécht ongeféier 39,4 Grad Celsius, Um. v. d. Red.]. Si schlofen an, an dräi Méint méi spéit ass hiert Gehier verschwonnen. Et ass en Holocaust, wat dat mat eisem Land mécht”, sou gëtt hie vun der Zeitung Sacramento Bee zitéiert.
- Si Chemikalien Ausléiser fir Stéierunge vun der Geschlechtsidentitéit?
De warscheinlech nächsten amerikanesche Gesondheetsminister huet ëmmer nees behaapt, dass Chemikalien an der Ëmwelt Kanner zu Homosexuellen oder Transgendere maache kéinten. Och dës Theorie entbiert all wëssenschaftlecher Grondlag.
An engem Interview am Mee 2023 mam Jordan Peterson, engem konservative kanadesche Psycholog – deem säi YouTube-Video iwwer Impfstoffer wéinst Verstouss géint d’Desinformatiounspolitik geläscht gouf – huet den RFK Jr. behaapt: “E Groussdeel vun de Problemer, déi mir bei Kanner, besonnesch bei Jongen, observéieren, gëtt warscheinlech ënnerschat [a wär op] d’Expositioun mat Chemikalien zeréckzeféieren, […], dozou gehéiert och d’sexuell Dysphorie, déi mir observéieren.”
“Ech géif just gär eng Fro zu dësen aneren endokrine Perturbateure stellen, well eis Kanner elo, wësst Der, mir gesinn dës Auswierkungen, vun deenen d’Leit vermudden, dass si sech staark vun deenen aus der Vergaangenheet ënnerscheeden, wat d’Geschlechtsidentifikatioun bei Kanner an d’sexuell Verwirrung betrëfft, dës Geschlechterverwirrung betrëfft”, sot hien am Juni a sengem Podcast, wéi CNN erkläert huet.
A sengen Ausféierunge bezitt sech den RFK Jr. op Fuerschungen iwwer den Herbizid Atrazin, deen e puer männlech Fräsch a Weibercher mutéiere loosse kéint (Link hei archivéiert). Et gëtt awer keng Hiweiser dorop, dass endokrin Perturbateure beim Mënsch déi selwecht Effekter ervirruffe géifen.
Dës Spekulatioun gouf virun allem bekannt, nodeem se vum Alex Jones gedeelt gouf, engem vun de bekanntste Konspiratiounstheoretiker an den USA, deem säi Werdegang vun der AFP an dësem Artikel zesummegefaasst gouf (Link hei archivéiert).
- Erhéijen Antidepressiva d’Zuel vu Massemorden?
Dem Neveu vum ermuerten amerikanesche President John F. Kennedy no kéinten d’Massemorden a Schoulen opgrond vum erhéichte Konsum vun Antidepressiva a Videospiller bei Jugendlechen zougeholl hunn.
“Kanner hate schonn ëmmer Zougang zu Waffen, an et gouf ni eng Zäit an der amerikanescher Geschicht oder an der Geschicht vun der Mënschheet, an där Kanner a Schoule gaange sinn an hir Matschüler erschoss hunn”, sot hien an enger Podcast-Episod vum Komiker “Club Random With Bill Maher”. “Dat ass zur selwechter Zäit geschitt wéi d’Aféierung vun dëse Medikamenter, Prozac an anerer.”
Am Januar huet hien an engem Interview mam ëffentlechen tierkesche Fernseesender “TRT World” (Link hei archivéiert) federal Wëssenschaftler opgefuerdert, dës Schéissereien ze ënnersichen, fir “ze kucken, ob et Verbindungen zu bestëmmten Antidepressiva a psychiatresche Medikamenter gëtt, déi d’Leit huelen, ob et Verbindungen zu Videospiller gëtt”.
Obwuel souwuel de Konsum vun Antidepressiva wéi och Massemorden an de leschte Joerzéngten zougeholl hunn, gëtt et keng glafwierdeg Etüd, déi béid mateneen a Verbindung bréngt, wéi an dësem Faktencheck vu “USA Today” erkläert gëtt (Link hei archivéiert).
Enger Etüd vun der Columbia University no huet just e klenge Prozentsaz – ongeféier 5 % – vun den Täter un enger schwéierer psychescher Erkrankung gelidden (Link hei archivéiert).
Enger anerer Etüd aus dem Joer 2019 no (Link hei archivéiert) goufen de meeschten Amokleefer vu Schoulschéissereie virun der Dot keng Psychotrope verschriwwen. A souguer wa se dës konsuméiert hätten, “gouf keen direkten oder kausalen Zesummenhang fonnt”, schreiwen d’Auteuren.
- Ass den HI-Virus net responsabel fir AIDS?
De Robert F. Kennedy Jr. huet ëmmer nees ugedeit, dass den HI-Virus (Human Immunodeficiency Virus) net d’Ursaach vun AIDS (Acquired Immune Deficiency Syndrome) ass – an ass domat nees eng Kéier géint all geséchert wëssenschaftlech Erkenntnisser gaangen.
“Si hu falsch an onéierlech Etüden duerchgefouert, fir en Heelmëttel ze entwéckelen, dat Mënschen ëmbréngt, ouni wierklech ze verstoen, wat HIV ass, a si maachen engem permanent Angscht virun HIV, ouni wierklech ze wëssen, ob et AIDS ausléist”, sot hien Aussoen no, déi vum “New York Magazine” am Juni 2023 rapportéiert goufen (Link hei archivéiert).
Déi éischt Fäll vun AIDS goufen 1980 observéiert, an de Virus, deen d’Krankheet ausléist, den HI-Virus, gouf 1983 isoléiert.
An de leschte 40 Joer si weltwäit iwwer 40 Millioune Mënschen un AIDS gestuerwen.
Joerzéngten, an deene falsch Informatiounen an d’Ofstreide vun der Pandemie selwer ni opgehalen hunn, d’Preventioun ze beanträchtegen, hir therapeutesch Behandlung ze verzögeren oder souguer a Gefor ze bréngen an zur Diskriminéierung vun HIV-positive Mënsche bäizedroen. D’AFP huet all dës Desinformatiounen an dësem Artikel zesummegefaasst (Link hei archivéiert).
- Nach weider Opfällegkeeten:
Den RFK Jr. huet ausserdeem erkläert, dass WLAN Kriibs a “Gehierfuitten” ausléise géif, dass Fluor am Drénkwaasser an den USA gesondheetsschiedlech wär oder dass den Impfstoff géint Covid-19 den “déidlechsten Impfstoff, dee jee hiergestallt gouf”, wär.
Am Joer 2021 huet hien iwwregens e Buch publizéiert, an deem hien den Anthony Fauci, de fréieren Direkter vum Nationalen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten bei den amerikaneschen National Insitutes of Health (NIH), beschëllegt huet, mam Bill Gates a Medikamentenhiersteller konspiréiert ze hunn, fir d’Covid-Impfstoffer ze vermaarten.
Trotz sengen impffeindleche Positioune betount de Robert F. Kennedy Jr. ëmmer nees, dass hien net d’Absicht huet, géint Impfunge virzegoen.
“Ech wäert kengem d’Impfstoffer ewechhuelen”, huet hien e puermol an Interviewe behaapt a bäigefüügt, dass hien dofir suerge géif, dass “d’Amerikaner gutt informéiert” wären iwwer dëse Sujet.
Seng Ernennung muss awer nach vum Senat confirméiert ginn, deen, wéi an dësem Artikel erkläert, eng republikanesch Majoritéit wäert hunn.
© AFP
Den RFK Jr. war fir d’éischt onofhängege Kandidat, huet sech awer am August zu Gonschte vum Donald Trump aus der Course ëm d’Wäisst Haus zeréckgezunn. Elo si si Alliéierter a maachen zesumme Reklamm fir eng nei Beweegung mam Numm MAHA, “Make America Healthy Again“. E Slogan, deen dem berüümte MAGA (“Make America Great Again”) vum Republikaner noempfonnt ass.
Wärend dem Walkampf huet hien e puer erstaunlech Aussoe gemaach, wéi zum Beispill, dass hien de Kadaver vun engem Äisbier am Central Park zeréckgelooss hätt, obwuel hien ursprénglech geplangt hat, dem Bier d’Haut ofzezéien, fir doraus Fleesch ze maachen.
D’amerikanesch Autoritéit fir d’Observatioun vun den Ozeanen an der Atmosphär huet angeeblech eng Enquête géint de Robert F. Kennedy Jr. ageleet, nodeem seng Duechter Kathleen 2012 dem Magasinn “Town and Country” sot, dass hire Papp virun 20 Joer en doudege Wal mat enger Kettesee gekäppt hätt, fir e mat heem ze huelen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.